Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

** TWINS **

 
** TWINS **
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (17.05.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.02.2013
  • Gekuckt:
    20103
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    500
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1600x1088
  • Späicherplaz:
    604 KB
  • Originaldatum:
    2013:02:21 22:28:06
  • Fotoapparat:
    NIKON D90
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Nikon 18-105
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=70764]
Kommentar vum Fotograf:
Hei nach een vunn mengen 1. Portraitsversich vum leschten Joer,

Ps. Laura (riets) mat 3 Joer ZOCKERSEISS


Waat mengt Dier, waat kann een hei besser maachen? Aal Kritiken ann Vierschlei sinn hei 100% wellkomm....

merci unn meng Meedercher fier Gedold....

Ann wei emmer: KLICK
luxiline 22.02.2013 - 00:51
Ech traue mech bal net hei als 1. eppes ze soen! Ech hunn och laang iwwerluegt wat mech dann un der schéiner an technesch brillanter Photo stéiert closed_eye
Mee et ass dat hei: well se hannerteneen stinn, wierkt dat hënnescht méi kleng, e bëssen an den Eck gedréckt. Vläicht kënnt dat Meedchen wat vir steet sech och ganz liicht zu dem aneren hiwenden ...
mol kucken wat déi aner soen, fir mech ass et e Fav (trotz Kritik!)
micky-maus 22.02.2013 - 06:35
Merci gesoot, ginn Däer net onrecht.
Een Fotograf haat mol zu mier gesoot ech soll main Model esouvill wei meiglech virrun der Kamera gewäerden loossen. Hei ass eigenlech dei einzeg Foto wou sie daat gemeet hunn. Een Portait also esou wei sie sinn, ett probeiert emmer eent sech fierzedrecken bigsmile
Maimonides 22.02.2013 - 22:02
Den Titel ass de Charme vun dëser Foto, luxiline. Well gläich sin se net, di 2. Dat sin 2 Charakteren déi sech, gidferengt, vun senger beschter Seit weist. An allen 2 können se dat !
Mat deem wat dech stéiert hues du Recht, ech géif et awer anischt formuléieren. Dat Meedchen riets ass frontal geknipst, duerfir sin seng Schëlleren ze breet, an seng Schwëster ass am 3/4 geknipst. Menger Meenung no entsteet doduerch dee liichten Déséquiliber. Mir gefällt di Foto (trotzdem) super.
luxiline 22.02.2013 - 23:53
mir gefällt se jo och, ech hunn se als Fav geholl! An am Fong wollt ech jo dat selwecht soen wéi's du closed_eye
Maimonides 23.02.2013 - 16:22
Duerfir, luxiline,
si mir 2 eis jo och eens.
micky-maus 23.02.2013 - 16:31
Genau esou hunn ech daat och gemengt, mengen wann ech esou Situatiounen beim knipsen gesinn ass ett am beschten naischt zu hinnen ze soen ann mol einfach meng Positioun ze änneren, well ech fannen des Foto hiert Wesen immens representeiert.
Villaicht bessi mei vunn lenks geholl? Deen desequiliber ekennen ech och elo....
micky-maus 23.02.2013 - 16:31
Genau esou hunn ech daat och gemengt, mengen wann ech esou Situatiounen beim knipsen gesinn ass ett am beschten naischt zu hinnen ze soen ann mol einfach meng Positioun ze änneren, well ech fannen des Foto hiert Wesen immens representeiert.
Villaicht bessi mei vunn lenks geholl? Deen desequiliber ekennen ech och elo....
Maimonides 23.02.2013 - 16:42
Bis repetita...., micky-maus.
An awer ass "den Titel....".
micky-maus 23.02.2013 - 16:54
Hehe, hunn dem luxiline dei nähmlecht äntwoert ginn, am Fong wollt hatt jo dat selwecht soen wéi's du closed_eye

"Twins" also ass se grad weinst deem desequiliber gudd? Sinn mier elo net secher well ech guer keng Ahnung vunn dem Sujet doo hunn...
Abacab 26.02.2013 - 15:16
Et ass bestëmmt keen technesch perfekten Portait mat deem dozougeheierenden Opwand, mee fir mech e ganz léifen, flotten an natiirlechen Portrait.
Wousste ev. a Zukunft kéins drop oppassen, dass se d'Hoer aus dem Gesiicht hunn, well dee Wutz just iwwert d'Aan geséit net gutt aus.
micky-maus 26.02.2013 - 16:56
Merci fier Däin Kommentar, Marc.cool
Hunn deen Wutz doo och mei speid bemierkt ann wollt deen nach ewechstempelen...
Hunn och erausfond daat dei Portrais-Saachen nach fier mech ze schweier sinn, sinn eigentlech nach Ufänger zenter knapp 2 Joer, ann fannen mat Portraien kann een mei falsch ewei richteg maachen.
Villaicht gett ett engkeier een Workshop am PG-Club "Portrais fier Anfänger" Daat geif mech schon interesseieren.
ToPo 12.04.2013 - 07:57
Einfachen a natiirleche Porträit vun 2 schéine Meedercher.

Et kann e spéider ëmmer kucken a soen, dest der daaat kéint 'besser' sin! Dëss Foto liewt vun hiere Einfachheet an Natiirlechkeet. Tip, top, Kompliment un dech an deng Meddercher.
micky-maus 12.04.2013 - 16:09
Oh villmols merci fier dei schein Beschreiwung.
Een PG User huet enkeier zu mier gesoot, bei esou Fotoen soll ech naischt zu mengen Meedercher souen ann se gewäerden loosen. Dann ginn se am beschten. Ann hien haat recht.

Ann deem Senn: 2x decke merssi gesoot cool
ToPo 12.04.2013 - 20:19
Gaer geschitt!

De PG User haat Recht! smile
Gaga 15.05.2013 - 09:58
wanns de onbedingt eng Klengegkeet wells hun dei net flott as hei op der Foto, bei deem ganz lenken Aan geiff ech daat Hoer ewegstempelen daat aus dem Aan eraus kennt. Soss as se perfekt .
suraki 15.05.2013 - 16:46
Iertsenzielert tongue

Gaga 15.05.2013 - 22:57
Hien wollt jo Kritik... smile
An en hellt se weinstens un... net weis du.
smile
micky-maus 15.05.2013 - 23:29
Merci Gaga,
hun daat dann och elo esou geännert, ann fier den Edy hunn ech se dann och ganz perfekt gemeet. tongue
suraki 15.05.2013 - 16:47
de Gaga huet awer Recht closed_eye
richteg flott !
micky-maus 15.05.2013 - 23:28
Merci Ed, hunn se eweggemeet dei Hoer.... closed_eye Ass se dann elo esou wei se soll???
suraki 16.05.2013 - 06:51
fir mech jo smile
Gaga 16.05.2013 - 07:56
Do wou t'Hoer wor huet et elo eng brong Streif.
Wei hues de et eweggemach? Mam "verbessern werkzeug"?
Do muss de emmer drop oppassen dat keng mei hell oder mei donkel geigenden ronndrem sin well hien hellt t'moyenne vun farf a struktur fier den bereich ze ersetzen, hei huet en duerch t'schmink beim Aan e besse gro dran kritt.
Huel do eichter deen lasso-healing wous du him sees duerch waat ersaat soll gin oder den kopeierstempel.
micky-maus 17.05.2013 - 01:05

Hunn se nei verschafft ann Schieter opgehellt ann dunn stark vergreissert ann mat dem Stempel d'Hoer genau erausgestempelt, also ca 20px niewendrun. Dei brong streif kennt villaicht vumm ophellen, awer net vum stempelen.
Gaga 17.05.2013 - 08:34
Sorry Fränck, hun elo mol en genauen Vorher - nachher gekuckt ...
Hat schenkt eichtens mol effektiv eng Oder do ze hun, an duerch t'Ophellen gesait een dei mei. Mais daat mam stemmpelen geiff ech trotzdem nach eng Keier kucken, och beim Laura iwert dem Mond gesait een nach Spuren. Ech sin erem streng, mais ech wees dat et besser geht. Geiff der jo och gären weisen wei, mais weini ?
unhappy
PS: fannen dei eicht Versioun besser vun den Farwen an Hellegkeet hiet.
micky-maus 17.05.2013 - 11:51
Hey Gaga, hunn se elo mol nei gestempelt ann een aaneren Stempel geholl, (flach gefächert hohe Borstenzahl) doo ginn Iwwergäng mei douce. Beim Aan hunn ech einfach daat lenkst ann daat rietst kopeiert.
Bei der Bea ass just bessi nogeschäerft ann greng desatureiert, den Rescht out of the Box.
Waat mengt Dier, weifill elo vun 60... ?
Gaga 17.05.2013 - 12:52
vill mei besser gut denken ech.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 475 Gäscht online