Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Christophe I

 
All Fotoen an dëser Serie:
19461 Thumbnail
19558 Thumbnail
19559 Thumbnail
19560 Thumbnail
19561 Thumbnail
Christophe I
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.07.2011
  • Gekuckt:
    13875
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Originaldatum:
    01/06/2011
  • Fotoapparat:
    50D
  • Objektiv:
    17-85 + 50mm
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:
e fräiwellegen den de Bletz ugehaalen huet :)

Fir anzesetzen: [pg_img=57654]
Kommentar vum Fotograf:
01/06/2011
Fotoserie mam Christophe (a sengem Accord) am Restaurant Onesto an der Stad. Et war e flotten a gemittlechen Owend. De Christophe hat dat ganz gutt gemeet an d'Location hat eng flott Ambiance.

Jean-Jos 23.07.2011 - 22:29
D'Foto 3 ass fir mech déi uspriechend. Gefällt, Flott Approche.
gogo 23.07.2011 - 22:37
Merci gesoot.
rabbit 23.07.2011 - 23:26
wann ech déi Biller sou kucken denken ech den Christophe brauch dréngent eng Frëndin ;.)
gogo 24.07.2011 - 01:44
bigsmile
Miisamm 24.07.2011 - 01:29
Hmm, ech geif mengen hei wieren verschiddener nach vill besser wann se schwartzwäiss wieren, an dann nach grein drageheien smile.

Soss awer an der reih smile
gogo 24.07.2011 - 01:46
hmmm gudd Iddi,
hun mech nach nie sou richteg mat s/w getraut.

Ech waert daat mol testen., merci
Miisamm 24.07.2011 - 01:58
Einfach Probeieren, an sou laang upassen, bis dass de selwer sees dat fannen ech super closed_eye.
Metalbambi 24.07.2011 - 14:16
Den Haaptproblem wou ech hei gesinn ass dat d'Beliichtung, ausser bei der 3ter, net stëmmt. D'war deen Owend effektiv net sou dat einfach déi richteg Beliichtung ze kréien, well een sech huet mussen dem Liicht upassen an net ëmgedréint. Häss bei all neier Liichtsituatioun missen d'Positioun änneren, sou d'Liicht net einfach iergendwou hin fält, mee präzis op dat wichtegt Element vun denger Foto. Wat och nach opfält ass dat bei puer Fotoen (haaptsächlech 2t an 4t) ze vill vun dengem Blëtz an der Foto ass. Wanns de mam internen Blëtz geschafft hues häss de deen am beschten op minimal Kraaft gesat an evtl. mat der Hand géint d'Bild ofgedeckt, oder wanns de en externen drop has, deen einfach iergendwou an den Nirvana dréinen, dann beaflosst en d'Liichtsituatioun vum Bild net.
S/W hätt wéi gesot hei och zimlech gutt gepasst, well sou Elementer wéi den gréngen Bändchen d'ganz Stëmmung einfach fuerchtbar stéieren.
gogo 24.07.2011 - 16:25
dat war mier sou fierdrunner alles guer net opgefall,
an lo wous du et sees faellt mer daat (leider reischt) och an d'Aen. War effektiv guer net einfach war alles och nach neiland fier mech (mat Bletz an mat engem model schaffen). Benotzt hun ech een externen 430EXII mat diffusor, ech mengen ech haat en op 135° gekippt (hun och domadder permanent rendremmer gespillt well ech den och nach net laang hun).

Ech hat de Bletz di meeschten Zäit op Ettl stoen, reischt herno op Manual gesaat fier dass di studiobletzer matgin (wosst daat alles guer net)

Kloer ech muss mech nach mat der ganzer Saach auserneen setzen.

Merci fir di konstruktiv an ausführlech Kritik ech wärt mer dei zu Herzen huelen an et besser emsetzen naechste Keier.
Metalbambi 25.07.2011 - 19:36
Hat ech d'läscht Kéier vergiess: Onbedéngt den Briquet nieft dem Fouss an der 2ter Foto retuschéieren, deen passt guer net! Sou kleng Detailer kennen immens vill un enger Foto ausmaachen, am Gudden wéi am Schlechten... smile
gogo 25.07.2011 - 21:09
bigsmile jo ech hat en och gesin, wollt en awer net retouchéiren, hat gemengt sou e "fehler" geiff der Foto gudd doen.

Mais e stéiert mech och an Tëschenzäit bigsmile

Ech ersetzen dei nach closed_eye
crici 25.07.2011 - 19:33
ech fannen et eng flott serie smile gudd gemaach smile
gogo 25.07.2011 - 21:10
Merci crici

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 419 Gäscht online