Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Réflexions

 
Réflexions
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.10.2011
  • Gekuckt:
    24828
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    29
  • Beliichtungszäit:
    1/5 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    38 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x532
  • Späicherplaz:
    490 KB
  • Originaldatum:
    Oktober 2011
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=59816]
Kommentar vum Fotograf:
..mol nees ëppes an der Faarw..

..am Val Verzasca, nodeems d'Sonn schons eng Zaitchen am Dall verschwonnen war, an d'Liicht intressant gin ass ..
mischii 25.10.2011 - 12:00
ech bewonneren a genéissen
marker 26.10.2011 - 12:47
..daat freet mech richteg, Merci mischii
Abacab 25.10.2011 - 12:16
Ganz flott di doten!
marker 26.10.2011 - 12:48
Merci dir, freet mech..!!
Silex 25.10.2011 - 13:14
Wonnerbar!
marker 26.10.2011 - 12:49
..och dir e grousse Merci..!!
Zora 25.10.2011 - 13:23
Fantastesch
marker 26.10.2011 - 12:49
..Merci Zora, freet mech..!!
Zodiac 25.10.2011 - 13:38
Dat Faarwspill am Fiel ass awer mindestens genau esou intressant wei d'Spiegelung. smile
marker 26.10.2011 - 12:53
..jo effektiv, mais daat ass net zu jidder Daageszait esou,
am intentivsten Moies an Owes wann d'Sonn fort ass,

och hei e grousse Merci..!!
gloda 25.10.2011 - 13:43
Cool Strukturen. Mir gefällt den Faarfkontrast vu Blo an Orange an ech fannen et och flott dass d'Bild e bëssen abstrakt ass.
marker 26.10.2011 - 13:02
..ech sutz laang an der Keelt, an dee Moment ofgewart bis d'Sonn war fort, an ''d'Liicht kaal'', dofir och de Blostech op de Fielsen an am Waasser, mais daat wees du jo selwer am Beschten
Merci dir fir de Comment..!!
spackelter 25.10.2011 - 14:26
Ganz staark.
Respekt!
marker 26.10.2011 - 13:03
..hei ebenfals e grousse Merci spackelter..!!
gtaddei1 25.10.2011 - 14:27
flott grafik aus der natur geholl
flott farwkontraster
an flotten visuellen equilibre
marker 26.10.2011 - 13:11
.. do kéins de dech Deeg lang amuséieren. Ech war am Juni do, ass awer kee Verglach elo am Oktober. Momentan aennert d'Liicht beim Wiessel vum Daag esou schnell, an alles gesait vun enger Minut zur naechster aneschters aus, daat ass phantastesch..

och dir e grousse Merci gesoot..!!
gtaddei1 26.10.2011 - 19:24
Haett ech nemmen Zait... d'Pensiounsalter waerd dann ereicht kommen wann ech mat engem Longekriips am Bett leien smile
marker 26.10.2011 - 19:56
Ojé, so dach naischt esou.. confused

Ech brauch awer och nach e puer Joer bis zur Pensioun, ech muss mech allerdings net méi no de Schoulvakanzen riichten a kann main Congé aneschters plangen..!!
gtaddei1 27.10.2011 - 12:25
daat ass schon net schlecht ... frei vun den Parentalen Obligatiounen (also dei direkt, elteren bleiwen mir é Liewe lang ...)
jorsch 25.10.2011 - 15:19
Gefält mir immens gutt!
marker 26.10.2011 - 13:15
Merci jorsch, freet mech dat d'Bild dir gefällt..!!
Scyv76 25.10.2011 - 16:02
Super Kontraster an super Liicht, wann een sech e bessi ustrengt erkennt een eventuell esou en Déier an déer Fielsformatioun (okay mat e bessi iwwerdriwwener Imaginatioun smile )
marker 26.10.2011 - 13:13
..richteg, lait mat der Schnë... am Waasser a pëtzt d'Ae och nach zou.. smile

Merci gesoot, freet mech..!!
NikonD80 25.10.2011 - 21:00
Super Linnen, Formen an Faarwen, gefält mir
marker 26.10.2011 - 13:21
..an hei ebenfalls e grousse Merci NikonD80. Formen a ''Faarwen an dëser Joreszait'' gët ët hei en Masse.
Freet mech..!!
Jeanny 26.10.2011 - 06:04
well schonn s alles gesot gouf, soen ech einfach, wat eng schéin a kloer Foto Marc
marker 26.10.2011 - 13:25
..well schonn's alles gesoot gouf closed_eye, soen ech dir wéi all deenen aneren och ee grousse Merci.
Freet mech Jeanny..!!
theom 17.01.2013 - 14:42
Super Marc
marker 02.03.2013 - 18:38
Ohh, Merci Rob.
Ët misst een sech méi regelméisseg aloggen, da geséich een seng Comment's och closed_eye.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 340 Gäscht online