hm..merci fia dn kommentar..
io wees net..main ipod ass an da reparatur an sin einfa spontan op idee komm dun su eng foto ze maan.ma gefällt se o net su immenz.mee wollt mol kukkn waat dia all dozou gifft son. an waat ch kann bessa maan :]
Ok, also eng Saach wou ech der rode giff bei sou Photoen (wou d'Haaptmotiv e Géigestand ass an dësem Genre den enzwouch dropläit) ass dass souwuel den Hannergronn, respektiv d'Fläch wou den Objet dropläit wéi och den Objet selwer zimlech propper si sollten. Besonnesch wanns de sou wéi hei vun uewen erofknipps an den Objet ganz no um Hannergronn ass. Dann ass ët nämlech nët méiglech duerch Blend den Objet schaarf ze kréien an den Hannergronn flou. Heescht hei: den Hannergronn huet Flecken, Schréipsen, dat kënnt nët wiirklech gudd eriwer, doduerch verléiert d'Motiv och u Wäert (wees nët wéi ech dat anescht ausdrécke soll). Hei ass d'Motiv selwer och nët wiirklech de Renner. Probéier dat Ganzt nach eng Kéier wanns de däin ipod eremhues.
Oh! Wanns de déi Foto schon erop lueds, sin ech och ganz éierlech mat der.
Den amBesch huet schons drop higewisen dass den Hannergrond voller Schréipsen ass, an iwwerhaapt net schéin ass. Wanns de keng eben Fläch hues ouni Téitschen oder soss eppes, probéier een T-shirt, Duch o. ä. drenner ze leen.
D'Kopfhörer sin net schéin positionéiert, mee an vollem Chaos.
3 Ecker sin ganz donkel, den Eck uerwen riets ganz hell vu que dass de deng Liichtquell do positionéiert haas.
Probéier et nachengkeier an dann pass de ob all dei Saachen op:
- Kompostioun/Cadrage (wou léit waat, ass et schéin positioneiert oder fannen ech mech netmei am Chaos erem ?)
- Ecker net oofdonkelen
- Alles op eng propper Fläch leen
also lo mol fier d'eischt ze soen ech hun d'kommentarer vun deenen aaneren net gelies ech loosen mech bei menger mehnung vun kengem beaflossen!
also d'foto ass gudd gesot leider ''scheiss''
1. et ass en knuet am kabel
2. den hannergrond ass zerschreibst
3. d'idée ass net originell an schon aal
4. rietz uewen dei hell plaatz ass net genial
am allgemengen fannen ech se wiekelech ganz schlecht, sorry!
du hues geschriwwen ob's de net woust ob's de dei foto solls eroblueden...
...häss du et nemmen net gemach! verstin och guer net firwat ase iwwerhapt ugeholl gouf! NAJA!
hoffen du mes geschwenn rem besserer!
ass alles net beis gemengt mee just meng eierlech mehnung vun denger Foto!
(gin der och keen vote)
Also ech fannen d'Foto net "scheiss", wiirklech net.
Mengen et ass jidferengem sain Gout, mee den Knuet an d'Schreipsen maachen eppes aus der Foto, wann dei net do wären, wär se vill ze "schein", well den iPod ass jo fort, dat ass jo e Verloscht. An di hell Plaatz huet och hiire Charme. Fannen just d'Housse bessi verwescht, wees net su richteg.
D'Foto ass zwar net richteg schaarf, mee mär gefällt se
Degustibus non est ... XD