Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

E Wuert mat X

 
E Wuert mat X
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.01.2007
  • Gekuckt:
    22939
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    1/320
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    80 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x358
  • Späicherplaz:
    162 KB
  • Originaldatum:
    2007:01:27 16:20:28
  • Fotoapparat:
    NIKON D80
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=14252]
Kommentar vum Fotograf:
Um PEDUS indoor meeting an der coque
tinchen 30.01.2007 - 13:55
en xylophonsmile
schéin foto, gefällt ma gudd
d'rumm fannen ech leider net sou gudd
galileo 30.01.2007 - 14:06
also ech wees mol datt et ganz sécher KEE Xylophon ass ! Wees awer och nach nët waat et ass closed_eye
tinchen 30.01.2007 - 14:12
wiesou as et dann KEEN xylophon?
do sin awer nouten
Knolles 30.01.2007 - 14:26
/removed/
GrAl 30.01.2007 - 14:32
d'tinchen mengt déi Andelung wéi um Piano an hallef Téin.
Knolles 30.01.2007 - 14:36
/removed/
tinchen 30.01.2007 - 14:50
iop, daat hun ech gemengt, d'dièzen an d'bémolen wann een daat sou schréiwt
GrAl 30.01.2007 - 14:35
Et gin verschidden Instrumenter déi bal d'selwecht ausgesin. En Xylophon ass ganz flaach. Well ech ower net op den Numm komm sin wéi et richteg ass, hun ech alt fälschlech "...mat x" geschriwen smile
Sou wäit ech wes get et Xylophon an Vibraphon. Ech tendéieren éischter zum Vibraphon.

-> Daje, eis Musiker!!! Wat ass et?
kevin 30.01.2007 - 14:51
also:

en vibrphon huet 'tasten' aus metall an heescht VIBRAphon well ennendrenner tuben sen déi duerch plaque'en un enger rotéierender achs mol op-, mol zougedeckt sen, an dat kréngt deem entsprieschend no enger VIBRAsioun. Een XYLOphon huet effektif hellzen 'tasten'...

dann gett et awer och nach den Marimba! Deen huet och hellzen 'tasten', mee deen huet daer vill méi wéi een xylophon! an dann muss een do och mat gedämpften sticks drop spillen! deen kléngt also vill méi douce.

...kann awer lo éierlech gesot net 100%teg soen op dat hei dann lo een xylophon oder een marimba ass, mee vläicht wees den GrAl et lo!?
GrAl 30.01.2007 - 14:53
den hei hat och metallen Tuben ennendrenner
kevin 30.01.2007 - 14:55
waren et dann einfach en puer ronn tuben vun uewen bis ennen oder waren et der sou vill dass se an den ennechten oktaven hun missten zesummengediebelt gin fir net bis an den keller ze goen?
GrAl 30.01.2007 - 14:55
Yep. ass en(g) Marimba. (laut google)
Pingu 30.01.2007 - 16:58
net nemmen laut google tongue
tinchen 30.01.2007 - 14:52
hmm...also ech spillen selwer xylophon, an en xylophon as aus holz, wéi op da foto. An en vibraphon huet metall-tasten, sou een hun ech och
GrAl 30.01.2007 - 14:59
Bas de secher datts de net schons joerelaang Marimba spills ouni et ze wëssen smile) bigsmile
tinchen 30.01.2007 - 15:08
daat giff mech wonneren! ech sin schon joerenlaang an der musékschoul an mäin muséksproff huet daat waat ech spillen emmer xylophon genannt, vun marimba huet en nach nie eppes gesoht
Knolles 30.01.2007 - 14:36
/removed/
kanufla 30.01.2007 - 14:37
hmmm wees onet waat et as...foto as awer flott just deng Rumm gefällt mir net esou gud!
GrAl 30.01.2007 - 14:43
Ech mierken schons, d'Rumm kënnt net gudd un me ouni Rumm fannen ech, datt d'Foto sou "aleng" do stet.
Huet iergenden eng besser Iddi ewéi d'Rumm (oder eng aner Rumm) fir en Iwergang zum wäissen HG ze man?
Pinocchio 30.01.2007 - 15:03
Le cadre ? : tout a déjà été dit.
Qu'est ce que c'est ? : à part xylophone, je ne vois pas.
La photo ? : très belle.
galileo 30.01.2007 - 15:29
...wann een hei mol kuerz nët kuckt, ass alles gesoot closed_eye

@tinchen - haas jo mol guer nët esou Onrecht mat Xylophon - d'Form vun den "Hölzer" huet mech dorun zweifele gelooss - déi ass normal "rechteckeg" (beim Xylophon a beim Marimba), an héi sin se quadratesch...oder ass dat nëmmen d'Perspektiv ?

...an iwwregens: schéi foto !
GrAl 30.01.2007 - 15:31
Dat ass d'Perspektiv, si sin am Normalen rechteckeg.
kevin 30.01.2007 - 17:12
also op daer photo déi den GrAl mer lo geschéckt huet gesait et definitif aus wéi een XYLOPHON!!!
GrAl 31.01.2007 - 08:29
Dann ass jo elo kloer datt et en Xylophon ass.
Merci kevin.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 395 Gäscht online