Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Useldeng by Night 2

 
Useldeng by Night 2
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (16.02.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.02.2014
  • Gekuckt:
    22385
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    5 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    32 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x1199
  • Späicherplaz:
    417 KB
  • Originaldatum:
    16-feb-2014 22:08
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=76915]
Kommentar vum Fotograf:
Well d'Zora d's/w esou gudd fënnt, hei nach eng.
--- nei Variant nom Virschlag vum Zora ---
Zora 16.02.2014 - 12:30
Jop gefällt mer ganz gud, schneid just ennen nach een gud Stéck eweg, dann ass se nach besser, esou weit dass de nach just eng Stross hues!!
Charly 16.02.2014 - 17:39
Hmm, probéieren daat emol. Wollt eigentlech den Trottoir dran hun fir eppes ze hun waat an d'Bild eran féiert. Den Auto stéiert mech am meeschten.
Charly 16.02.2014 - 17:39
Upps, wéi läschen ech en dueblen Kommentar?
Zora 16.02.2014 - 18:01
fannen den Auto lo net schlemm, hun et probéiert, mee iwerlossen där dein Choixclosed_eye
Charly 16.02.2014 - 18:02
Sou, hun eng nei Variant gemach. Ouni den Trottoir an ouni den Auto.
Zora 16.02.2014 - 18:35
gefällt mer vill besser esou!!
Charly 16.02.2014 - 18:43
Muss ech dir leider zoustëmmen closed_eye
Gaga 16.02.2014 - 21:26
fannen dei flott, mais och hei kann ech der rooden sou Fotoen ze machen wann et nach hell as, sou bass de 100% op dei (oft schlecht gemachten) Luucht ugewisen. an der bloer Stonn hues du mei Spillraum
Charly 16.02.2014 - 22:31
Fir farweg stëmmen ech zou dass d'blo Stonn méi interessant as, mee nët fir s/w, well do as en groen Himmel net wierklech flott. Hei haat ech souwisou keng Wiel vun der Zäit wou ech do wor.
Gaga 16.02.2014 - 22:32
du wees awer dat et 3 Farfkanäl gin fier en SW ze konverteieren ???
Charly 16.02.2014 - 22:38
Eh, neen ... sin farwenblann closed_eye
Quatsch, natiirlech nët. Mee ech fannen et méi ëmständlech fir d'blo Stonn am s/w ze verschaffen. An wéi gesoot, hei haat ech souwisou keng Wiel. D'blo Stonn wor laaaaaang eriwer wéi dohinner komm sin. Hun eigentlech nëmmen probéiert d'Zäit erem ze kréien well ech fir eis Duechter Taxi gespillt hun an zweschenduerch nët wollt heem fueren.
Gaga 16.02.2014 - 22:40
ok, et as mer nämlech guer net em den Himmel gaang, mais em t'Beliichtung, zu Een vun der Bloer Stonn hues de zb genuch Luucht fier nach Detailler an der Fassad ze hun, an awer och t'Nuancen vun den Spoten an der Fassad, sou hun ech et gemengt.
Charly 17.02.2014 - 09:13
Ah, ok. Stëmmt.
gtaddei1 16.02.2014 - 21:47
GAnz flott exposeiert ... an kadreiert
Charly 16.02.2014 - 22:32
Merci. 50% vum Cadrage gin un d'Zora smile
gtaddei1 16.02.2014 - 22:33
Dofir ass de PG jo do ... fir sech patz rappen ze loossen an dann kucken op et besser get ... smile closed_eye
Charly 16.02.2014 - 22:38
Genee!
gtaddei1 16.02.2014 - 22:54
vlà

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 448 Gäscht online