Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Bussard Nr.233

 
All Fotoen an dëser Serie:
40452 Thumbnail
40453 Thumbnail
40454 Thumbnail
40455 Thumbnail
Bussard Nr.233
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.04.2014
  • Gekuckt:
    30592
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    19
  • Originaldatum:
    19-04-2014
  • Fotoapparat:
    Eos 70D
  • Objektiv:
    Tamron SP 150-600mm
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
2. Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=78054]
Kommentar vum Fotograf:
Wei ech den Moien dem JCS seng Foto vum Greif gesin hun , wollt ech mol hei meng Fotoen dei ech den Samsden zu Lëntgen ennert optimalen Bedingungen hannert mengem Haus gemeet hun eropsetzen fir Differenz zwechent engem L Canon Objektiv an engem Tamron ze weisen.
Den Bokeh an Detailer vun deenen 2 Objektiver, dat sin Welten :-(
Wann net den 10-fachen Preis-Ennerscheed wär ging ech mein Objektiv ...
BigVood 24.04.2014 - 13:24
smile

Schéi Biller sinn awer mat dem Material erauskomm. Bravo!

Kennen dat, hunn och emmer neidesch op aneren hier Biller mat deene "Grousse Wäisse" gekuckt.
Wéi mäin 70-300, ouni "L", no e puer Joer Hirschfotografie ausgeréizt war, hunn ech 1 Joer mat engem Stärenteleskop (SkyWatcher 80ED) "hantéiert": Blend 7.1, manuell schaarf stellen, manuelle Wäissausgläich. Trotz stabilem Stativ an deckem Kugelkapp, eng wackeleg, schwéier an onhandlech Saach.
Schluessendlech gouf et dunn och eng "Grouss wäiss Tut". Et sinn ganz vill Suen fir "Just for Fun", awer d´Resultater verglach mam 70-300 spillen an enger total anerer Liga. Mir deet de Kaf net leed.

De Wiessel vum APS-C op Vollformat war e weidert "Aha-Erliewniss": deet mir leet, datt ech dee net schonns éischter vollzunn hunn. Ech maache lo nach Biller, wann ech virun 1 Joer den Apparat schonns längst am Rucksak um Bockel transportéiert hunn.

Weiderhinn vill Spaass a flott Biller wenschen ech dir mat dengem Material!
Jean-Marie 24.04.2014 - 15:27
Merci Laurent, den JC hat mir gesoot dass du sou zefridden bass mam 6D an dén schwieft mir och e bessen am Kapp ronderem mee dei grouss Weiss dei stin leider net zur Diskussioun bei mir smile
Ech hun och elo en Tip kritt dass ech Fotoen eventuell an der Nobearbechtung net richteg ausreitzen, dat ass jiddefalls mol eng interessant Spur.
BigVood 24.04.2014 - 17:49
De w.d.p. am Dforum ass total begeeschtert vum 150-600. Hien huet iwwregens all déi "grouss Wäiss" vu Canon.
Mengen och, datt an der BA nach vill méiglech ass. Ech weess net, wéi fit du AM LightRoom bass, awer dem w.d.p. seng Resultat gesinn richteg lecker aus.

http://www.dforum.net/showthread.php?t=642667


Falls du interesséiert bass, fir mam SkyWatcher mol ze probéieren, da mell dech bei mir (bass jo vu Lentgen?). Virun allem Vigel ginn mat der Kombinatioun vill fotograféiert. Bei den Hirsch war et zimlech ëmständlech, de ganze Buttek op Plaz ze schleefen an duerno, wann d'Déieren sech beweegt hunn, nozeféieren a rëm schaarfzestellen. Bei Vigel, virun allem och nach ugelackelt, ass de Problem net sou schlëmm. Den JCS hat den SkyWatcher och eng Zäitchen ausprobéiert. d'Resultat si super schaarf. Wéi gesot, just alles manuell anzestellen.

http://www.photo80ed.com/
Jean-Marie 25.04.2014 - 11:58
Merci Laurent, ech kommen bei Gelenheet ob dein Angebot zereck smile
Ech sin elo schnell iwert den Artikel geflunn.
Deen ass tiptop an deckt sech mat deem wat ech sou als Impressioun hun.
Ennert dem Strech ass et sou dass den Tamron mei Ausschoss an manner Qualiteit huet wei den 600ter vun Canon, wat jo awer absolut normal ass smile
TT 24.04.2014 - 13:40
Interessant Kommentaren. Ech fannen awer dass de e Super Resultat hues mat dengem Tamron.Déin 3. Bild huet dach eng wonnerschéin Schärft an den Aen. Mussen net emer Ferrarien sin fir unzekommen.
Mach esou weider, den Fotoen gefaale mer ganz gudd. TT
Jean-Marie 24.04.2014 - 15:22
Merci Tony, et muss een bedenken dass een enner normalen Emstänn nie esou no (zirka 5m) un en Bussard erun kent, ech hat enorm Chance an hat mir e bessen mei erwart mee fleit sin ech och ze streng smile
Marianne 24.04.2014 - 17:44
super!
Jean-Marie 25.04.2014 - 11:56
Messi messi
theom 24.04.2014 - 20:04
3 an 4 sin Top . Get vill vun dem Objektiv geschriwen,warden d'op vir Nikon Version zetesten.
Jean-Marie 25.04.2014 - 11:56
Merci Theom, dei waren jo wei ech geschriwen hun, enner anormal gudden Konditiounen (scheint Licht an zirka 5m) entstanen.
icylady 24.04.2014 - 20:26
ganz flott den 3 an den 4 smile
hun och déi lescht 2 Wochen vill doremmer geliest iwert deen Objektiv, well mer den 70-300 awer net genuch ass.
Vill Chance haats de wann deen Bussard sou no koum, well daat ass jo net den Normalfall. War bestemmt een interessant Erliefnis.
Jean-Marie 25.04.2014 - 11:53
Merci Romy
Ech hat virdrun meng Vullenfotoen och mat engem 70-300 gemeet , mee zenter ech den Tamron hun kent deen quasi net mei zum Asatz.
600 ass awer eng aner Welt smile
Stell dech awer drop an, dass dat, sou wei ech uewen geschriwen hun, wesentlech mei kriddelech ass.
ornitho 24.04.2014 - 23:24
Super sin deng Resultater mam neiem Tamron gin ! Kloer ass do en Enersched, zumols wann en en Zoom mat enger Festbrennweit vergleicht closed_eye
Hun en 600er vun Canon an hat ma den als "mei kompakt Versioun" zougeleut, an muss soen dass Ech zefridden mat de Resultater sen, den Stabi heleft an Fonktioneiert och immens gud, Lens ass och am fokuseieren seier, just ab 500 mm get se en Tick mei leus... Dei anner Sach ass dei, komvertern schengen net drop ze goen, also opjiderfall de Canon 1,4 ass net gangen, op elo en Kenko oder Sigma Konverter drop geht mist mol nach getestet gin wan en mol sou en engkeia hätt...
Hat e Verglach gemach mam 200-400 vun Canon an mam 150-600 op Blend 8 ob sujeen op 5-10 m op engem Vollformatbody, an muss soen, et wor schweier zegesin weien objektiv elo weien bild gemach hat, an do hun Esh perseinlech fonnt dass den 200-400 extrem am Preis iwerzun ass....
Jean-Marie 25.04.2014 - 11:48
Merci Ornitho
Jo den Tamron ass schon mei handlech.
Ech hun en Kenko 1,4 , deen huet un sech och fonktioneiert mam Tamron, den Autofocus war awer domat net mei sou performant an d'Biller hun an der Obleisung nach mei verluer sou dass ech et besser fannen een Crop ob der Foto ze machen.
TC 25.04.2014 - 07:49
Schéin Série! wou dat 3. Bild mer am beschten gefällt.
Bon, ech muss soen dat Fotoen mat dem Tamron mol net sou schlecht sin. (hun schons annerer gesin mat Sigma oder Tamron déi waren einfach unhappy(((. Ech sin gespannt op anner Biller mat dem Objektiv. An der aktueller Zeitung: Le monde de la photo hun se den Tamron mat der 70D getest.
Jean-Marie 25.04.2014 - 11:43
Merci Thierry , ech kann leider net richteg vergleichen well ech nach nie mat engem 600ter vun Canon geschafft hun. Mein nächsten Schrett ass elo awer wahrscheinlech eng Vollformat (eventuell d'6D).
Jean-Marie 25.04.2014 - 11:38
Vir dei verschidden Kommentaren hei nach e puer Erklärungen.
Ech hun den Tamron elo zirka 2 Meint an hun och eng Retsch Fotoen dermat gemeet. Den allergreisten Virdeel sin seng Dimensiounen an sein Gewicht.
Et kann een domat och emol mei weit Spatzeiren goen wat mat deenen Weissen net evident ass.
Am Ufank hat ech zimlech vill Schrott mee lues a lues sin Fotoen besser gin. Ech war net gewinnt mat 600mm, do darf een net nervös sin smile .
Och mam Stabi muss een wessen dass deen een Moment (3s) brauch iert hien richteg schafft.
Ech perseinlech fannen seng Obleisung elo net supper, soubal een besschen an d'Foto cropt geseit en seng Limiten. Dobei musss awer gesoot gin dass ech jo well eng Crop Camera hun also bei zirka 960mm leien.
Bei guddem Licht an Blend 8 hat ech awer nawell e puer gut Resultater.
Bei schlechter Lucht ass relativ schnell Schluss mat der Qualiteit.
Wat elo dei verschidden Zeitungsartikelen iwert dat Objektiv betrefft, ass et jo kloer dass nemmen dei beschten Fotoen gewisen gin. Jidefalls hun ech nach net vill Biller mat der supper Qualiteit dei do gewisen get fädeg bruecht. Mee ech denken dat leit awer och dorun dass dat ganzt een LeierProzess ass an ech erreicht ganz am Ufank sin smile
gtaddei1 25.04.2014 - 18:06
Ech verstinn nix vun Tamron oder vun Nikon oder och Canon ... Vill ze vill komplex ... mé ech mengen dass et awer nemmen é falsche Problem ass...

Zur Foto. Fannen ech flott
Jean-Marie 27.04.2014 - 21:25
hehe dat kaafen ech dir elo awer net oof smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 510 Gäscht online