Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

dem Jules Verne no....

 
All Fotoen an dëser Serie:
17479 Thumbnail
17480 Thumbnail
17481 Thumbnail
17482 Thumbnail
dem Jules Verne no....
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.06.2011
  • Gekuckt:
    11445
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Originaldatum:
    august 2009
  • Fotoapparat:
    Olympus E-500
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=56454]
Kommentar vum Fotograf:
....geet et hei an de Mëttelpunkt
Snæfellsnes Peninsula / Island
fir den Nagarjuna :-)
klicken weg
Pit 13.06.2011 - 00:14
Schéin Landschaften gët et do, an du hues déi gutt fotograféiert.
mischii 13.06.2011 - 00:30
merci Pit, jo et ass einfach eng ganz aaner Welt, et kënnt een aus dem Staunen nët eraus, Momenter di een niiii méi vergesst
Poly 13.06.2011 - 00:27
super, ech mengen ech giff do nach Dinosaurieren gesinn smile
oder ass et "Lord of the rings"
suraki 13.06.2011 - 00:41
Poly... Lord of the Flies
eng Serie déi e muss gesinn hunn
mischii 13.06.2011 - 00:57
Lord of the Flies passt
eng einsam Insel, wann d'Vulkaner späitzen läit de Lofttrafic lahm....a mäi Brëll ass futti unhappy
da brauche mer awer lo nach e puer Méckebiller, do ass dann de Schluck, d'Jeanny an nach sou muncher een gefuedert
suraki 13.06.2011 - 08:42
dat wär en Thema fir eng Serie closed_eye
Poly 13.06.2011 - 10:05
jo ech hunn en emol virun enger Zäitchen de film gesinn, elo wousst et sees smile
mischii 13.06.2011 - 00:48
Fir "Lord of the rings" muss ech nach an Neuseeland kommen, un Dinosaurieren kann ee bei deene ville Vulkanen awer schon denken
merci Poly
Maimonides 13.06.2011 - 00:28
Mir gefält di 3. am Beschten, Michèle.
duerno di 2.
an dann di 4.

Ganz schéin Serie.
mischii 13.06.2011 - 00:45
merci Charel,
jo nr3 ass op der "Strooss" fir bei d'Entree wou de Film "voyage au centre de la terre" gedréit gin ass, mee de Wee war sou ekleg an den Niwwel sou staark, dass mer hu missen emdréien, hei war e klengen Liichtbléck um retour
ech haat daat Bild am Fong vernoléissegt an lo mol rëm erausgekroomt ech setzen et dann mol op Startpositioun,
si frou dass et gefällt, well ech e bessi Zweifelen haat wéint deem villen Niwwel a well d'Situatioun och aanescht war wi daat waat d'Bild hiirgëtt
Schluck 13.06.2011 - 00:46
Ganz flott Landschaftphotoën .. gët dat lo d'Fortdrtzung vum Nagarjuna senger Geschicht ?
mischii 13.06.2011 - 00:51
merci Schluck,
mmmhhh jo dat war dann d'Fortsetzung am Bild, den Text iwwerloossen ech deenen di dat besser kënnen wi ech smile
Maimonides 13.06.2011 - 18:00
"In nebeltrueben Traenentagen
sollte man nicht
das Auge
aus dem Wasser wischen."

A genau de Géigendeel, Michèle,
hues du gemaach.
closed_eye
Nagarjuna 13.06.2011 - 09:06
sceptical Ech war awer an Holland erageklommen... bigsmile
Excellent Opnamen, virun allem déi mam Niwwel hunn eng richteg geheimnisvoll Stëmmung. Schued dass den Jules Verne net méi lieft, soss hätt ech him déi aner Entrée och nach verroden... smile
marker 13.06.2011 - 14:08
..eng flott Serie, ..awer net nëmmen weinst dem Niwwel
..mir gefällt de Kontrast an der rauher Landschaft..!!
mischii 17.06.2011 - 17:36
merci marker, freet mech
Jeanny 13.06.2011 - 18:58
ganz flott Serie,
mir gefellt däi 3 och am beschten Michèle
mischii 17.06.2011 - 17:36
och Dir merci Jeanny
He-Lx 27.06.2011 - 20:25
Formidable Landschaften. Besonneg dee Liichtblëck ass immens.
mischii 06.07.2011 - 20:48
a grad bei deem hat ech gezweifelt, merci Heng

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 416 Gäscht online