Sou, mol eppes aneres wi Macro!
Vue dat ech lo schon an Freiburg liewen, maachen ech dann och mol heiansdo e puer Fotoen vun der Stadt.
Fannen di heiten eigentlech ganz schein, ech wenschen just den Auto wier net drop.
Wann ech dain Titel vun der Foto richteg verstinn, ass dain Haaptsujet hei Kiirch. Dei ass allerdings dann hannert den Beem verstoppt an hannert der Statu am Sprangbuer. Dat lenkt mech dann alles awer zevill vun der Kiirch als Haaptsujet zevill of. An denen donkelen Bereicher hues du an mengen Aaen dann ze weineg Detailer, wous du ganz gudd geseis op der Statu.
Also wann een e beschen fanstasie huet, dann bilden dei 2 beem eng zort härz, den jesus ass nach drop, an d kirch, Dann hues du och d Herz-Jesu-Kirche...
Wees net op daat bewosst gemaach ass oder op dei kirch einfach nemmen sou heecht, mee sou keint een daat jo mol interpreteieren
Hehe, wanns du dat esou geseis, dann wär et intressant bei "Kommentar vum Fotograph" ze liesen Soss kann een wei ech mol den Foto falsch interpreteieren
D'Foto heescht sou well jo offensichtleg di Kiirch drop as. Ech hun och eng Foto wou een d'Kiirch besser gesäit, ma ech fannen di heiten mei schein.
Ech wollt einfach deen Buer mat der Kiirch am Hannergrond fotografeieren.
Mier huet d'Symmetrie vun der Plaaz, och mat den Beem, gud gefal.
Vue dat d'Leit scheinbar all onbedingt eng besser Foto vun der Kiirch welle gesin kann ech och nach di aner roplueden.
Jo dain Titel hun ech jo och esou verstan dass d'Kiirch esou heescht. Fir mech war dun kloer, dass d'Kiirch dein Haaptsujet wär. Mee dass dat mat den Beem esou gewollt war, war allerdings lo net esou offensichtlech.
Mat der Symetrie hues du awer Recht. Dei stemmt hei.