Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

E Gréng Spiecht ...

 
E Gréng Spiecht ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.01.2013
  • Gekuckt:
    3922
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    1/800 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    550 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x555
  • Späicherplaz:
    475 KB
  • Originaldatum:
    30/12/2012
  • Fotoapparat:
    NIKON D3
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69590]
Kommentar vum Fotograf:
op der Sich no Fudder
Abacab 03.01.2013 - 12:41
Dat ass e wonnerschéine Vull.
Hunn en virun enger Zäit esou am Reen fotograféiert.
En ass awer net esou schéi ginn ewéi däin.
Gefält ganz gutt!
jps 03.01.2013 - 14:06
Merci Marc !
De Problem ass fir se scharf ze kréien, se bewegen de Kapp esou séier dass e Meeschtens verwëscht ass, ausser du kanns mat 1/2000 Sekond schaffen wat awer bei dem schéine Wieder am Moment bal onméiglech ass.
Schluck 03.01.2013 - 13:09
Do ass ën jo .... immens Flott Jean-Paul !!
jps 03.01.2013 - 14:01
Merci Schluck, och fir den Fav.
Dat do ass eng vun denen wéinegen déi ze gebrauchen ass, a wou just während e puer Minuten e bësse Sonn ze gesi war.
gi87 03.01.2013 - 13:14
Flott den doten, hei schengste jo Madame Specht awescht ze hun smile
jps 03.01.2013 - 13:56
Jo Gianni, d'Madame kënnt méi dacks op Besuch closed_eye
Se waren och schon zu 4 hei, eng Koppel aler an 2 jonker mee dun hat ech d'Knips nët prëtt unhappy
Merci, och fir den Fav !
icylady 03.01.2013 - 14:04
deen (déi) ass richteg schéin groden,
ech hun der och eng Koppel hei, mee mengen déi wären méi olivgreng, ech gesinn se manner gudd an der Wiss, (woubai dest Joer ass d'Wiss nach vil méi greng bliwen bis elo),
déi éischte Kéier wou ech se gesinn hun, hun ech gemengt de Buedem géing do vun engem Maulef ropgedreckt ginn, sou waren se ugepasst,
jps 03.01.2013 - 14:15
Merci icylady,
déi Grimmel Sonn mecht d'Differenz an der Farw aus, am Schied oder am Reen sin se méi Olivgréng. A wann d'Gras e bëssen méi héich ass kanns de se schon iwersin wann se nët grad de Kapp bewegen.
BlackLizzard 03.01.2013 - 14:52
Jo, deen ass richteg gut geroden.

Ech hun och nach nie e gréng Spiecht an der freier Natur gesinn.
Bei mir liéwen wuel nëmmen Bontspiechten.
jps 03.01.2013 - 15:06
Merci BlackLizzard,
bei mir sin der regelméisseg op Besuch, warscheinlech wëll zimlech vill Seechomessen am Buedem sin. Duerfir ass den Bontspiecht awer hei e ganz seelenen Gaascht.
mischii 03.01.2013 - 15:20
hues Du en lo endlech erwëscht!
Ganz gudd ass se gin d'Madame.
Bei mir kënnt am Fréijor ëmmer een an d'Seechomessekéip wullen
jps 03.01.2013 - 16:19
Jo, Merci Michèle, endlech eng brauchbar Foto vun der Spiecht Madame smile
Jeanny 03.01.2013 - 16:53
super erwescht Jean Paul,
wat sinn se sou schéin
jps 03.01.2013 - 17:19
En dëcke Merci Jeanny, och fir den Fav
theom 03.01.2013 - 18:33
E scheint Bild
jps 04.01.2013 - 10:04
Merci fir d'Kompliment an de Fav
gemu 04.01.2013 - 12:44
Wonnerbar beim Sichen (Schniewel am Graas) festgehalen. Besonnesch flott mat dem drëchenen Blaad em Eck, bal wéi ee Feil deen op den Spiecht weist, daat mecht et aus. Faarwen a Schäerft vum aller feinsten.
jps 04.01.2013 - 17:35
En duebelen Merci Georges smile
Jean-Jos 19.01.2013 - 12:30
En hätt awer och an d'Dusch virum shooting kënne goen bigsmile
Ganz flott dat doten Jean-Paul!
jps 19.01.2013 - 13:51
Merci Jean-Paul, dat war een vun den raren Momenter wou d'Dusch am Dezember nët gelaf ass. Déi nächst Kéier kritt en awer eng Zerwéit fir séch den Schniëwel ofzebotzen closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

BW ... LP...

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: PDC
Am Ganzen: 3684
2 Benotzer an 182 Gäscht online