Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Eng Leeder

 
Eng Leeder
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.12.2012
  • Gekuckt:
    21726
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    4
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    15.8 mm
  • ISO:
    80
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x1067
  • Späicherplaz:
    653 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    DMC-TZ10
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69136]
Kommentar vum Fotograf:
Op enger Wanderung am Nagaland entdeckt ...
Gaga 14.12.2012 - 10:58
Waat hälls du dann selwer sou vun denger Foto ?
Karelchen 16.12.2012 - 12:16
Majo ech hun et einfach een interessant Motiv fond - och wann d'Photo phototeschnesch wahrscheinlech net top as closed_eye Dei verschidden brong Téin fannen ech ganz interessant.
As jo och mat engem "klengen" Apparat gemach gin .. ( An sin jo och en Ufänger an hun nach vill ze léieren) closed_eye

Hues du Virschléi wei ech dest Motiv besser hätt kéinten afenken ?
Gaga 21.12.2012 - 22:55
Also ech muss soen dat ech daat net richteg novollzeien kann, obwuell, ech sin der Mehnung du kanns alles, wierklech alles flott an t'Bild setzen. Mais Do hues de der en schweiert Motiv erausgesicht fier epes spannendes draus ze machen.

Ech probeieren mol et esou ze erklären : Brong Tein, Sujeen, etc ... daat as am Fong alles affaire de gout. Do kann een driwer diskuteieren. Waat allerdengs mei fondeiert as, an eben an enger gewessener Mooss festzehaalen as, daat as de Bildopbau, t'Perspektiv an esou Geschiir. Natierlech gin et do keng Tabuen, an et kann een mat allen Sachen spillen an experimenteieren. Daat as awer dann schon eichter fier den Fortgeschrettenen an et wier net schlecht mol, wei bei allem, mat den Grondregelen unzefänken.

Teschnesch gesin as t'Leeder jo mol net komplett falsch Kadreiert, se as net flatsch an der Mett, se as net ze enk Kadreiert. Mais et as einfach naischt ze kucken an der Foto. Wou steht se ? As do en Gebei an der Geigend ?
Fierwaat steht se do ... waat as do uewendriwer ?
Hei kucken ech dei Foto an an 2sec hun ech alles entdeckt : eng aal Leeder, iergendwou an der Brutzt.

Wei gesoot, et as schweier ze soen waat een hei hätt kennen anescht machen, well een guer net wees waat nach fier meiglechkeeten do gewiercht wieren, an wann keng do woren, wor et filleicht och net meiglech eng genial Foto doraus ze machen.

Ech geiff villeicht als "Ufänger" epes mei einfaches an mei geweinleches probeieren fier unzefänken. An t'Greisst vun dengem Apparat spillt dobai guer keng Roll.

MbG
Karelchen 02.01.2013 - 10:26
Merci Gaga fir dein éierlechen Kommentar.. Probeieren deng Denkusätz mat an meng next Foto'en ze huelen.

Bei deser Foto wor naischt Interessantes rondrem ausser Gestrütonguep dofir hun ech mech just op d'Leeder konzentreiert. Ech hun effektiv net drun geduecht datt de Betruecheter sech d'Fro stellt an weiengem Kontext dest Motiv steet ( well fir mech wor et jo klor well ech dobai wor closed_eye

Mee du hues Recht datt et oft mei sënnvoll as de Kader mei detailléiert duer ze stellen well dann fenkt een jo och d'Atmosphère mei an..

Wier frou wann ech nach weider Kommentarer vun dir zu Foto'en kréien.. durch sou Kritik léiert een jo och vill bei closed_eye

Léif Gréiss, Caroline


(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 522 Gäscht online