Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

On The Road

 
On The Road
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (18.12.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.12.2013
  • Gekuckt:
    9094
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    5/2 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    55 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    2000x1329
  • Späicherplaz:
    325 KB
  • Originaldatum:
    2013:12:16 21:28:51
  • Fotoapparat:
    NIKON D3200
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    55-300
Kategorie: Bewegung »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=76106]
Kommentar vum Fotograf:
een vun mengen eischten Versich an dei Richtung, Kritik ass erwenscht! :) deen gielen 'Fleck' eenen riets ass menger meenung no bessen ze staark, kreien deen awer leider net raus :/
Paul-H 16.12.2013 - 22:38
Ech fannen déi dooten einfach mega! Gehéiert an d'Wochenoofstemmung! Kanns de e bessen méi verroden wéi's de daat gemaach hues?
Lobo 18.12.2013 - 10:39
merci, daat freet mech ze heieren! smile do get et net ganz vill ze verroden, ech hun den Fotoapparat einfach op den tableau de bord (ech waar Beifuerer) geluecht an dann getest bis dass ech dei richteg Astellungen haat closed_eye
Paul-H 18.12.2013 - 13:07
Cool, op déi Iddi muss een kommen !
Silex 17.12.2013 - 09:12
Ass gelongen! Flott Kompositioun an och interessant Farwen. D'Begrenzungen vun der Strooss déi relativ scharf bliwen sin zéien een duerch d'Bild.
Lobo 18.12.2013 - 10:40
villmools merci! smile
gemu 17.12.2013 - 11:06
Deng Foto gefällt mir, vläit wier vum Cadrage nach bessi méi dran, ech hun mech mol amuséiert se erofzelueden a probéiert am Format 16/9 esou ze croppen bis un d'Leitplank esou dat den lénken Bord vun der Strooss do wou d'Grass ugeet an den ënnschden lënksen Eck kënnt , an op der rietser Säit deen wäissen Bord vun der Stross an den ënneschten Eck kënnt. (Linnen an d'Ecker ). Uewen nach esou wäit geschnidden datt den wäissen Himmel am Eck (brengt a mengen Aaen guer näischt, au contraire en zitt den Bléck dohin wou et näischt ze kucken get) net méi drop ass. D'Perspektiv get, fannen ech emol, - ass awer a.d.g.,- méi spannend den Bléck léit méi um Buedem op der Stross an den Effet vun der Vitesse kënnt nach besser eraus.

Ass natierlech nëmmen eng suggestioun.
Lobo 18.12.2013 - 11:03
freet mech ze heieren smile ech hun daat lo och mool ausprobeiert, 16/9 ass effectiv besser, mee dann huet se mir bessen schmuel gewirkt, d deift ass bessen verluer gaang fannen ech, dofir hun ech se lo just uewen einfach een Steck geschnidden well deen deel Himmel huet mech och schon gesteiert, fro mech awer net fewaat ech en net wech geschnidden hun... ;) duerch d schneiden leit dann och lo den Bleck mei op der Strooss smile
Een ganz decken merci vir dei konstruktiv Kritik, dei kann een defenitiv als hellefreich bezeechen! smile
gtaddei1 17.12.2013 - 14:35
dei ass gudd gin... am SW wier ech virwetzesch ze wessen wei se gin wier.
Lobo 18.12.2013 - 10:43
merci, ech hun daat probeiert, huet mer awer net sou gudd gefall, kann awer och dorun leien dass ech SW net sou gär hun tongue
Zora 17.12.2013 - 17:28
Huiii, do get engem dronkel, super gemeet!!
Lobo 18.12.2013 - 10:40
decken merci, freet mech dass se gefällt! smile
jorsch 18.12.2013 - 21:19
Fir en éischte Versuch super gelongen!
Besonnesch gefält mer hei datt een d'Leitplanken an de Rand vun der Strooss nach gutt erkenne kann. Doru kann der Bléck sech upake fir dann mat voller Vitesse ëm d'Kéier ze fueren.
Op di zweet Versioun besser ass sinn ech mer net sécher.
Eventuell kéinst de d'Foto och nach spijelen, da geet de Bléck vu lénks no riets, wat oft dem A besser gefält. Awer dat muss een ausprobéieren.
Lobo 19.12.2013 - 12:44
merci smile ech fannen bei der eischter Versisoun dass daat Steck Himmel uewen riets am Eck gesteiert huet an lo fannen ech dass d Vitesse och besser rauskennt, mee ass affaire de gout. hm jo, ech giff et gär probeieren mee wei et ausgeseit kann den ViewNX2 daat net an daat ass eenzegt waat ech hun... closed_eye
bac 19.12.2013 - 19:16
Experiment gelongen gefaellt ganz gut, ech hun mech gefrot wei ett géif ausgesinn wann d'foto no lenks geif kippen a plaatz no riets
Lobo 19.12.2013 - 23:58
merci, daat freet mech smile den jorsch haat mir deen Tipp och schon gudd, ech hätt et och gär getest mee den ViewNX2 schengt leider net spigelen ze kennen :/
Paul-H 23.12.2013 - 00:21
Gratuléieren zur WF ! Haat jo gesoot si gehéiert an d'Oofstemmung smile
Lobo 23.12.2013 - 00:33
haha jo, een ganz decken merci!! smile
gemu 23.12.2013 - 06:13
Félicitatiounen fir d'Wochenfoto, gud geschafft !
Lobo 23.12.2013 - 12:44
villmools merci, och fir deng supper Tipps, dei hun secher vill dozou beigedroen smile
gemu 24.12.2013 - 17:03
Nee, nee daat ass ganz däin Mérite smile
Mariar 25.12.2013 - 02:59
!!!
Lobo 26.12.2013 - 16:26
?? smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Erdmännchen II

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: jaro
Am Ganzen: 3682
2 Benotzer an 197 Gäscht online