Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

am Trapenhaus ...

 
am Trapenhaus ...
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (28.12.2011). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.12.2011
  • Gekuckt:
    12172
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    84 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1.3333333333333 EV
  • Gréisst:
    752x1052
  • Späicherplaz:
    424 KB
  • Originaldatum:
    2011:12:27 19:37:19
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=61073]
Kommentar vum Fotograf:
... do muckst keng Maus
Poly 27.12.2011 - 21:12
schéinen Emballage, gutt erëmbruecht
suraki 27.12.2011 - 22:32
de "Christo" war do bigsmile , merci Poly
Nicon07 27.12.2011 - 21:21
Open -closed
Yin -Yang
Strukturéiert - glaat
Schwarz - wäiss
0-1
Cape Canaveral um Belval

Two in One
Well done!!!
suraki 27.12.2011 - 22:30

de Yin-Yang gefëllt mer am beschten,
ass deen ausgeglach, ass d'Bild gutt closed_eye
merci Nico
Metalbambi 27.12.2011 - 21:34
Deen Deel uewen gefält mer net, ënnen ass d'Bild kloer composéiert an zweegedeelt, mee duerch den chaoteschen Deel uewen zerstéiert dat nees.
suraki 27.12.2011 - 22:28
Merci Bob , den ieweschten Deel sollt fir mech den Iwwergang, d'Verbindung, de Wee duerch d'Bild duerstellen. Du hues awer vollkomme Recht dat deng Iwwerleeung fotografesch besser wär. An elo fëllt mer och nach op dat se kippt.






Nicon07 27.12.2011 - 22:42
Se kippt net, si geet uewen zesummen wéinst de stürzenden Linien. Well kuck! An der Mëtt wou d'Baatsch an d'Stee zesumme kommen, ass d'Linn quasi senkrecht.

Ech gin dem Bob zwar recht, mais ech denken awer, datt een och alt mol fotografesch oder kompositoresch Regelen iwwergoe kann, wann dodurch d'Foto nach hirer Qualitéiten net ganz verluer geet. Ech gesin nämléch durch dat "Gewulls" uewen, datt d'Baatsch d'Form vun enger 1 kritt an durch deen "Arm" no lénks eng verbindung mat der Stee gemaach get. Lénks klëmmt de Bléck d'Trapen rop, geet dann am Dräieck vun der Baatsch no rechts a fällt dann iwwert déi hell Baatsch wéi iwwert eng Rutschbahn neess rof no recht an den Eck fir aus dem Bild raus ze goen.

So gesin ech dat, mais wéi schon sou dacks hei gesot. AdG oder Les goûts etc...
suraki 28.12.2011 - 06:48
esou der Zwée, dat huet mer elo keng rou gelooss,
hunn dat elo missen awer probéieren smile thx
Metalbambi 28.12.2011 - 13:28
Hmm, déi 2 hunn eppes... smile
suraki 28.12.2011 - 19:10
thx Bob
mischii 28.12.2011 - 09:20
ech muss lo éierlech soen, dass mir perséinlech déi éischt Versioun besser gefall huet. "D'Verpackung" koum do besser zur Geltung, an déi mecht jo awer ee gewësse Reiz un deem Bild
Nicon07 28.12.2011 - 09:49
Dat gesin ech och sou, Michèle. An nach alles dat, wat ech dem Edy schon ënnendrënner geäntwert hun...
suraki 28.12.2011 - 12:25
elo ass sécher fidderen duercherneen,
als Erklärung et sollt sinn, meng Versioun ... also déi déi en elo geséit vir
an déi aner, vum Bob virgeschloen Versioun... bei klick op aal Versioun.
Dat war awer net gaangen an elo bleift se esou wéi se mer gefëllt an ech se weise wollt closed_eye

Nico du hues vollkomme Recht , wann e wiesselt huet en dem, den sech d'Méi vun engem flotte Kommentar ginn huet ... e bëssen zerstéiert smile

Alleguerten en decke Merci.
Nicon07 28.12.2011 - 18:30



Mais wann een drop klickt, dann huet een dach déi vum Bob virgeschloe versioun. Kann et sin, datt däi Browser fir mi schnell Säiten opzeruffen, déi aal Foto bäibehällt trotz ersetzen. Mach mol ee "vider le cache" an da misst du och déi 2. Versioun gesin, déi' s du lo neess ersaat hues.

Et wier nach d'Méigléchkeet bliwwen, een upload ze afferen an di 2 Versiounen als Serie rop ze lueden an déi bis dohinner geschriwwe Kommentarer mat Copy-Paste als éischte Kommentar op där neier Plaz anzesetzen.... smile

Schéinen Owend nach!
suraki 28.12.2011 - 19:09
merci Nico, ech hat e Problem mam "cache" a mengem Firefox,
hunn de Browser och nees nei installéiert an elo geet erëm alles wei et soll sinn. Merci fir d'hëllef smile
suraki 28.12.2011 - 19:10
och un dech en decke merci Michèlesmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 496 Gäscht online