Mee, en hut recht... ass leider net super geeegent fier desen site. Obwuel et eng leif foto as.
Prise de ve ass flott, an kadrage stemmt... häss just bessen keinten plaatz loosen iwert den wellen... also mei abstand uewen hun...
wéi wier et wann der engem neie user einfach emol 't chance gitt ze héiere firwat séng biller fläit éischter an de familienalbum passen? dat doen as wierklech fir ze katzen! mäer hun all emol kleng ugefangen. ech gesi bei kengem eng ausnahm. mäer hun eis och iwwert all klengen tipp gefreed! dat ëllt net nemme fir de masterpii mee fir jiddereen!
@MuNeS:
wéi wier et wanns de einfach emol probéiers nei fotoen ze man. déng kamera as net schlecht, du kanns doueg e bessi experimentéieren. trau dech roueg dech hei um site bessi ze inspiréiere wat een esou ka man mat einfache mëttelen. hei gett et masseg beispiller!
nach eppes zur foto selwer: dat doen as tatsächlech wat een "erennerungsfoto" nennt. et geet net duer dass du selwer eng foto gudd fënns, well meeschtens as 't erennerung un ee schéine moment -oder un eng persoun, platz a.s.w.- méi schéi wéi 't foto déi dozou entstanen as. hei as ee gudd beispill dofir. ech hoffen du versteess dat net falsch. mee du bass jo hei fir ze léieren. bon courage ;D