Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Effusus in Prato

 
All Fotoen an dëser Serie:
33452 Thumbnail
33453 Thumbnail
33454 Thumbnail
Effusus in Prato
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.12.2012
  • Gekuckt:
    19083
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Originaldatum:
    27/12/2012
  • Fotoapparat:
    Nikon D3100
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69442]
Kommentar vum Fotograf:
En aalen Schapp an enger Wiss zu Biereng bei Miersch, menger aaler Heemecht, wou et mech haut mol rem eng Kéier hingezun huet....
micky-maus 27.12.2012 - 22:12
Schein, hunn dei aal Saachen doo gäer.
Dei 3. gefällt vum Cadrage, ann dei 1 vunn der Beliichtung am beschten. Dei 2. geif ech ewechloosen, ass ze engk cadreiert... smile

Flotten Sujet, Paul.
Paul-H 27.12.2012 - 22:24
Merci micky-maus! Déi 2. hun ech express sou cadréiert..., gesin awer lo och dass ech nach e bessen méi Wiss a Baaam ennen an uewen hätt kennen loosssen.
Wann bei der 3. den Wee net am Hannergrond wir, dann kéim se nach besser. oder?
micky-maus 28.12.2012 - 09:34
Joo daat stemmt mat dem Wee, allerdengs hunn mier ereicht hei op PG dodriwwer diskuteiert ann hunn zu puer Leid errausfond: Wann esou Saachen drop sinn, loosen mier se ewei se ass. Den Wee ass drop ann sou soll ett dann och sinn....closed_eye
Gaga 28.12.2012 - 00:30
...
Paul-H 28.12.2012 - 10:48
Lo froen ech mech natirlech waat déi 3 Punkten do heeschen ??
Gaga 28.12.2012 - 18:26
Eierlech gesoot stung do net vill positives. Des Fotoserie gefällt mer guer net.

Als eicht, ech denken dat et verschidden Beweeggrënn gin seng Fotoen hei ze weisen, an net all Mensch kann/soll/muss do zelwecht denken wei ech. Dohier hun ech mein Kommentar erem geläscht, well ech denken mier zwee gesin dei Sach ganz anescht, an ech well dech net treppelen doweinst.

Fier der awer kuerz meng Mehnung ze soen : Feir mech as naischt un enger vun den 3 Fotoen waat se hei rechtfärdegt.
Motiv as net daat spannendst, mais et as firun allem ganz schlecht an t'Bild gesaat. Keen Bildopbau, keen Hannergronnt. De Kadrage as et net wert Kadrage genannt ze gin, well ech kann mer net fierstellen dats de der hei 1sec Gedanken iwert den Kadrage gemach hues.
Allgemeng kommenteieren ech just nach Fotoen dei epes spezieles hun. Entweder einfach gut Fotoen (leider gesin ech der net ganz vill hei dei läscht Zeit) an dann Fotoen, dei e Potential hun, an wou ech mat de Leit meng Mehnung well deelen, resp. hinnen hellefen oder einfach soen, wei ech et gemach hätt oder gesin. Soit, dei schlecht Fotoen loossen ech op der Seit oder probeieren wierklech deenen dei nach ganz nei sin e bessen ze hellefen, wann se daat dann wellen.
Mais hei gesin ech, se as vun engem deen schon eng Zeit hei op PG ennerwee as. Een, deen och schon ganz flott Fotoen hei gewisen huet... an dann kennt esouepes ... hmmm *!?!*

Wei soll ech soen, sierf mer net beiss, mais nodeems mer hei sou laang an oft Radau gemach hun, weinnst deem ongerechten an nervegen Freischaltsystem, an et endlech sou weit kritt hun, dat all Mensch daat dierf weisen waat him gefällt, as daat do en Schlag an t'Gesicht fier mech, well, eierlech Paul, so mer net du gengs der daat do an t'Stuff hänken ... dei Foto wier firun 3 Meint net accepteiert gin. Mat Recht. Daat do as daat, waat op laang Zeit erem en Aktiveierungssystem wert heihin brengen.
Ech verstin et hei net, weis du vun dier selwer kanns soen, daat do as eng flott Foto an ech stin mat mengem Numm hannert desem Bild.

Et kann eben sin, dats du einfach wells Biller weisen, vun deem waats du doremmer gesais an et wells mat aaneren Leit deelen. Daat as ok, mais ech denken daat as net de Sënn vun Photogen. Dohier, am Endeffekt eng Sach vun Point de Vue. Ech hoffen ech konnt mech einegermoossen erklären. Ob jiddefall well ech dier a kenger Weis ze no trieden.

MbG

Paul-H 28.12.2012 - 20:11
Merci fir Déi détailléiert Beschreiwung vun Denger Meenung.
Ech versichen, sou kurz et geet, ze entweren. Et gett keen hei deen nemmen "gudd" oder "schéin" Fotoen rop lued. Et ass, a bleiwt "affaire de goût", och Du muss daat begräifen. En aaneren user schreiwt hei zum Beispill "Flotten sujet", Du fenns de sujet eben net gudd, daat heescht awer net automatesch dass wanns Du se net gudd fenns dass se dann schlecht ass. D'Biller déi's Du hei rop lueds sin meeschtens reng technesch ganz ok, mee vum Motiv hir gin et der awer och e puer bei deenen ech nemmen kann de Kapp reselen an déi ech mer och net géif an d'Stuff hänken an déi fir mech e Schlag an d'Gesicht sen. Och Du hues der hei déi de fréieren Freischaltsystem secher net gepackt hätten. Déi meeschten Useren sin iwregens dervir dass et sou bleiwt wéi et ass, Du hues et secher am Forum gelies.
Fir mir vir ze geheien ech hätt mer net 1 sec. Gedanken iwer de Cadrage gemaach klengt schon e bessen iwerhieflech muss ech soen. Siew och Du mer net béis, mee Däin goût ass eben net d'Laat un déi sech hei jidfereen ze haalen huet-, och wanns de all Deng Biller hei grousspureg mat "Gagapix" signéiers, sorry.
Wann Du net méi "vill gut" Fotoen déi lescht Zäit hei gesäis misst de mol vleit deng eegen Astellung am Allgemengen iwerdenken.
Ech wollt der och net heimadder ze no trieden mee wollt däin Kommentar hei awer och net einfach sou stoen loossen.
xaph32 28.12.2012 - 21:51
ech wier virsichteg matt dem wats de äntwers, well's de ufänks perséinlëch ze gin.
fir et kuerz ze maan, de gaga huet an all punkt recht (meng menung) matt enger nuance: den alen system mam roplueden war net gutt me ech wier frou mir hätten nach
Paul-H 28.12.2012 - 22:07
Ech entweren op Kommentarer zu mengen Biller waat a wéi ech well. Deen doen Kommentar häss Du der kennen spueren.
Gaga 29.12.2012 - 07:32
Merci Xaph,

nach epes waat mer am Nachhinein nach agefall as :

All PG-Member, deen fierdrun am genossentlichen Freischaltverwaltungsrot sutz, misst mol dei Zeit, dei en elo spuert domad verbrengen an bei esou Fotoen elo och epes schreiwen, nämlech fierwaat en dei net eropgelooss hätt ... mais Kiritk as jo hei emmer mei ongär gesin ...

Schluck 28.12.2012 - 22:30
"Die Geister die ich rief" ... Gaga, ech ginn der Recht mais dann géif ech eng Forumsdiskussioun zum Thema "Langweileg a schlecht Fotoen" - "Weineg oder schlecht Kommentarer" - "Keng Helef oder konstruktiv Kritik bei den Fotoen" besser fannen wéi dat lo bei enger Foto auzedroën wëll d'Problemer sinn jo allgemeng an héi gët herno perseinlech ...
Gaga 29.12.2012 - 07:23
Wei äntwert een hei 3 Leit gleichzeiteg ?!? bigsmile

Paul, genau daat wollt ech net, dats de dei Sach elo perseinlech hells.
Schluck ; jo eng Forumsdiskusioun wier gut, mais leider verpassen dann oft dei mescht Leit se.

Soit, ech sin net GROUSSPUEREG, ech taggen meng Fotoen fier dat se net direkt vun egal weem kopeiert gin an am nächsten Picdump landenbigsmile

Hei as einfach eng Foto, dei dermossen schlecht as, dat ech daat wollt drenner schreiwen, hun mer et jo anescht iwerluecht well ech wees dat vill Leit esou eng Kritik net gären heieren.

Trotzdem, geiff et dier gut doen selwer mei streng mat der ze sin, daat do as numol einfach teschnesch gesin Naischt, an daat huet och naischt mat ADG ze din... ech sin mer secher dats du daat och wees.

Soit, wanns du awer der MEhnung bass dats du op esou engem Niveau wells bleiwen, dann as daat dein Choix, ob allefall wees ech dann jo mol dat ech mer t'Mei net mei brauch ze machen der ze probeieren ze hellefen.


MbG



Jeanny 28.12.2012 - 06:18
sou gesinn se aus, wann se net a Stand gehalen ginn, schued

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 459 Gäscht online