Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ganges am Alldaag

 
Ganges am Alldaag
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.01.2011
  • Gekuckt:
    18477
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    330 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=52707]
Kommentar vum Fotograf:
Den Alldaag um Ganges

Dess ass dann awer och meng lescht Foto aus Indien an Nepal
alex 30.01.2011 - 10:24
Flott agefaang
gtaddei1 30.01.2011 - 10:42
Et war net schweier , Snapshot
Merci villmols
Nagarjuna 30.01.2011 - 11:59
...awer een schéinen Snapshot... smile
gtaddei1 30.01.2011 - 12:07
Jo natiirlesch é scheinen! oder hues du do eppes waat net schein ass gesinn...?
smile
Nagarjuna 30.01.2011 - 12:16
"Schéin" ass relativ an hänkt dovun of wat een net schéin fënnt. closed_eye Hei hunn ech virun allem den Bildopbau schéin fonnt.
gtaddei1 30.01.2011 - 12:28
Ah daat ass e complimemt
Merci
mischii 30.01.2011 - 11:03
Do ass Aktivitéit a Liewen, flott Doku
gtaddei1 30.01.2011 - 11:06
Alldaag.
Merci mischi
Miau 30.01.2011 - 12:33
Do huet sech den Alldaag anscheinend guer net geännert sënter ech
1984 surprised do waar - ech free mech awer, dass du an den Nagarjuna ee so positiven Souvenir iwwermëttelt, ausserdem: eng flott Opnam
gtaddei1 30.01.2011 - 13:02
Merci villmols.
Ech wés net wei et 1984 war, me ech hunn d'Gefill dass do esou och 1964 war.
marker 30.01.2011 - 12:51
..schéin..?? ..schéin ass relativ, a jiddereen huet do seng eegen Opfassung an interprétéiert ët aneschters, an daat ass och gudd esou, soss wär d'Liewen langweileg..

...fir mech ass d'Foto och schéin, well's de eis hei weis, dat en Deel vum Alldaagsliewen vun deenen Menschen hei sech um Ganges ofspillt, ...an den Donst ennerstraicht an dësem flotten Bild zousätzlech d'Atmosphère
gtaddei1 30.01.2011 - 13:01
Uh daat ass kloer. Les gouts et les couleurs asw asw...
Me schein ass d'Gefill , d'Gefill dén opkennt dén ganz oft positiv war opschons alles net esou schein ass (Dreck, Aarmut, Honger an Krankhét). Et misst én dei Lait do froen op sie glëcklech sinn. Mamm Fatalismus den iert Liewen regeiert ass et meiglesch dass sie awer nach glecklech sinn.
Allzaiten , dass daat waat sie probeiren ze ginn.
Do keint én nach lang driwer diskuteiren.
Et gett och de glëck mat der Opulenz (cf Grouss Stiet an Indien)
Apparten dei Millionen kaschten nierwend risesch Felder vun Baraken. Kontradiktioun.
Esou lang de Besoin net entstét sinn sie Glecklech wann sie awer Habgierech ginn dann get et mei komplizeiert.
De Fatalismus als Protektioun geint d'Peripetien vum Liewen?
Nagarjuna 30.01.2011 - 13:22
Fatalistesch sinn se awer net an der Hisiicht dass si un Karma gleewen an den mënschlechen Wëllen den Karma beaflossen kann. An souwisou léisst Negatioun all Konzept op, well en Konzept keng inhärent Existenz huet. Si hunn aner Konzepter wéi mir vun Dreck, Aarmut, Honger, etc.... an séileg sinn déi vun hinen déi keen Konzept méi dovun hunn. [<--] Déi "gesinn" richteg. Mir vergläichen just emmer nëmmen an gesinn duerch eisen konditionéieren Brëll iwwerhaapt näischt... closed_eye
gtaddei1 30.01.2011 - 13:45
Fatalismus, ass esou wei de karma verstaendlech gemeet gett an aiser westlecher welt.
Sie gesinn richtesch? Villeicht mee mir gesinn an aiser fundamentaler spiritualiteit net falsch an och net vill aneschters.
Madre theresa , franziskus, antonius, gabriele, asw.
Den konditonment... Fill vun hinnen sinn am gangen voll dohinn ze steieren.
Nagarjuna 30.01.2011 - 13:52
Jo, allerdings... an et gëtt souguer heiansdo nihilistesch an eiser westlecher Welt gesinn, wann et ëm d'Ainsité, Non-Soi, Nirvana geet.
Fatalistmus -> Fatum = Schicksal <> Karma.
Ech hunn net gesoot dass si alleguerten richteg gesinn. Ech hunn gemengt dass déi richteg "gesinn", déi keen Konzept méi hunn (Ainsité, Non-Soi, etc.). Do hues du mech falsch verstanen.
gtaddei1 30.01.2011 - 13:57
Effectivement ech haat falsch verstaanen. Pardon
Nagarjuna 30.01.2011 - 13:59
Ech hat mech och schlecht ausgedréckt... An engem kuerzen Kommentar gëtt dat heiansdo Verwirrung. bigsmile
gtaddei1 30.01.2011 - 20:08
Wem seeste de daat, ech sin na well de champion Doranner , an vill vill besser ewei du selwer je kenns ginn. smile smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 667 Gäscht online