Ech hun deng email kridd. Ech fannen du hues komplett Recht mat deem wats de sees. Deen rouden Stech huet mech nämlech och schon vun Ufank un gestéiert , mee ech wosst eben net genau wéi ech misst virgoen fir en eraus ze kréien. Kanns mer jo soen wats de do gemaach hues.
ech schwätzen elo just vum Model ...
daat Meedchen huet een immens léift Gesiicht hei ... déi Koiffür geet him besser, well sie setzt seng Gesiichtsform méi "en valeur", an deen reegelméissegen Pony rënnt säin Gesiicht nach besser oof
hatt huet och immens schéin Aan ...
... an e bessi vun der Foto ...
deen Profil ass schéin gewielt, den Cadrage fannen ech och
zu den Faarwtéin ass jo schon eng Remarque gefall
en Résumé ... ausser waat d'Faarwen ungeet, ass fir mech dëss déi bescht vun deenen 3