Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Solitaire

 
Solitaire
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.12.2011
  • Gekuckt:
    3452
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/5.3
  • Brennwäit:
    10.56 mm
  • ISO:
    80
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    600x800
  • Späicherplaz:
    274 KB
  • Originaldatum:
    2011:12:11
  • Fotoapparat:
    PENTAX Optio H90
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» Allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=60782]
Kommentar vum Fotograf:
Mir waren haut mat Frënn op engem wonnerbaren Trëppeltour am Éisléck ënnerwee an ech hun do ee super Baam entdeckt. Leider haat ech wéinst der Trëppel-Distanz (16 km) jhust méng kleng 'Knipps' derbei, awer ech si mer elo schons sécher, datt ech mat Stativ a guddem Gerät dohinner zréck gin! Et ass an der Géigend vum Stau no bei der Hierheck.
nebu 11.12.2011 - 22:58
Schéin minimalistesch. Gefält mir ganz gutt den negative space...
Jean-Jos 12.12.2011 - 18:45
Merci gesoot, dat huet sech richtég ugebueden esou ze kadréieren.
Jeanny 12.12.2011 - 05:51
gefält mir ganz gutt,
e sou schei gréng wei am Fréijoer
Jean-Jos 12.12.2011 - 18:49
Merci Jeanny, mat e bësse selektiver Faarwbeaarbéchtung kann een heiandsdo liicht séng Virstellung, wéi eppes soll sin, duerstellen (an d'Fréijoer hun ech definitiv léiwer wéi de Wanter) closed_eye
bigmama19420205 12.12.2011 - 08:37
bëssen ze vill Himmel ,
ma soss gut smile
Am Ëisleck sen vill schëi Plaatzen
Jean-Jos 12.12.2011 - 18:51
Tja esou ass dat mat de 'goûts et couleurs', e bësse gewoot vläicht, awer op der Plaz war dat fir mech dat, wat ech hu misse machen closed_eye Merci bigmam.
Keup 12.12.2011 - 09:23
Wann déi ganz Gitteren an Heck net drop wier dann wier se nach vill besser an mengen An
Jean-Jos 12.12.2011 - 18:55
Ech gin der Recht, ech hat och nët wierklech d'Geléenheet, mech méi intensiv mam Sujet ze befaassen (an och mäi richtégt Geschiir an d'Stativ nët derbei), wëll mer zu 14 op engem flotten Trëtonguepeltour waren; awer ech hu mer d'Plaaz verhalen, vläicht fällt jo nees en décke Meter Schnéi, da kritt een de Baam ouni d'Clôturen ze faassen. Merci Yves.
Maimonides 12.12.2011 - 21:58
Dat Parallelt vum ënneschten Deel vun der plaakeger Kroun
mat dem Niveau vun där saater Wiss, ass de Clou, Jean-Jos. An esou gekuckt stéieren Clôturen (mech) och net.
Mir gefält se esou wéi se ass.
Jean-Jos 13.12.2011 - 20:24
Décke Merci fir déng flott Analys Maimonides, do ass eppes drun.
suraki 13.12.2011 - 20:01
ech hunn ëmmer nëmmen eng kleng Knips derbäi Jean-Paul,
ewéi vu dir gewinnt ass de Cadrage an d'Motiv richteg gutt.
Jean-Jos 13.12.2011 - 20:28
Merci Ed, ech hun op alle Fall bei eisem Trëtonguepeltour vun e Sonnden gemierkt, datt et vill méi liicht a praktësch ass, mat enger Mini-Pentax am Rucksack smile
Ech war virun 3 Wochen mat engem gudde Frënd e déckt Stéck vum Tour du lac machen an hun do während 21 KM méi wéi 2 Kilo Fotomaterial geschleeft... dat geschitt mer op alle Fall nët méi closed_eye
suraki 13.12.2011 - 20:42
da wees de elo och, wat et heescht mat engem Teleskop 800mm 5kg, mat Stativ, 5D 100-400, anananan ronderëm Remerschener Weieren ze trëtonguepelen.

Ech weess och elo firwat déi do hannen ëmmer mat Tarnkleedung ënnerwee sinn. Net wéinst den Déieren !! .... et ass nëmmen dat d'Leit, déi dann verständlecherweis de Kapp resselen, ..... se méi schwéier oder méi spéit gesinn bigsmile
Jean-Jos 13.12.2011 - 20:47
bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Federpflege

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: jaro
Am Ganzen: 3682
keen Benotzer an 77 Gäscht online