Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Coupe Finale Dësch-Tennis 1

 
Coupe Finale Dësch-Tennis 1
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.02.2009
  • Gekuckt:
    27449
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/500
  • Blend:
    f/1.8
  • Brennwäit:
    85 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    687x1000
  • Späicherplaz:
    126 KB
  • Originaldatum:
    31.01.2009
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 40D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Sport  
Extras:
EF 85mm 1.8
PS

Fir anzesetzen: [pg_img=33344]
Kommentar vum Fotograf:
Sven Hansen - DT Etzella

Meng éischt sérieux Versich an der Sportsfotografie.
Muss feststellen, dass zwar vill Fotoen aus der Serie flott sinn, mä oft feelt déi 100% Schärft (kee Wonner bei F1.8, do muss de Focus haargenau setzen!!)
Wollt awer net op iso 3200 goen !!!

(klicken)
Neckel 02.02.2009 - 16:01
Flott erwescht ! Fir di richtesch gutt Foto ze kréien ass et emmer schweier ... besonnesch wann een sou seier muss réageiren ! Mee tescht 1600 an 3200 ISO leien io nach puer Teschenetappen tongue ?

Muss soen war beim PingPong och net gär iwwer 1600 gaangen mee heinsdo geet et net anescht ...
kruemelatease 02.02.2009 - 17:35
Merci vir däin Kommentar!

Majo mat dem ISO: bei der 40d geet et direkt vun 1600 op HI-ISO, also 3200! Tëschenetappen hun ech nach net entdeckt (kann natierlech och sinn dass ech dat "Dengen" nach net ganz beherrschen, hun se nach net ganz laang; virdrun bei der 350d war souwiesou bei 1600 Schluss! )
Neckel 02.02.2009 - 18:29
Ah sou :-P

Vlaicht fenns de et io nach ... ech hun nach 2000, 2500 an dann kennt 6400 smile
Naturknipser 02.02.2009 - 22:24
d'EXIF'en sin tiptop. Ech haett déi Foto mat F2 1/400 an 1600 ISO gemaach. 3200 ISO si bei der 40D nach ganz OK. Mee och hei hues e zevill geneated. Den Detail verschwennt domat einfach. Fréier hun d'Leit sech gefreet wann se e Kaer an der Foto haaten, haut muss alles total glaat sin. Nach e klengen Detail: entweder méi enk uewen schneiden (an evtl eng breed Foto draus maachen) oder d'Been ganz dru loossen.
kruemelatease 02.02.2009 - 22:32
Ech war effektiv bessen op dem Tripp: "Haapsaach keen Rauschen", mä du hues wahrscheinlech Recht!
Nach eng kleng Fro: Ech hat bei desen Fotoen emmer "Spotmessung" aktivéiert, hun iergendwou gelies, dass dat bei Sportsfotoen méi ideal wier wéi d'Standard Messung. Kanns du dat bestätegen??

Merci!!
Naturknipser 02.02.2009 - 22:46
D'Spotmiessung ass relativ komplizéiert. Du hues op der 40D just ee Kraizsensor (dee mettelsten) an d'Beliichtungsmiessung ass (souwait ech wees) bei der 40D emmer un dee gebonnen. Et ass net méigelech d'Beliichtungsmiessung un en baussenzegen Sensor ze koppelen. Wanns de bei deser Foto (souwait et den Original Schnett ass) d'Spotmiessung aktivéiert haas, dann huet se den donkelen T-Shirt als Referenz geholl (d'Spotmiessung miesst manner wéi 10% vum Bild). Demnoo waer haett deng Foto missten total iwwerbeliicht gin (well d'Beliichtungsmiessung en daischteren T-Shirt miesst an domatt d'Informatioun weider get dass et ganz daischter ass, an esou de Rescht vum Bild immens hell beliicht gi waer). Wanns de se aktivéiert haas, dann haas de hei Chance dass d'Bild korrekt beliicht ass.
Et gin do e puer Tricken, mee alles verrode mer elo net hei ;o)))
kruemelatease 02.02.2009 - 23:03
Nee, Foto ass gecroped. De Focus war um Gesiicht. Ech hun u sech all Foto deen Dag sou gemeet, hat awer keng Problemer mat Iwerbeliichtung.

Dat kann ech mer virstellen, dass du net alles wells verroden smile

Merci awer !!!!
Naturknipser 03.02.2009 - 08:27
wann se gecropt ass an de Focus louch um Gesiicht..dann ass jo alles richteg. Stell der elo viir (oder probéier et eng kéier) net ze cropen, da kriss de e Probleem bei engem ganz hellen oder ganz daischteren T-Shirt. Wanns de zevill crops da verschenks de zevill Pixelen. Wanns de an den Zeitungen kuks (zum Beispil am Tageblatt fir dat ech schaffen) - do gin Fotoen heiansdo am 25x35cm oofgedréckt - do kanns de net all zevill Pixelen verschenken well soss get et zimlech just mat der Bildqualitéit, an dat zemools bei high ISO. et ass also en 'Challenge' fir eng Sportsfoto 'Formatfëllend' ze maachen.
Neckel 03.02.2009 - 14:04
Do gin ech der absolut rescht ! Hun bislo reischt een Sportsevent photographéiert an hun do gemierkt dass et net einfach ass. Wat een mei deess mescht wat een sech an Saachen Schnellegkeet an Präzisioun verbessert
Naturknipser 03.02.2009 - 22:13
.... a waat et emmer méi Spaass mecht ;o)
Neckel 04.02.2009 - 06:00
smile)

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 382 Gäscht online