Eng Wanderposch "on Stage" m/
Ech hat d'Wanderposch gëschter mat op den Concert vum Doro an Kryteria an konnt do ee puer Photoën domat machen.
Ze gesinn mat der Posch ass hei den Frank Stumvoll, Bassist vun Kryteria, d'Sängerin Ji-In Cho an zwee Kollegen vun HeavyMetal.lu.
Ee groussen MERCI un dei Leit dei matgemach hun !!
D'Photoën vum Concert fannt der hei:
Krypteria:
http://www.heavymetal.lu/index.php/concert-reports/3976-doro-rockhal-eschalzeet-22122010
Doro:
http://www.heavymetal.lu/index.php/concert-reports/3976-doro-rockhal-eschalzeet-22122010
D'Serie vun der Wanderposch ass eng Idee vum Suraki an dei viirecht Photo aus der Serie fannt der hei:
d'Wanderposch 1
Hei nach "the rulez" ... hat ët leider verpasst se als eichten Kommentar dran ze setzen:
1) d'Posch soll maximal zwou Woche bei engem bleiwen dono soll se weidergoen.
2) gëtt d'Posch weiderginn, soll (am Kommentar) drënner drageschriwwen ginn ween se kritt huet ( da wësse mer ëmmer ween se huet )
3) nodeems d'Bild hei gewise gëtt, soll de Virgänger ëmmer am Haaptkommentar ënnert der Foto weiderverlinkt ginn, ... ewéi hei elo ze gesinn :)
eng "Wanderposch" ...
4) um gewisene Bild, muss a soll d'Posch gutt ze gesi sinn, se muss awer net den Haaptthema dervunner sinn.
5) den Titel soll ëmmer "d'Wanderposch" mat fortlafender Nummer sinn.
6) changéiert d'Posch de Proprietaire, sollen vum Virgänger ( OP FRËIWELLEGER BASIS !! ) zwee Euro an iergendeng Photo, esou ëm 10x15 , mat hannendrop Adresse Numm an Telefonsnummer an der Posch verbleiwen.
7)Grondregelen sollen wegl als éichte Kommentar agesat ginn:)
Ët geet weider ... d'Wanderposch ass elo beim Jeanny:
d'Wanderposch 3