Extras: Puer selwergebastelt Spannen an en selwergebastelten Opsaatz fir den Bletz ze bündelen
Fir anzesetzen: [pg_img=72954]
Kommentar vum Fotograf:
Hei dann eng Serie mat der Foto dei ech fir den Concours eranginn haat. Soen heimat och jiderengem Merci deen fir meng Foto gestemmt huet, och wann et net fir den Podium duer gaang ass ;)
Du hues der vill Méih a Gedanke gemeet gehaat, daat gesäit een och an de Fotoën erëm, ech fannen daat eng gelonge Serie.
Emotiounen sin och bis op Bild 3 ganz glaubwuerdeg a gudd duergestallt gin fannen ech, och kompliment un d'Model (an de Spannen )
Selwer gebastelte Snoot fannen ech cool, mat de Schieter do sin ech mer nach net sou eenz, schiter vun de Spannen fannen ech super cool, brengt atmosphäre an och Déifft, hannert dem Model ass en relativ haart de Schiet, wéinst der mi gerénger Distanz, trotz allem gebuendelte Blëtz fannen ech hei eng gudd Saach (spannen).
An der ganzer Serie ass et e bëssi schued dass een den een oder aaneren Nylonfuedem nach gesäit (och um Schiet).
Waren puer wierklech gudder derbäi, schued dass et fier Podium net duergaange war, trotzdem ganz flott Aarbescht.
Haess vläit besser gehaat eng Tartiflette statt Spannen opzehaenken
aaaaaaaaahjo ech hu ganz a komplett vergiess wéi Spannen daat sou maachen, mei Fehler haha, waat sin ech een Depp
Du hues vollkomme recht ech huelen daat mam Nylonfuedem erem zereck, hu guer a glaat netnogeduet gehaat
Majo dann duebel chapeau fir di duebel Aarbescht Fotographin a Model zugléich an dem donkele Raum, ech kennen sou tricker an experimenter ze gudd fir ze wessen dass daat eng mordsaarbescht ass, raus ran raus rann, astellungen checken, focus punkt setzen ran raus etc.. Blëtz astellen, selbstausloeser gott o gott wann ech nëmmen un de Stress do denken
Mir huet deng Iddi an Konzept ganz gutt gefall. Ech fanne just, dass et op alle Fotoen bal ausgesäit wéi wann d'Meedchen géng laachen amplaz ze jäitzen.
Et ass den 1. Concours den ech hei op PG erliewen an et wonnert mech dass en net kommentéiert gët.
Déi wou wëllen koennen emmer hir Foto nach eng Kéier separat nach eng Kéier eroplueden fir konstruktiv Kritiken ze kreihen, meechtens maachen d'Läit daat och, waat och flott ass, zumols wann et eng Foto aus den Top 5 war, heinsdo sin d'Autoren richteg kreativ an dann froen d'Läit sëch natierlech, wei oder och heinsdo wisou huet den daat sou an sou gemeet?
Fir de Concours selwer nach ze kommenteiren, daat kinnt vläit och licht an e Chaos féieren, well dann sin do eng 10-15 Fotoen, wees net op daat dann och vun Virdeel wier, ech gin déi Iddi mol virun, merci mol.
Wanns de nach Virschléih hues, kanns se gären an de Forum sëtze goën.
Merci fir dein Commentar! Jo, mam Gesiichtsausdrock ass fannen ech immens schwiereg (zumols wann d'Foto wei hei relativ kleng gewissen get) Denken och dat dei wou ech fir den Concours ran ginn haat vum Gesiichtsausdrock am bäschten gepasst huet. Ech misst mer mol en groussen Standspigel zouleen wou ech bei Autoportraiten mein Gesiichtsausdrock iwerwaachen keint...