Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Wave

 
Wave
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.06.2008
  • Gekuckt:
    25417
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x683
  • Späicherplaz:
    403 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=28151]
Kommentar vum Fotograf:
Well op der Portugiesescher Kuest...Zu Faro an der Algarve!
arwa 27.06.2008 - 13:52
bei sou Fotoën as ët (a mengen Aaën ) immens wichteg, dat së nët kippt !!
dei heiten kippt no > riets , dh. d'Waasser léeft riets fort smile)
desweideren hätt ëch së ënnen geschnidden an uewen mei Himmel drop geholl !!
IntrntPhotoKing 27.06.2008 - 15:04
Ech hun do en puer Fotoen vum Mier geholl, mee wollt an deser dei Feschermaenner um "tongueier" am Hannergrond, wei och den Effet vum Waaser um Strand festhaalen...d'Well ass och menger Meenung no net perfekt oder besser gesoot, grouss gin...mee soss fannen ech dei Foto ganz ok
Johny 27.06.2008 - 15:53
Du soos elo net ee Wuert zu dem waat den arwa geschriwwen huet. Mir wëssen dass du deng Fotoen all flott fënns, mee dodrëm geet et hei net. Entweder gees de op Kritik an déis de geschriwwe kriss, woubäi daat waat den arwa soot lo net wirklech eppes ass waat schwéier ze respektéiren ass während dem Fotograféiren, oder du muss der mol iwwerléen wisous de iwwerhaapt Fotoe roplueds. Just fir ze soen dass du se gutt fënns? Hei geet et genee em de Géigendeel dofun, nämlech daat waat d'Leit der kënne soen waats de kanns besser maachen.
IntrntPhotoKing 27.06.2008 - 16:14
Ech hun den Kommentar gelies an et och matt an Betracht gezun an virun allem och verstaanen...sin och d'accord dermatt...muss ech aawer all Keiers denger Meenung no fir all Komentaar deen ech kreien "jo ech hun verstaanen!" oder "AHHHHHH sou!!! Elo gesin ech daat och" soen???? D'wier jo vill Aarbescht an eigentlesch banal...ech freen mech wei gesoot aawer op all Komentarer an Kritiken an och daat sech d'Leit hei d'Fotoen unkucken...wanns de meng laescht Entfert och genau liesen geings, mierks du och dass meng et als Ergenzung vum Arwa sengem Kommentaire gellt...schliesslech bezeit sech main eischten Saatz op dei Kritik daat den Himmel net ganz drann ass...an duerno fuegen ech och nach eng Kritik derbai daat ech selwer d'Well net sou genial fannen...mee daat malgres tout, et eng dezent Foto ass...
Johny 27.06.2008 - 16:24
Du hues an dengem Kommentar beschriwwen wisous de déi Foto gemaach hues wéi se schlussendlech ginn ass. Kann een als "Äntwert" op den Deel mam Himmel kucken, daat ass ok, mee huet näicht domat ze dinn dass ee vläicht kuckt seng Fotoen riicht ze maachen, dozou soos de guer näicht. An ech schreiwen daat hei jo net och just wéinst deser Kéier mee wells de bal nie op Kritiken agees, du ignoréiers se an rechtfertegs dech iergendwéi komplett anescht.

PS: Fir ze äntweren op engem säi Kommentar, gebräuch w.e.g. dofir och déi firgesinne Funktioun ënnert dme jeweilege Kommentar, ass méi iwwersiichtlech bei enger Diskussioun.
arwa 27.06.2008 - 18:12
also, ëch bleiwen derbei;

den Horizont riicht !! (immens wichteg !! )

ënnen schneiden, bis iwwer den Schaum an daat, was dë do gewënns, eben als - Himmel........ sou kommen deng " Feschermaenner um "tongueier" am Hannergrond " souwei och d'Bewegong am Waasser bestoën a gudd as.

Meng - Méenong, oder besser, sou hätt ëch ët gemaach !!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 641 Gäscht online