Di drëtt mat deem däischtere Séi am Schnéi, deene plastesche Wolleken an dem wäide Bléck ass immens! D'Spure vum Wanderer entdeckt ee fir d'éischt, da fënnt een de Mann selwer eréischt, dat ass och nach zousätzlech spannend am Bild. Gefält mir exzellent!
Bei däer 3 sinn ech mer bis lo nach net sécher op se mer wierklech soll gefalen... Ech fannen d'Spiggelung an den Kontrast am Séi zimlech gäil, mee iergendwéi feelt mer awer nach eppes dran. Witzeg dann hei 3x déi awer bei den Favoriten ze gesinn...
nice! flott Serie. mir gefält déi 2. am beschten, erënnert mech besi un den film into the mind. déi 3. ass och super mam däischteren Himmel an Séi, den "verstoppten" Personnage ass besi en witzegt Element à la where's wally.
2 ass och mäin Favorit mengen ech, och wann déi éischt och héich am Kurs steet bei mir. Mat Into the Mind gëtt een dach gäer verglach, deen huet puer extrem gäil Biller!