Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Lions.

 
All Fotoen an dëser Serie:
20135 Thumbnail
20136 Thumbnail
20137 Thumbnail
Lions.
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.08.2011
  • Gekuckt:
    43081
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    31
  • Originaldatum:
    July 2011
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Objektiv:
    Canon EF 70 - 200mm
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:
Canon Extender EF 2X

Fir anzesetzen: [pg_img=58088]
Kommentar vum Fotograf:
Am Serengeti National Park an Tanzania.

D'Leiwen haaten grad e Gnu erluecht an hun sech et gutt schmaache geloos ... Eng un sech grausam mee reel an beandrockend Naturszene ... Een vun hinnen ass duerno bei d'Waasser drenken a sech d'Schness waeschen gaang ...

nebu 12.08.2011 - 14:07
Déi zweet Foto ass richteg impressionant .. gefält mir ganz gutt. Giff déi gären an enger méi grousser Opléisung gesinn...

BAPAX 12.08.2011 - 14:44
merci nebu, am groussen Format gesait een effectiv nach vill mei Detailler speziell vum Gesicht ...
nebu 12.08.2011 - 18:04
Ass déi Foto och verfügbar... dat heescht kann een déi och kucken am Internet?
BAPAX 12.08.2011 - 23:44
am Moment exclusiv op photogen.lu ... ech kann der se awer gaer schecken an der Originalgreisst
nebu 18.08.2011 - 11:21
Gären..
Laurent76 12.08.2011 - 14:55
Grausam ass mengen ech een falschen Ausdrock. Wann all Mensch mißt sain "Fleesch" selwer embrengen an schluechten mengen ech geif es och schon manner gies gin. Mir hun keen Bezuch mei zu der Realiteit an kennen net mei associeieren daß all Fleesch vun engem Deier kennt. Dessen Gnu hat vieleicht irgendwou Pech, kann sech awer glecklech schätzen Fraiheet an Daagesliicht kannt ze hun, daat kann net all Deier fir sech behaapten...
BAPAX 12.08.2011 - 16:40
Daat ass secher richtech Laurent, mir liewen am Geigesaatz halt an enger esou-genannter Zivilisatioun dei bestemmt och net emmer wuerdech mat den Deieren emgeet ... Anerersaits giff awer och z.B. vill manner Brout giess gin wann jiddfereen sain eegent misst baaken ...
Abacab 12.08.2011 - 14:56
Wow, wat eng impressionnant Fotoserie. Allen 3 gefalen se super!
BAPAX 12.08.2011 - 16:29
merci marc
Jeffrey 12.08.2011 - 16:23
Uahh... sauflott!
War bestëmmt eng supper schéin Vakanz... smile
BAPAX 12.08.2011 - 16:31
jo, genial Vakanz, an net nemmen fir Fotoen ze maan ...
Miau 12.08.2011 - 17:33
flott Serie, ganz gudden Doc.
BAPAX 12.08.2011 - 17:46
merci miau, pussycats misst du jo gaer hun ... smile
Miau 14.08.2011 - 19:43
jo, zemols ech selwer een aaler Léiw sin...
Pit 12.08.2011 - 18:29
Impressionant Doku Serie, gesait een nët all Daag.
BAPAX 12.08.2011 - 21:20
merci Pit, ech haat och deck chance esou eng szene mat z'erliewen ...
suraki 12.08.2011 - 19:27
ech hat elo bal op den John getippt ... (schumm) closed_eye
top Dokumentatioun !
BAPAX 12.08.2011 - 21:23
merci gesoot
Paulchen 12.08.2011 - 22:26
Schein Foto. Imens schärf. Flott mat dem bloen Wasser als Kontrast am Hannergrond.
BAPAX 12.08.2011 - 23:41
merci paulchen
Maimonides 14.08.2011 - 01:06
Weess de, BAPAX,
wann ech e Léiw
mat engem Halsband gesinn,
da stellen ech mir scho Froen.
Dat Halsband ass fir mech
vill méi anormal
wei deen bal nach liewege Bifdeck.

Super Serie.
BAPAX 14.08.2011 - 07:19
Merci Mainonides.

Waat den Halsband ugeet steiert den mech natirlech och, keng Fro. Et ass esou dass all Deier daat emol a Gefaangenschaft gereit (weinst Verletzung, Krankheet, aew...) en Halsband ukritt fir et duerno besser kennen ze suiveieren ...

Haett ech natirlech kennen ewech retoucheieren (wollt ech awer net) well et weisst eben grad wei de Mensch och an der greisster Wildnis nach seng Fangeren am Spill huet ...
Maimonides 14.08.2011 - 17:44
Nëmmen net ewechretuschéierten, BAPAX.
D' Halsband ass d'Kiischt um Kuch,
well trotz deem sinn d'Léiwen
wëll bliwwen.
suraki 14.08.2011 - 18:19
genau esou closed_eye
BAPAX 15.08.2011 - 07:37
Merci fir all Stemm a Kommentar dei Lions zur Foto vun der Woch gemaach hun ! smile
gtaddei1 15.08.2011 - 12:31
Kompliment! Ekzellent Qualiteit
chrisykris 15.08.2011 - 12:55
Absolutt verdengt, mega impressionant Foto
Kelly1 15.08.2011 - 14:31
Fantastisch! Sehr starke Bilder!
Zersch 19.08.2011 - 14:39
Eng super Foto ! An Gléckwonsch nach nodreigleg fir Foto vun der Woch.
Annick 31.05.2012 - 21:05
Impressionant! A fun esou no an sou scharf. Wierklech top.
desi 20.07.2012 - 09:41
gudden appetit
dei 1 fannen ech
JENIALLLL
smile:Obigsmilesmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 406 Gäscht online