Dei as zwar traureg.. mee awer gudd gelongen. D'Blummen sin vläit en Tick onschaarf, an ech hätt d'Rumm net grad roud gemaach, mee soss gefällt et mir ganz gudd. Och vum Cadrage hier, d'Bild fannen ech schein opgedeelt.
Merci fir är Kommentarer,
wat schärft ubelangt huet dir recht, mee mat sou enger klenger digital cam mat 3,2 mega Pixel an onméiglechen Wiederconditiounen war et leider net besser ze machen.
Déi roud Rumm past am beschten bei d'Blummen, ouni huet einfach eppes gefeelt.
Wat de Prinzip vum Fotoe mache op engem Begréifnis ubelangt, muss ech soen das ech leider an der Famill hannerteneen e puer begriefnisser hat an dat an der Regel Leit dono frou waren fir nach eng Erennerungsfoto ze hun.
Dan nach schwarz/weiss an Farweg Blummen:
dem Doudegen ass am Paradeis (vir déi déi dorunner Gleewen) an déi anner sin an Trauer
wanns de eng mei grouss blend geholl häss, wier alles scharf gin, oder mol alles waat am virgrond as. daat wier kee problem gewiercht, well et war jo hell an dobaussen...mee ech wees net op daat mat deen aparat iwerhaapt meiglch ass, well ech kennen deen model net!
@ Ted_Lapidus
leider geet dat net, et ass sou eng kleng (150euro) digital compact camera, dovun ofgesinn war immense wand niewel an fisselreen.
hun souwiesou am Photoshop allerhand missen hellefen fir et sou hinzekréien.
mee d'Emotiounen vum Moment ware mir hei och méi wichteg.
Ech hu mir d'Bild ouni roud Rumm och nach eng kéier ugekuckt, hhmmm.... dan haett een d'Bild vleit ganz Schwarz weis mache missen, mee dann bemierkt een d'onschaerft vun de Blumen vill méi..... also egal... dat hei war fir mech de beschte choix
Villes as schon gesot.
Ech fannen virun allem, dass et eng rare Foto as, eben well normalerweis keen op engem Begriefnis Fotoen mescht, wat am Fong schued as. Mee Pietéit as eppes sensibles.
di foto ass deck gudd mee awa bessi mi en kritescht motiv fia ze komenteieren!...daat schwarz-weiss brengt di trauer na eng keia an den fierdergrond...an dann di blumen...jo haett zwa just blummen an da ffaaref gelooss mee ass awa deck gudd!
Ech fannen d'Foto ganz gudd, an bis op dei kleng onschärft bei den Blummen hun ech wierklech naicht drun auszesetzen. Athmosfair gudd eriwwer bruecht an och déi Idee mat dem Faarwegen Graw ass super. Gudd iwwerluecht kann ech nemmen soen, an Rumm pass wonnerbar dobai. Ouni roud Rumm wier et effektiv net gudd, dann wier d'Bild agedeelt an 2 Deeler: En bessen faarweg am Eck an riesegt Feld vun schwarz/waiss, daat faarwegt wier total ennerdréckt. Sou gefällt et mer An mengen Aen ass et gudd, dass net sonnegt Wieder war, deen fissemechen Niwwel am Hannergrond dréit nämlech gudd bai zu der Athmosfair. Fir mat enger Digicam hues de hei wierklech eng 9 verdéngt! Bravo
ech kuken mer des foto lo schon gaaaanz lang un an emmer rem, an emmer well ech eppes dobai schreiwwen mee wann ech ufänken mat schreiwwen dann briechen ech emmer rem daat ganzt oof!
Flait well mier fierun langem selwer engkeier soueppes geschitt ass an ech daat nie verstoen konnt.
ech hun och net gelies wat'en dei aaner geschriwwen hun! (ausser deen vum benem)
sou fotoen sin immens traureg! an ech fannen dei foto brengt genau daat eriwwer waat deen moment wiekelech sou passeiert ass!
zu der foto dei fannen ech super ech fannen se wiekelech flott! d'blummen hätten flait nach en klengen tick mei scharf sin mee et ass sou schein daten dei eng flott roud farw hun!
@ benem: du mengs flait et wier ''onpassend'' fotoen ob engem begriefniss ze man ma et ass sou ech kann der do net ganz zoustemmen ech mengen et gin momenter dei muss een einfach festhaalen aanerer denken guer net drun sou een moment fest ze haalen et ass en moment vun trauer an wou fend een schon sou vill trauer ob een koub?