Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

..en bekannten Zwillingsbaam..

 
..en bekannten Zwillingsbaam..
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.12.2007
  • Gekuckt:
    29280
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/1600
  • Blend:
    f/20
  • Brennwäit:
    125 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    857x590
  • Späicherplaz:
    127 KB
  • Originaldatum:
    2006:11:27 17:08:39
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
2. Kategorie: Natur »» Landschaften
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=23987]
Kommentar vum Fotograf:
Mengen t´Majoritéit kennt desen Baam.
ApplEric 10.12.2007 - 20:39
Hmm, ech kennen de Baam zwar net, mee ech erkennen awer, dass de Stepps um Sensor/Chip (wei och emmer) huss.
Lenks gesin ech der mol 2, an rechts och 1 oder 2…
Fällen normalerweis net sou op, mee op sou opnahmen wei desen, geseit een se gudd (schwetzen aus erfahrung). Also, entweder se am Photoshop wegstemplen, oder de Stepps vum Sensor (also bei e Spezialist dermatt).

Mee d'Foto ass net schlecht, de Baam flait zevill zentreiert, mee et ass wierklech flott wei d'Sonn duerch de Baam schingt… Gefällt! Froe mech zwar grad, op d'Rumm vill Senn mecht? hmhmhm…
Mechel 10.12.2007 - 23:31
Merci. Mee souvill ech wees wor daat zwescht menger Lens an dem UV-Filter. Well hun en lo net méi an hun den Senor nach net gebotzt.
Klot 10.12.2007 - 20:53
Jo Stepps um Sensor...closed_eye keng Anhnung...schwätzen mol einfach mat. Flott Photo...an den Rand as bei sou enger daischterer Photo net gudd wann en schwaarz as...weisen der eng Keier, wei et besser ausgesait...
Mechel 10.12.2007 - 23:29
Merci. Hehe ok sen gespaant.
Shantideva 10.12.2007 - 21:07
Ech froen mech just firwaat dass du deen ISO Wert benotzt hues. Dann muss du jo baal eng Blend 20 benotzen waat hei den Steps um Sensor richteg sichtbar mecht. Ech gief soen deen Steps wär guer net sichtbar gewiecht wanns du mat aaneren Werter geschafft häss (Blend <11 bei ISO 400). Awer.... zur Foto... : Ech fannen deen Baam am Contrejour wonnerschéin. D'Faarwen sin och ganz flott. Ech wees allerdings och net wou dat ass.
Mechel 10.12.2007 - 23:28
Merci, hat guer naischt agestallt. Huet missen séier goen an hat den Fotoapparat op automatik stoen.
galileo 11.12.2007 - 08:16
Dat wier awer eng schlecht Automatik - kann ech mer nët gudd firstellen, datt deng 350D esou eppes mecht......en plus ass deng Foto guer net scharf...den Autofokus läit iergendwéi komplett dernierwent.

D'Faarwen sin allergengs ganz flott....

am résumé: dat do geet besser -> üben !

An dat sin keng Stëbskären teschent dengem - iwwerflëssegen UV-Filter - an denger Lëns, mee esou wéi den ApplEric richteg soot, Stëbs um Sensor !
Shantideva 11.12.2007 - 08:50
Jo genau, um Sensor ass den Stëbs. An deen geseit een nun mol besser wann een oofblend. Ab Blend 11 fängt en un richteg zur Geltung ze kommen. Den Stëbs um Filter ass jo net am Focusbereich, also, normalerweis och net sichtbar. closed_eye
PS: @Mechel: Op denger Foto "Sonnenënnergang an Island" ass deen selweschten Stëbs drop.
Mechel 11.12.2007 - 16:25
Hehe merci. Mee en ass well ent mei drop an den sensor hun ech och net botzen geloos. Trotzdem merci
Mechel 11.12.2007 - 16:22
Majo wans du daat mengs, dann meng daat, ech wees jo wuel am beschten op ech se op automatik stoen hat oder net!
Johny 12.12.2007 - 18:20
Mengs de matt Automatik den P oder ee vun de Motivprogrammer?

Daat ka scho ganz wuel stëmmen, well am P gëtt nemmen d'Blend an d'Beliichtung regléiert, allerdings net den ISO. Wann den dann op 1600 stung (manuell, am Menu) dann muss heen baal soueng Blend huelen, den Apparat.

D.h. @Mechel: pass just nächst Kéier op wéi den ISO steet smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 629 Gäscht online