Ed, bei dir kommen ech munchmol aus dem Staunen net méi eraus
Eng breed gefächert Palette hues du. Mol op vintage, dann ad absurdum, dann nees Urbex, duerno gemolt, natirlech därf et och mol inszenéiert sinn, ...
Egal, Haaptsaach geet weider esou
gutt dass de mech dorunner erënners. Nee ech war schonns eng Éiwegkeet net méi, meng Schnéier si bestëmmt schon brécheg an meng lescht Méck, wéini hunn ech déi gewéckelt ? ... ech wées et net méi Charel
Uhh la total verpasst
Du bass zefill mat komeschen Tippen Erausgangen dei Lescht Zaiten... Dir hunn dir eppes an d'Glas geschott.
Awer du misst soen waat... well daat mescht Kreativ
Ech hunn een Summicron f/2 50mm fonnt an den Owend schon Fotoen domat gemeet... Model: 1998 *yupeidi-yupeida* An... Merci fir den Kënner... den ech net sinn. Ech probéieren mol sou ze maachen wéi wann....
Jo, ech sinn schon äifreg um Üben. Spéitstens wann ech am Mäerz aus dem Nepal erëm sinn hunn ech genuch Resultater. Et gesäit wierklech méi diskret aus mat enger Leica Street ze maachen wéi mat enger décker klompeger Spiegelreflex. Ech hunn mech souguer getraut an der Stad d'Leit domat ze fotograféieren. Dat gesäit einfach net sou no "Presse" aus wéi mat enger Spigelreflex. Ech mengen dat huet vill ze soen.
hmmm.... Ech weess nach net... eBay villäicht, awer ech kréien net dat erëm wat se wäert ass well ech se wierklech net vill benotzt hunn. An et ass och eng ganz gutt Täscheknips. Mol kucken...
Gott dier sitt aal Freaken vun der Imperfektioun ginn!!!
An en plus Spionen
Mé am Fong hut dir all recht... waat én sech mei Zait hellt waat d'Foto besser get... firwaat dann ? sollt dess Regel dann wouer sinn
Ech hunn eng Aentwert fir mech...