Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Papp, wou bleiwst de?

 
Papp, wou bleiwst de?
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.02.2010
  • Gekuckt:
    25654
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    1/250
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    24mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1188x795
  • Späicherplaz:
    557 KB
  • Originaldatum:
    01.02.2010
  • Fotoapparat:
    Canon 40D
  • Programm:
    manuell
  • Objektiv:
    Canon 4,0 24-105mm L IS
Kategorie: Digital Art »» Mënschen an Emotiounen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=42476]
Kommentar vum Fotograf:
Versuch vun engem high-key. Kritiken a Verbesserungsvirschléi ausdrécklech erwënscht.
gloda 02.02.2010 - 14:19
Schéngt mer wéi wann zevill Detail an de Schieter verluer gang wier. D'Roudtéin gesi mer och e bëssen iwwersaturéiert aus, mee déi Skikostümer sin jo well oft sou textmarkerfaarweg.
rudimichel 02.02.2010 - 14:57
Merci fir deng Äntwert. Dat mat de Schied ass richteg. Do hunn ech mat der Iwwerbeliichtung e bësselchen iwwerdriwwen, obwuel ech op mengem Bildschiirm nach e puer Detailer erkenne kann. Bei de Fuerwen hunn ech d'Saturatioun esougouer nach rofgesat! Dat Gezei war wierklech esou orange.
dr_kim_veis 02.02.2010 - 15:31
verstinn net ganz waat detailer an den schiedter mat iwwerbeliichten ze din hun? wanns de iwwerbeliichts misst de grad vill detail an den schiedter hun. Daat gesait eischter aus wei wanns de ze staark op den kontrast-turbo gedreckt haes...
rudimichel 02.02.2010 - 15:52
Ech hunn an der raw-Versioun mat 2 iwwerbeliicht. Doduerch ass d'Grenz tëschent dem Schnéi an dem Himmel verschwonn, an och dat bësselche Gras wat nach op der enger oder aner Plaz aus dem Schnéi erauskomm ass, ass verschwonn. Dat hunn ech gemengt,wéi ech gesot hunn, duerch d'iwwerbeliichten sinn Detailer verschwonn. Allerdéngs kanns de mat de Kontraster Recht hunn. Do hunn ech och dru gespillt closed_eye
Mochel 02.02.2010 - 16:16
Jo wann eem dem Gloda sain Text gelies huet as mer et opgefall, mee mir as et dei eischten Keier net opgefall respektiv as et vir mech net esou tragesch
dr_kim_veis 02.02.2010 - 20:47
wanns de d'exposure eropziss gin d'schieter proportionaal mat eropgezun doduerch veraennert sech awer net d'distanz tescht den tounwaerter also kanns de och net wierklech vill verleieren (du kriss der heichstens mei weinst der linearer artaweis wei tounwaerter gespaichert gin). Kann mer just fierstellen dass eng manipulatioun vum Kontrast zu manner tounwaerter feiert...
rudimichel 03.02.2010 - 10:34
Muss éierlech zouginn, datt ech mech bis elo nach net "esou" intensiv wéi du mat de verschiddene Parameteren vum Tounwaert an hir Ofhängegkeeten mat aner Parameteren auseneegesat hunn. Et schéngt mir awer der Wäert ze sinn sech méi intensiv och mat der Theorie ze beschäftegen. Merci fir den Denkustouss.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 652 Gäscht online