Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Gezackt...

 
Gezackt...
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.04.2013
  • Gekuckt:
    10350
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    47
  • Beliichtungszäit:
    1/20 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    269 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    800x561
  • Späicherplaz:
    143 KB
  • Originaldatum:
    2013:04:01 22:15:37
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 7D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=71557]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hu mech mol mat Geschiir amëséiert...
JADE 01.04.2013 - 22:22
oh ben, gefällt mir ganz gutt smile
schéin Graphik an Spiggelungen, an am Thumb zmmlech mysteriös, also vun mir net ze erkennen
matt schwaarzem HG bestemmt och net ze verwerfen
Maimonides 01.04.2013 - 22:37
Dat sin Forschetten, JADE,
gespigelt,
di eng no uewen,
an di aner no ënnen.
closed_eye

Exzellent gewisen !
JADE 01.04.2013 - 22:53
ech haat déi erkannt awer just wou ech drop geklickt hun smile
Maimonides 06.04.2013 - 00:15
Mat Läffelen wär et vielleicht mi einfach geweecht, JADE ?
closed_eye

Schéin dein avatar
mol erem ze gesin.
Jean-Jos 05.04.2013 - 22:27
Merci Maimonides, ech sin emmer frou wa méng Fotoen dech uspriechen.
Jean-Jos 05.04.2013 - 22:27
Merci JADE, et ass mer eng Eier, emol e Kommentar vun dir ze kréien closed_eye
Intrigant ass se schon durech déi Spiggelungen a Reflexiounen, ech hun déng Iddi mat schwarzem HG graff probéiert, dat gesäit richtég gutt aus, kascht awer natirlech e bëssi Aarbécht, wann een den HG propper austausche well.
JADE 06.04.2013 - 04:34
weiseeeen! smile
jps 08.04.2013 - 14:45
Gratulatioun fir d'Wochefoto Jean-Paul !
Fiirwat wëlls de den Hannergrond austauschen fir en schwarz ze kréien ? Am Photoshop just Image / Adjustents / Invert, dat geet vill méi séier closed_eye
Jean-Jos 08.04.2013 - 18:47
En décke Merci Jean-Paul, an dat gläich 2 x , wëll dat ass eng PS-Fonktioun, déi ech nach nie benotzt hun. Ech hun dat probéiert, t'geet séier an t'ass flott.
Op däerer anerer Säit gefalen d'Forschetten mir am Positiv eng Grëtz méi wéi am Negativ; egal, ech hun op alle Fall nees bäigeléiert.
ZerberuZ 01.04.2013 - 23:19
Dei ass jo flott, ass emol eppes aanescht, an och den S/W wierkt gud.
Jean-Jos 05.04.2013 - 22:28
THX ZerberuZ, an der Faarw gefällt se mir nët closed_eye
Aiello 02.04.2013 - 03:36
Schein emgesat, gefällt mer ganz gut, an och direkt erkannt
Jean-Jos 05.04.2013 - 22:29
Villmols Merci Aiello.
jorsch 02.04.2013 - 09:15
Dës Foto, Jean-Jos, gefält mir exzellent.
E Moment ass ee verwirrt, da virwëtzeg an dann erkennt een de Sujet.
Mat deene ville Spigelungen a Refexer ass d'Bild immens spannend!
Jean-Jos 05.04.2013 - 22:29
Merci Georges, ech fannen déi Reflexiounen effektiv wéinstens grad esou spannend wéi d'Spiggelung vun de Forschetten selwer. Merci och fir de Fav.
bac 02.04.2013 - 11:11
"Glaenzend" Iddi Jean Jos.
Gefaellt mer super
Jean-Jos 05.04.2013 - 22:29
smile Dat hues de schéi gesoot, Merci villmols bac, och fir de Favorit!
Jacques 02.04.2013 - 16:07
Eng super Idee an top emgesaat!!
Jean-Jos 05.04.2013 - 22:30
Zweemol Merci gesoot Jacques, dat kënnt dovunner, wann ee sech langweilt smile
MB-Photos 02.04.2013 - 17:59
Och eng Flott Idee an Kompositioun, bessen anechters wei meng closed_eye
Jean-Jos 05.04.2013 - 22:30
Merci Marco, "Ein weites Feld" kann ee soen, du hues mat der Luucht an de Schieter geschafft an ech mat de Spiggelungen an de Reflexiounen; déng kennen ech natirlech an déi ass enorm flott, dat hat ech dir zu Lënster gesoot, méng ass op engem langweilége Sonnden Mëtten entstanen, wou ech au depart eppes ganz aneschteres mam Makro um Spiggel fotograféiere wollt an hun.
obskur 02.04.2013 - 18:05
Ganz interressant Makro. Super.smile
Jean-Jos 05.04.2013 - 22:31
2 x Merci obskur, ech hun hei ausnahmsweis den 300 mm als Makro benotzt.
suraki 02.04.2013 - 18:34
*** , ... an dat ass mäin eescht !
Jean-Jos 05.04.2013 - 22:31
Villmols Merci Ed, an däi Kommentar mécht Freed!
marker 02.04.2013 - 21:11
..ass gutt gin daat doten, a mir gefällt ët Jean-Jos, an zwar ganz gutt.
Jean-Jos 05.04.2013 - 22:31
THX alot Marker!
mischii 03.04.2013 - 19:51
am thumb war et e klengt Rätsel
Du hues dech gudd amuséiert, d'Resultat ass top
Jean-Jos 05.04.2013 - 22:31
Amusement ass dat richtégt Wuert Michèle, ech hun eng ganz Serie gemacht... Merci gesoot.
p-foto 04.04.2013 - 08:39
Flott Iddi !!
Jean-Jos 05.04.2013 - 22:32
Merci p-foto!
Conley 06.04.2013 - 23:00
Kann een net meckeren...di ass der gelongen Jean-Jos!!
Jean-Jos 08.04.2013 - 18:48
Merci Conley an dat ouni ze meckeren 2 x !
hardae 08.04.2013 - 07:48
Gratulatioun Jean-Paul
Jacques 08.04.2013 - 09:23
Gratuléieren fir d'Wochefotosmile
Jeanny 08.04.2013 - 10:22
och ech gratuleieren dir Jean Paul
Silex 08.04.2013 - 11:24
Félicitatioun fir déi flott Wochenfoto!
Pixelman 08.04.2013 - 16:00
Gratulation Jean-Paul, eng Foto mat Expression.
suraki 08.04.2013 - 16:20
super Jean-Paul, déi huet et verdéngt smile
Jean-Jos 08.04.2013 - 18:52
Villmols Merci jidderengem deen dës Foto gewielt huet: ech sin nawell zimmlech iwwerrascht, hätt nët am Dram dru geduecht.
Merci och fir äer sympathësch Kommentairen a Felicitatiounen! Dat mécht déck Freed!
gtaddei1 09.04.2013 - 23:50
Jen Kos ... des ass perfekt
Jean-Jos 13.04.2013 - 11:11
Merci Gennaro, freet mech.
Gaga 10.04.2013 - 17:16
aaaaaaaaahhhhhhhhhhhhhhhhhhhhhhh
Et gin nach Leit hei um Site dei FOTOEN machen.

Merci an félicitatioune
Jean-Jos 13.04.2013 - 11:11
smile THX Gaga
gemu 16.04.2013 - 10:39
Nodréiglech nach meng häerzlech Félicitaitounen fir déi wuelverdengenten Wochenfoto Jean-Paul, et ass eng super Arbecht an eng wonnerbar mise en valeur vun esou engem banalen alldéglechen Geschiir.
Jean-Jos 16.04.2013 - 19:11
Merci Georges!
Frasigi 04.08.2013 - 21:25
Sehr spannende grafische Idee - und Umstzung!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Erdmännchen II

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: jaro
Am Ganzen: 3682
keen Benotzer an 178 Gäscht online