Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ground Zero.

 
Ground Zero.
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.09.2011
  • Gekuckt:
    45047
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    36
  • Beliichtungszäit:
    1/40s
  • Blend:
    f/4.5
  • Brennwäit:
    24mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    -
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    240 KB
  • Originaldatum:
    August 2011
  • Fotoapparat:
    Canon EOS Mark II
  • Programm:
  • Objektiv:
    Canon 24-105mm
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=58766]
Kommentar vum Fotograf:
Aus aktuellem Ulass e Versuch am Colorkey: e Bleck op de chantier vun ground zero mat an der Mett den 9/11 Memorial den e Sonnden an commémoratioun vum 10 Johresdaag vom POTUS ageweit get. Ganz lenks am Bäu ass den eigentlechen WTC 1 - no Färdechstellung 2013 mat 541 Meter (mat antenne) daat neit hechst Gebai vun NY (an den US). Weider intressant Informatiounen gin et beispielsweis bei
http://www.spiegel.de/flash/0,,26730,00.html
Miisamm 10.09.2011 - 15:36
Muss soen dass dat mer ganz gudd gefällt. Haas de och Probeiert mat nemmen den Leit s/w. Ech wees lo net wi de buedem an de Plafond Faarweg ausgesäit, mee deemno wei wier dat och cool nee?
BAPAX 10.09.2011 - 17:46
Ech hun effectif all Optionen ausprobeiert an dei do gefällt mer am Beschten well den Akzent um Haaptmotiv läit. Am SW wierkt se awer och net schlecht.
Maimonides 10.09.2011 - 16:01
Exzellent di do, BAPAX.
An de Colorkey passt mol eng Kéier richteg gutt:
dat wat war, an dat wat wärt sinn.
Chapeau.
BAPAX 10.09.2011 - 17:51
De Colorkey huet sech mer wirklech irgendwei opgedrängt ... merci fir d'compliment an de favorite !
Richie 10.09.2011 - 16:37
Gefält mär immens gutt.
BAPAX 10.09.2011 - 17:51
Merci Ritchie !
jorsch 10.09.2011 - 18:25
Super Foto!

Zwou Welten: Ass de Fortschrëtt nach human?

D'Spigelung um Buedem ass d'Creme!
BAPAX 10.09.2011 - 18:43
Fannen ech och: d'Spiegelung wierkt e bessen wei ee Schied vum passé ...
mischii 10.09.2011 - 19:30
de ck passt wi d'Fauscht op d'Aan hei
Leit déi nach ëmmer traueren virun enger Welt di weidergeet
BAPAX 10.09.2011 - 23:47
... an der Hoffung an der Virfreed op dat waat nei entsteet. Merci mischii.
Maimonides 11.09.2011 - 00:41
Mir 2
(op d mannst)
sinn do enger Meenung, Michèle !
Jeanny 11.09.2011 - 06:37
Jo, Welt geet weider, an dach wat muss dat e Gefill sinn, wann een hanneno an esou e Gebai era geet, et huet e jo nach ëmmer, däi schrecklech Biller virun den Ae, wa vum 11 September riets geet.
eng wonnerbar Foto
BAPAX 11.09.2011 - 10:06
Mir wärten secher nie vergiessen waat deemols do geschiit ass, an dorun zu denken stemmt een emmer erem traurech, mee ech mengen dass mat denen neien Gebaier och nees neit Liewen a Freed do anziit, nieft dem Gedenken ...
gogo 11.09.2011 - 09:14
fannen ech eng megaiddi an och super emgesaat, meng Stemm hues de smile
BAPAX 11.09.2011 - 10:08
Merci gogo, dei beschten Iddien kommen engem oft spontan ouni laang nozedenken ...
rabbit 11.09.2011 - 10:09
hass de gut verschafft
BAPAX 11.09.2011 - 11:53
thx rabbit
Miau 11.09.2011 - 12:09
super gudd die do
BAPAX 11.09.2011 - 13:42
Merci Miau, och fir de favorite ...
m-otiv 11.09.2011 - 21:58
gefällt mir ganz gudd....
BAPAX 11.09.2011 - 22:21
Freet mech Vito !
Abacab 11.09.2011 - 21:59
Fannen ech ganz staark di doten!
BAPAX 11.09.2011 - 22:22
Merci Abacab !
BAPAX 12.09.2011 - 07:51
Merci fir all är Stemmen dei Ground Zero zur Foto vun der Woch gewielt hun ! smile
petz65 12.09.2011 - 13:50
impressionant Foto!
BAPAX 12.09.2011 - 23:21
merci Petz !
Schluck 12.09.2011 - 16:15
Verdengten Wochenfoto, immens flott verschafft
BAPAX 12.09.2011 - 23:23
merci gesoot Schluck, et war och e bessen Arbecht mee et huet sech jo gelount ...
Gibbes 12.09.2011 - 21:10
Freet mech fir dech - Flott Foto
BAPAX 12.09.2011 - 23:24
merci Gibbes, ech waarden elo op deng nächst ... smile
Jean-Jos 14.09.2011 - 22:06
Déi hat ech verpasst, hu s'awer e Méinde schons als Wochefoto gesin.
Och fir mech ass dat doten e gutt Bild: nët nëmmen, déi cool sw-Spiggelungen um Buedem, déi trotz colorkey d'Blécker op sech zéihen, mee einfach déi Gesamtvue vun dësem Bild mat schéiner partieller skyline [vun ënne no méi uewe gekuckt closed_eye ] ass richtég flott.
Félicitatiounen zum Bild an zur Wochefoto!
BAPAX 16.09.2011 - 21:30
Merci villmols Jean-Jos, et freet mech dass dir och gefaellt smile
ploro 17.09.2011 - 18:19
Ganz schéi Foto, an och de ColorKey passt gudd bei d'Idee wéi schon sou oft gesot. Allerdings fannen ech d'Verarbeschtung vum Faarwegen deel nët gelongen. Ass zevill 'knaschteg'. Wanns de wees wat ech mengen smile Beim Schwarz/Wäisse Buedem Passt se wonnerbar mee bei der Skyline nët ech ging eventuel probéieren den Faarwegen an den S/W Deel separat ze verschaffen.
BAPAX 17.09.2011 - 18:38
merci ploro, verstin waat's de mengs an ech waert et probeieren ...
SBCriss 17.09.2011 - 19:37
Wow! Super beis dei dosmile
BAPAX 18.09.2011 - 11:38
merci gesoot !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 576 Gäscht online