Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Eischten :P

 
Eischten :P
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.04.2011
  • Gekuckt:
    14327
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    250
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    678x1024
  • Späicherplaz:
    254 KB
  • Originaldatum:
    2011:04:03 10:18:05
  • Fotoapparat:
    NIKON D7000
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    nikon 28-105mm f/3.5-4.5 AF-D
Kategorie: Bewegung »» Sport  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=54320]
Kommentar vum Fotograf:
Deen eng Motocross Foto vun haut eroplued :P

Haaptevent ass haut de metten ab 1 auer, kann leider net Zereck ...

Mehnungen a Kritik si Wellkomm.
Zora 03.04.2011 - 15:38
Den Zerberuz ass nach well am gaang ze knipsen, flott déi dootensmile
Miisamm 03.04.2011 - 17:01
Dann ass hee lo naass smile.

Ma villmols merci smile
VeloBen 03.04.2011 - 16:38
Schued daat den moien keen optimalt Wieder war. Ausser dem Fuerer an dem Motorrad wierkt alles e bessi fade an den Faarwen. D'Perspektive ass interessant gewiehlt. Daat onscharft Graas am Fiedergrond stéiert e wéineg.
Miisamm 03.04.2011 - 17:03
D'war nach gaangen de mueren, de metten gi bestemmt mei "matscheg" fotoen closed_eye. Ma ech stung ganz uewen op engem hiwwel, an dat graas do ewechmaachen hätt e liiten geneckbroch zur folleg gehaat smile. Bon ech hun och e besse nogehollef dass den hannergrond manner farweg ass. Villmols merci smile
VeloBen 03.04.2011 - 18:46
1/250 fannen ech schon e bessi limite bei Sportsfotoen. Dann wier den Pilot och nach een Tick méi scharf gin.
Hei hess de och roueg mam ISO een Stëck méi héich kéinten goen. Eng D7000 packt locker héich ISOen bis et ufaenkt mat rauschen.
Miisamm 03.04.2011 - 19:01
Ech wees smile. Wollt awer gewessen onschärfte bäihaalen. Hues de schon Dropgeclickt, do misst se nach e besse mei scharf sin.
Wat geifs du dann fir zäiten vrischloen? 500 oder nach mei? well ech wollt net dass d'Rieder statech gin... D7000 ass jo einfach nemme krank am heigen ISO. Do wou eng d80 um Maximum ass(3200), do rauscht d7000 wei d80 op iso 800.
VeloBen 03.04.2011 - 19:35
Du hues Recht am groussen ass déi Bild effektf méi scharf. Ech gesin och elo den detail mam onscharfen Pneu fier. Super!

Also bei ISO 800 hun ech nach nie een erwähnenswert Rauschen festgestallt opp der D7000. Vill Tester an den Magaziner an Internet bestätigen daat och. Kanns du eis vlait irgendwou een verrauschent Bild mat ISO 800 weisen?

Ech géiff soen : 1/500 an ISO 400-800 wier opptimal bei dengem Bild gewiescht. Mee bon daat wees emmer réischt wann een d'Bild herno an Rou um groussen Ecran sech ukuckt.
Miisamm 03.04.2011 - 19:49
Merci,
ah du hues mech falsch verstaanen, ech wollt soen dass d80 op 800 baal onbrauchbar ass. Oder ech hun mech verkackt ausgedreckt. tongue
VeloBen 03.04.2011 - 19:57
Ah ok. Dann ass jo alles an der Reih.

Hätt mech jo elo schwéier gewonnert wann eng D80 am Rauschen besser gewiescht wéi d'D7000.
Richie 03.04.2011 - 17:58
Wann ech net iesse gaang wier hätt ech der dohin awer och net gescheit. War et op dësem Hiwwel ? !Dës Foto ass net méi am System!
Miisamm 03.04.2011 - 18:07
Hmm jop, ass huddel wann een kee bock huet ronderem ze goen an dat dengen riit erop geet smile
Richie 03.04.2011 - 18:09
D'Läscht Joer krut ech uewen en Hëtzschlag wei ech erop gaang sinn. Dëst Joer bleift dat aus ;-(
Miisamm 03.04.2011 - 18:22
Mat Benzin an engem Briquet hätt een haut och vläit kennen en Hetzeschlag kreien... Mee soss tongue
Richie 03.04.2011 - 18:35
closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 619 Gäscht online