Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Schwaarz Iernz

 
Schwaarz Iernz
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (26.10.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.10.2012
  • Gekuckt:
    14996
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    13/1 sec
  • Blend:
    f/20
  • Brennwäit:
    28 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x800
  • Späicherplaz:
    424 KB
  • Originaldatum:
    2012:10:26 15:54:35
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=67741]
Kommentar vum Fotograf:
Eng ganz bekannte Plaz am Mëllerdall.

Op dem Waasser si wäiss Schaumflocken geschwommen. En Zeechen datt d'Iernz deen Dag net grad Top-Qualitéit hat.

Duerch d'laang Beliichtung sinn du wäiss Schlieren um Bild entstanen.

Ästhetik mat Knascht souzesoen.
Gaga 26.10.2012 - 18:23
flott Laangzeitbeliichtung, gefällt mer daat do !
den S/W as tip top dobai !
jorsch 26.10.2012 - 21:11
Merci Gaga, och fir de Fav.
BigVood 26.10.2012 - 20:10
Ech fannen den Opbau vun denger Foto ganz gelong.
Fannen awer, datt mat entspriechender Veraarbechtung vill méi aus dem Bild rauzehuelen ass: mir feelt et einfach u Kontrast am Bild. De Waasserfall stëcht einfach net genuch raus. De Fiels lénks, deen de Bléck op de Waasserfall leet, misst méi däischter sinn.
Ech mengen, dat géif dem Bild vill méi e Wow-Effekt ginn.

Wéi gesot, meng Meenung, géif ech mol sou ausprobéieren.
jorsch 26.10.2012 - 21:25
Merci BigVood fir däin hëllefräiche Kommentar!!

Ech mengen du hues Recht: Ech hunn elo relativ schnell mat de Gradatiounskurven de Kontrast eropgesat. Fannen se elo schonns besser!
Mat méi Zäitopwand ( = spéider ) kann ech dann nach méi selektiv probéieren.
BigVood 26.10.2012 - 23:41
Stemmt, ass lo schons besser. Muss dem Galileo awer och zoustemmen: stéiert de Fleck. Ech mengen, du hues déi onkomplizéierst Léisung schons virgeschloen. closed_eye
galileo 26.10.2012 - 21:31
Eigentlech nët schlecht, de Bildopbau funktionnéiert gudd, mee mech stéiert den helle Fleck fir am Bild tëschent de Steng immens vill - dat ass schued. Ech muss emmer dohinner kucken amplaz mat de Linnen no hannen op de Wasserfall.

Mat e bëssen Opwand kriss du deen bestëmmt fort....?
jorsch 26.10.2012 - 21:35
Merci galileo!

Jo, ech hat de Polfilter zwar drop, deen huet awer net alles u Reflexer gebotzt.

Ech froe mech op ech net ganz einfach nach eng Kéier zréck op t'Plaz goe soll.
Jean-Jos 27.10.2012 - 22:47
Flott Perspektiv a Vue!
Mam Wäitwénkel hun ech déi Plaz nach nët opgeholl, wëll mäi Grofilter nët drop passt.
jorsch 28.10.2012 - 10:44
Merci Jean-Jos.

Ech hunn et zwar nach net probéiert, mä wann een de Grofilter einfach virdun hält, misst jo och goen? ( Natierlech nëmme wann de Grofilter méi grouss ewéi d'Objektiv ass. )

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 406 Gäscht online