boah! "onheemlech" ass hei nët staark genuch, "surreal" scho méi, dat ass bal tornadesk,
genial, wéi d'Wollék no ënne suckelt... du mierks, si gefällt mer
Cool. Ech géif nach gaaanz liicht méi Oomph an d'Gréngsättegung bréngen an den Kontrast-Effekt an den bloen Wolléken am iewegten Véirel staark erofsetzen. An den Stuermwolléken klappt den HDR Effekt gudd mee op den méi héigen gesäit et lusch aus.
ech denken och: e bessen too much...awer fierun allem well deeler vun den wolleken duerch d'bea iwwerbeliicht schengen (deen gielen an e puer waiss flecken) wann daat net wier geing se mer mengen ech besser gefaalen. Trotzdem, d'richtung an deis de gaangen bass schengt mer ok. Ech gin och dem gloda recht dass dei iewescht wolleken net optimal sin...
hmm...manner HDR an mei NATUR hetten ma hei FILL besser gefall!
dWolekk huet een gielt Lach kritt an daat ganzt guff zimlech daischter sou....mengn hett mer in natura besser gefall
den mei oppenen Kadrage mecht dFoto awa apsolut intressant!
et géif mëch wierklëch interesséieren déi hei um pabeier ze gesin...den himmel ass zwar krass, me ech mengen nët dass et onbedingt zevill ass, den hellen punkt verléiert zwar un zeechnung, me dat mëcht grad den surrealen/ausserirdechen effekt...
respekt!
Ech gief mol soen dass een domat konnt rechnen. Gudden Moment erwescht an och gudd verschafft. Du hues et verdingt! Hoffentlech get d'Wieder besser des Woch.
Merci! Mä gleef mer, ech hun dat awer wirklech mol guer net sou gesinn am Ufank! Ech perséinlech fannen déi 1. "Road to the Storm" besser. Ass méi "diskret".