Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Vintage Trainspotter?

 
Vintage Trainspotter?
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.08.2010
  • Gekuckt:
    67540
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x797
  • Späicherplaz:
    262 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    YashicaMat 6x6
  • Programm:
  • Objektiv:
    Yashinon f3.5/80mm
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage  
Extras:
Ferrania P24

Fir anzesetzen: [pg_img=47807]
Kommentar vum Fotograf:
... oder stoung ë just do eng ze dämpen...?
gloda 05.08.2010 - 20:20
Cool. Eng wierklech gelongen Foto; ech kann se ganz laang kucken an d'Fantasie e bësse spillen loossen.
Jaycee 05.08.2010 - 22:17
Schéin dass déi aal Foto der gefällt an deng Fantasie uregt... De background wéi se entstahnen ass, ass allerdëngs zimlech nüchtern. Wann d'Ackerbauverwaltung an der Zäit Aarbechte gemaach huet, ass daat ëmmer fotografesch festgehaale gin, wéi an dësem Fall, wou ët ausgesäit wéi wann eng Kanalisatioun niëwent der Eisebunn geluecht gi wir. Ech hun ca 4.000 Negativen aus der Zäit vun 1960 bis 1980 an dovun sin der vläicht e grappvoll " publikatiounswürdeg"...
BerBe 05.08.2010 - 20:50
Wow also ech froen mech grad vun wini dei Foto do ass? (Well den Mann, d'Lok an d'Signal tendieren ech op 60-70Joer, mee dann passt d'oberleitung awer net esou richteg, well hiren Baustill relative modern ass ) Mee egal wei ass et eng schéin Foto
Jaycee 05.08.2010 - 22:19
daat war tëschent 1961 a 1963...
Nicon07 08.08.2010 - 09:48
Di Oberleitung ass original, déi monophasé-Leitungen a Masten si vun Ufank un sou "modern" gewiescht. Dat ass de Viirdeel vum 25 kV 50 Hz Wiesselstroum par rapport zum Gläichstroum. Do brauch een nëmmen op d'Klengbettener Streck ze goe, fir den Ënnerscheed ze mierken. Bref: Di Oberleitung passt an des Foto, si hätt och kéinten 1956 gemmach gin, da wier d'Oberleitung t'selwécht... closed_eye
BerBe 08.08.2010 - 11:45
Merci, ech wosst dat d'Obhänkung bei Wieselstroum mei einfach ass well d'Reckleitung iwert Schienen leeft, mee et war einfach esou en Androck(virun allem weinst dem Mast) smile
Jaycee 08.08.2010 - 17:49
... ah Nico, du bass wierklech de Fachmann hei an Zuchfroen... hues de eventuell eng Ahnung wou daat kéint gewiercht sin... ech wéss ët nähmlech nët an d'konnt och bis elo kée mer daat soen...
Nicon07 08.08.2010 - 20:03
Dat do ass eng schwéier Fro, mais net onméigléch ze beäntwerten. Du muss mir just erlaaben, di Foto hei ze "klauen" an u Bekannte vu mir weider ze mailen. Do ass bestëmmt een drënner, deen di Plaz erkennt. Dat sin nämléch meéng Kollegen vun der Association des amis du Chemin de fer luxembouegeois (alacf). Doheem si mir op http://www.rail.lu.

Nico
Maimonides 05.08.2010 - 21:12
...an hannen beim Haischen steet nach e "Quickly", oder...?
Exzellent, Jaycee.
Jaycee 05.08.2010 - 22:25
... ech mengen éischter dass daat eng Victoria Vicky ass, d'NSU Quickly haat keen esou é geschwongenen Schutzblech viir...

kuck emol hei...

http://www.nsu-quickly.de/shop/

an och do...

http://www.mopedarmy.com/photos/brand/109/3776/
He-Lx 06.08.2010 - 07:44
E ganz flott d'Dokument aus enger Zäit wou och d'Telefonskabelen nach duerch d'Luucht gefouert goufen an d'Maryland oder d'F6 an de Schlapphut "in" woaren. An d'Zich Minetts- a Koksramme gefouert hun.
marker 06.08.2010 - 20:27
ausser enger Héichspannungsleitung an enger élektrifizéierter Oberleitung gisinn ech hei keng Telefonskabelen, awer dofir eng ganz staark Dokumentsopnahm aus engem Archive, wou op jidde Fall derwärt ass hei gewissen ze gin
mir gefällt esou ëtonguepes...
a vun der Qualitéit, mat där déemoleger Technik schon guer net ze schwätzen..!!
Jaycee 07.08.2010 - 17:28
... wéi wär ët dann mat der enger oder aanerer wéi d'Roudbrëck gebaut gin ass? Déi Zät ass och intensev ënnen an der Uelzecht gewullt gin...
marker 08.08.2010 - 10:56
..majo mach dâat, ass mat Secherheet ganz intressant an ët gëtt secher e puer Leit hei um Site wou ët ging fréen..
Gogo1964 08.08.2010 - 18:44
D'Qualitéit vun der Technik aus de 60-er ass groussarteg gewiecht, besonnesch am Mëttelformat. Dëst Bild gefällt mer eben dowéngt esou gutt well quadratesch, S/W, vintage etc.
P.S. déi Lok'en do sinn nach laang no de 60-er gefuer. Ech kann mech nach ganz gutt un déi Maschinnen erënneren. closed_eye
Jaycee 08.08.2010 - 19:12
... jo ech mengen déi huet é nach an den 80er gesin...
Nicon07 09.08.2010 - 15:55
Déi sin nach guer net sounlaang ausser Betriib. Läscht Fahrt am Regelbetriib war den 18.März 2005. !!! An am Moment gët eng am Atelier an der Stad neess renovéiert a wärt geschwënn viru Sonnerzich an den Asaatz kommen.

http://www.ssmn.public.lu/patrimoine/industriel/ma...


Fotoen sin ze fannen ënnert http://www.rail.lu an dann an der lénkser Spalt bei der Rubrik "Motorisierte Fahrzeuge", duerno rofscrollen bis bei Monuments ferroviaires au Luxembourg (Foto vun der Diesellok 1604), uklicken an dann rofscrolle bis bei BB3608. Do klicken a scho sidd der bei de Fotoe vun der Restauratioun.
Jaycee 09.08.2010 - 20:13
... et war mer baal esou wéi wann ët nach keng Eiwegkeet hiir wär dass ech déi Lok an der Géigend vum Paul Würth um CFL Gelänn gesin hätt... ech misst och nach eng Foto aus den 80ties vun hiir un engem Persounenzuch a mengem Gewulls hun...
Jay 08.08.2010 - 18:49
wow eng Yashica 6x6

Hues du dei Camera nach?

Excellent d'bild.
Jaycee 08.08.2010 - 19:14
... normalerweis misst ech se nach hun, misst se just emol eremsichen a fannen... closed_eye. Wanns de interesséiert bass kann ech der se präiswert iwerloossen...
rom 09.08.2010 - 15:35
Deen Tip do vir as nawell cool smile
Jaycee 09.08.2010 - 20:14
... a nach nët identifizéiert bis elo...
rom 10.08.2010 - 08:39
As jo och nët sou einfach bei enger Foto vun baal 50 Joer...
Nicon07 09.08.2010 - 21:01
Ee Kolleg vu mier mengt mat 99%er Sécherheet, datt dat do um PN beim Kierfecht zu Téiténg/Remeléng ass. Lénks géing et an de Laangegronn a riets op Remeléng/Otténg goen.

Edit: ET ASS TÉITENG/ REMELÉNG
Jaycee 14.08.2010 - 20:40
Merci fiir d'info Nico... à propos dé www.rail.lu site ass ganz interessant, hun do esou munches bäigeléiert... smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 362 Gäscht online