Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

450 Kilometers of Troposphere

 
All Fotoen an dëser Serie:
36728 Thumbnail
36729 Thumbnail
450 Kilometers of Troposphere
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.06.2013
  • Gekuckt:
    15806
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Originaldatum:
    June 13 2013
  • Fotoapparat:
    Nikon D300s
  • Objektiv:
    Nikon 12-24mm
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng  
Extras:
Stativ, gudd Wieder.

Fir anzesetzen: [pg_img=73069]
Kommentar vum Fotograf:
Denowend hate mer en erstaunlech scheinen Sonnenenergang duercht ganzt Land. Hei 2 HDR dei ech ouni vill Opwand am PS gezwafft hunn (gett hächst Zeit mer Photomatix um Windoze unzeleen).
Jacques 14.06.2013 - 08:22
Nummer 2 gefällt mer, Nummer 1 ass mär perséinlech zevill farwech.
micky-maus 15.06.2013 - 22:03
Joo Photomatix ass jenial.
Kuck dei heiten:
98, Boulevard Konrad Adenauer

ann dess hei:
IIII S (2. DEEL)

All met Photomatix aus 3 Photoen gemeet.

Zu Dengen Fotoen: Dei sinn fier main Gout zefill satureiert. Himmel soll jo fäerwech sinn awer hei ass Landschft mat zevill faerwech.
Charel_L 16.06.2013 - 21:53
Jo, vermessen den Photomatix e bessen seitdem ech op de Windows emgestiige sinn. Ech haat nach extra am Lightroom eng Mask iwwer den enneschten Deel gema, mee vill konnt ech do och net mei man, well den Photoshop fun fieraus net vill Meiglechkeeten iwwreg leist.
Shantideva 15.06.2013 - 23:40
Déi éischt ass (menger Meenung...) verbockt. An déi Zweet brauch nach eppes... Den Sujet ass hei den Himmel, awer den hellt jo just 50% vum Bild an. Verschaff se nei mat méi; e bëssi méi Info. Den Himmel ass Top, awer dat geet net duer, well déi ënnescht Halschent net vill Präis ze ginn huet.
Charel_L 16.06.2013 - 21:56
Ech haat probeiert et anechters ze beschneiden, mee wann ech mei fun der Landschaft ofschneiden, fannen ech, dann "fehlt" do eppes an zitt zevill Opmierksamkeet op den ofgeschniddenen Deel.

Zur 1. Foto sinn ech och denger Meenung usech, mee well ech un Photomatix gewinnt sinn an am Moment just de Photoshop hun war dat mat mengem Können dat eenzegt wat ech konnt man fier den Himmel eignermooßen erfierzehierwen an en sou no un d'Realiteit ze brengen, wei en hei ze gesi war.
Shantideva 17.06.2013 - 11:37
Bei der zweeter Foto ass déi ënnescht Halschent e bëssi donkel (op mengem Bildschierm mol). Ech hat dat gemengt. Ofschneiden gierf ech do näischt.
Charel_L 17.06.2013 - 20:22
Lo wous du et sees :S
Ech muss definitiv eng Keier meng 3 Monitore kalibreiren.
Shantideva 18.06.2013 - 11:12
Oder et ass villäicht och bei mir... sad

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 594 Gäscht online