Firwat net och eng Poulpositioun, also eng Pole-Position hei dranner gesin, dat passt jo och bei d'Suggestioun...
De Bildopbau huet och eppes: D'Foto ass jo durch de Still vun der Iris an 2 gedeelt an op der lénker Hallschent ass "näischt lass".... Dofir kéint ee jo soen, dat do geet géint all Regele vum Bildopbau, do misst den Espace béidsäiteg vum Haaptsujet mi ausgeglach sin. Que nenni! Am Sënn vun der Foto, a besonnesch vum Titel, kann dee Still nëmmen an der Mëtt sin, an de Model, deen danzt ass dann noutgedrongen dezentraliséiert. Awer dofir ass de Bokeh hei lénks absolut merveilleux, di rosa Flaatsch ënnen gëtt den Toun, deen an der Diagonal séch um bloe Kapp vun der Iris am Knapp souzesoen opléisst. An déi Bewegung no rechts uëwen vun der Blumm suggéréiert eng Diagonal, déi de Bléck harmonesch aus der Foto rausgeleed. Dat hei ass eng Foto, déi mir ganz gudd gefällt.