Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Sadness Joelle

 
Sadness Joelle
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.01.2009
  • Gekuckt:
    33464
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    465x700
  • Späicherplaz:
    41 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=32765]
Kommentar vum Fotograf:
Sou hei as eng Foto aus mengem Sadnessprojet den ech mat puer Modelen gemaach hun oder nach maachen wert. Dest hei as d'Joelle waat ganz gudd matgeschafft huet :) Sadness, alles waat dobei geheiert daat heescht net nemmen traureg kuken.. fir mech op alle Fall. waat haalt dir vun der Foto?
gloda 09.01.2009 - 00:08
Gefällt mer wéi d'Hoer faalen. Ech hätt se ënnen méi enk kadréiert.
LaaChkiChelChen 09.01.2009 - 19:58
ma ech kuken mol am photoshop wei se ausgeseit wann se mei enk kadreiert as closed_eye thx
Olivier 09.01.2009 - 07:58
Et ass effektiv eng ganz flott foto, gefaellt mer super gudd vun der pose. Hoer, wei den Gilles schon soot faalen super gudd. Et feelt trotzdeem en klengen "augenfang"... en detail deen direktant aaen stecht... weist awer lo selwer net waat...!

opjiddefall ,gudd aabescht Lynn closed_eye
LaaChkiChelChen 09.01.2009 - 19:58
hmm weisst zwar och lo net genau, fällt mer lo net direkt eng an. Mais wann dir eppes sollt afaalen dann kannste mer et jo an den pausen soenbigsmile.

merci nach eng keiercool demnächst dann fotocours zwee closed_eye
Sypher 09.01.2009 - 09:01
ass richteg flott. respekt :o))
LaaChkiChelChen 09.01.2009 - 19:57
dir och mercicool
Dan 09.01.2009 - 09:01
Gefällt mer!
LaaChkiChelChen 09.01.2009 - 19:57
thx
Alko 09.01.2009 - 10:22
Fannen et eng flott foto, Gesischt an Hoer sin top. Mech steiert just t'Scheller, fannen dass dei ze vill platz anhellt, respektiv ze vill no fir steet... Kann der net sou genau soen wei se mech steiert mee ... smile Trotzdem wirklesch eng top foto!
Metalbambi 09.01.2009 - 17:36
Daat mat der Scheller stemmt, geseit aus wei wans de se mat Weitwenkel gemaach gi wier. Weieng Brennweit haas de heivier?
LaaChkiChelChen 09.01.2009 - 19:40
Mercicool
Et kann zwar och sin dass daat just sou schengt weins den Hoer an dem Korsette, well dei jo donkel sin.
Exifen sin: Blend 5.6 an Brennweit 1/125 sec
Metalbambi 09.01.2009 - 20:14
Brennweit sin dei komech Zuelen dei rondrem dein Zoomrank vum Objektiv oder am Numm vum Objektiv stinn, 1/125sec ass eng Beliichtungszeit. closed_eye
LaaChkiChelChen 09.01.2009 - 21:19
ohjee jo merde. gin meechtens daat aanert gefroot. ma 55 mm
Metalbambi 09.01.2009 - 21:25
Hmm, dat as awer definitif keen WW mei. Probeier mol eng Keier mat mei Tele, kann sin daat d Scheller dan mei kleng wierkt. Oder lee puer Hoer driwwer.
LaaChkiChelChen 09.01.2009 - 22:22
jo also ech hun just dei objektiver dei beim kit dobei waren daat 18-55mm an 55-200mm an schaffen mat dem zweeten bei den shootingen. Dann hun ech besser puer Hoer driwwer ze leen closed_eye
OK-Photography 09.01.2009 - 10:31
schein daischter an dHoer super hinkritt!
den Bleck an den Mond deiten fir mech awa nik direkt op -sadness- hin...mee wann den Hauch gro do sollt verlaafenen Mascara sen ->ok closed_eye
waat mech allerdings mei steiert as ennen lenks daat Steck schwarzt Kleed!wier mengermeenung no besser wann den enneschten Schluss ausschliilich fun Haut gemeet gin wier...(wei Gloda fierschleit giff en crop do helefen)
trossdem en ganz flotten Portrait!gefellt!
LaaChkiChelChen 09.01.2009 - 19:46
Merci dir! Daat mat den Hoer war zwar pueren Zoufall, waat een Ventilator net alles sou machen kann, souguer echt Treinen closed_eye

Sadness, as mei waste fir mech. Daat heescht NET NEMMEN traureg drankuken, dann wär et jo och langweileg, mais och dei Rooserrei dei durch d'Trauregkeet mol kann opkommen.

Ech hun mer dobei och sou eng kleng Situatioun dobei geduecht, jiddereen kennt et, wann den Frend/Frendin een verleisst, d'Fraleit sin doranner vlait mei emotional, mais du bass net nemmen traureg, du kreichs, du mess hei an du mess do. Et muss net nemmen den Frend(in) sin, et kann och eng Frendschaft sin.. oder an waat ech och nach bei d'Fotoen aduecht hun, daat huet een vlait bei der Foto vum Amélie (an der Gallerie) gemirkt as dei Angscht, Angscht dei een huet. Den Begreff Sadness as fir mech mei wei nemmen een gesiicht waat traureg kukt... Vlait hätt een och kennen mei een generellt Wuert wielen, mais dest huet mer bei meng Idee gefall. Ech wees net op daat verständlech as...

Haat zwar schon 1, 2 dei daat gesoot hun, durfir hei och nach eng Keier meng Aklärung closed_eye
OK-Photography 09.01.2009 - 23:01
hui! smile messi fir dei aussfeierlech...Aussfeirung! cool
ech verstin zimlech genau waatsde mengs!zimlech schweier sou eppes op enger Foto anzefenken!;o)
lo wousdet sou beschreifs an ech ma den BLECK na enka ukukn...wierkt effektiv anescht...
hmm...closed_eye
op allefall respekt fir dKonzept hannert da Foto! closed_eye
LaaChkiChelChen 09.01.2009 - 23:29
hehe mol eng keier wou ech eng idee haatbigsmile smile mais sou wirkt foto wirklech well aanescht closed_eye
Metalbambi 09.01.2009 - 21:28
Sou lo mol daat positivt: Foto gefaellt mer zimmlech gudd, daat mat der Scheller ass eichter Niewesaechlech, sou schlemm ass et net. Hoer, Pose an Gesiichtsausdrock sin mega gudd gin!
Nach eppes ze meckeren awer: Ech haet nemmen d'Gesiicht beliicht, also d'Scheller an d'Brost e gudd Steck mei deichter. Dan haes de en plus nach de Probleem Scheller emgaang...cool
LaaChkiChelChen 13.01.2009 - 17:26
do hueste rechtcool sry ech haat den kommentar lo just per zoufall gesin. krut keen message closed_eye merci
TomEwert 15.01.2009 - 12:30
d'idée ass superschéin ... den wenkel vun luuchtantratt ass hei en bessen ze steil. wannste deng luuchtquell en bessen manner seitlech gestallt hues, kanns du nach en bessen méi eng ausgewogen beliichtung hinkréien. den dégradé vun lenks no riets ass en bessen zevill krass.
LaaChkiChelChen 15.01.2009 - 16:32
Merci Tom closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 264 Gäscht online