Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kierchtuerm I

 
Kierchtuerm I
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (28.12.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.12.2012
  • Gekuckt:
    23480
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    HDR
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x662
  • Späicherplaz:
    438 KB
  • Originaldatum:
    2012.05.05
  • Fotoapparat:
    D7000
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69443]
Kommentar vum Fotograf:
Iwwer Konstruktiv Kritiken freeën ech mech ënner!!

Drop klicken w.e.g.
Jeanny 28.12.2012 - 06:20
do muss en awer de Kapp anzéien, flott festgehalen, den sw passt
Conley 28.12.2012 - 12:20
Mat der Bëls war ech wierklech eng kéier wieder komm. Awer vill méi schlëmm, do gëtt et kenn Zentimeter den net beschass ass, an eng mumifizéier Dauf loung och do....keng wierklech schéin Platz. Freeën mësch awer dass de se flott fëmms Jeanny. smile
Jacques 28.12.2012 - 07:03
Schéin verschafft Conley an gefällt mer wierklech gudd am s/w!
D'Luucht déi vun deenen verschiddenen Saiten erakënnt stecht gudd eraus an doduerch ass eng flott Beliichtung an desem Bild.
Wouduerch fir méin perséinlechen goût hätt ech bessen méi Kontrast dran bruecht, an doduerch géifen d'Strukturen nach besser zur Gelltung kommen. Mee daat ass a.d.g closed_eye
Conley 28.12.2012 - 12:33
Merci fir den Komentar, hunn den Kontrast dann och en bëssen selektiv gehuewen. Leider ass di nei Versioun dann och di al. Weess lo net fir wat dass dat net klappt, gesinn ech awer och oft bei aneren Leit. En denken Merci nach eng kéier Jacques. smile
Jacques 29.12.2012 - 07:09
Schéin dass du se och am foarwechen eropgelueden huessmile
Effektiv,gefällt se mer do besser woubei mer dess och gefällt.
Du wees jo,"i like s/w" closed_eye
Conley 29.12.2012 - 20:23
......ech och s/w. smile Merci.
gemu 28.12.2012 - 08:10
Wonnerbaren Abléck an den Klackenturm, flott Détailer, gefällt mir
Conley 28.12.2012 - 12:37
Villmools Merci gemu, sinn ëmmer frou wann et gefält. smile
TC 28.12.2012 - 09:34
Ganz gutt verschafft deng HDR-Foto. Villäicht (ewéi de Jacques proposéiert huet )ee Stéck Kontraster hiewen.
Conley 28.12.2012 - 12:46
Den Kontrast hunn ech en bëssen selektiv gehuewen. Leider ass di nei Versioun dann och di al. Keng Ahnung fir wat...Merci gesot fir den Komentar Thierry. smile
micky-maus 28.12.2012 - 09:38
Salut, sinn hei bessi aanerer Mehnung wei dei aaner.
Ech geif dei dooten nawel gäer am faerwechen gesinn, well ech denken mier daat dei gro Klacken am brongen Holz scheinen Kontrast maachen. Am s/w gesait mier alles zefill monoton aus ann fannen mech net esou richteg errem. Ass natierlech wei emmer a.d.g. closed_eye
Conley 28.12.2012 - 13:15
Merci gesot...fir dech dan di heiten micky-maus.
Kierchtuerm II
chrYstal 28.12.2012 - 09:55
Flott Foto. Gefällt mer gudd!
Conley 28.12.2012 - 13:19
Merci gesot...dat freet mech wann se gefällt chrYstal. smile
MR 28.12.2012 - 10:10
ganz flott festgehalen
gefält mir !
Conley 28.12.2012 - 13:21
Och dir en decken Merci MR. smile
Aiello 28.12.2012 - 11:58
Gefällt mer och gut...och gut dass se ned lass gangen ass wei de do uwen wars, soss wers de lo daaf cool
Conley 28.12.2012 - 13:32
Dann meng alt...sinn haten ugefangen sech ze bewegen, an do hunn ech Bënn an den Grapp geholl an war séier verschwonnen. Et war Samschdeg an do stoungen schonn Leit op eng Hochzäit ze Waarden. Merci gesot Aiello. surprised
Aiello 28.12.2012 - 20:54
Hehe hätt mech och leiwer dann aus dem Steps gemach...

dat kann den Kieper komplett aus der Fassung brengen, dass Herz Rithmus Störungen kann kreien...An wen hätt dann Hochzeitsfotoen gemed cool
Conley 28.12.2012 - 21:02
Ech hätt di souwisou net gemeet. Knipsen net gären deenen aneren Leit hiren Misär bigsmile
Aiello 28.12.2012 - 21:08
Hehe lescht Wurt ass gut beschriwen cool
Gaga 29.12.2012 - 08:28
lo am Nachhinein gefällt mer dei farweg iergendwei besser.
Conley 29.12.2012 - 20:29
Jidderengem säint.....Merci gesot Gaga. closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 435 Gäscht online