Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Point de vue

 
Point de vue
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.11.2006
  • Gekuckt:
    18088
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    37
  • Beliichtungszäit:
    10/1
  • Blend:
    f/13
  • Brennwäit:
    10.5 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    700x1000
  • Späicherplaz:
    174 KB
  • Originaldatum:
    2006:11:10 18:46:07
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen
2. Kategorie: Allgemeng »» Formen an Strukturen
Extras:
Trépied

Fir anzesetzen: [pg_img=11883]
Kommentar vum Fotograf:
Qui n'a pas penser jeter un oeil dans cette sculpture ?
yoshi 12.11.2006 - 18:06
boah closed_eye
CHAREL 12.11.2006 - 18:13
Du sees etsmile
Sam 12.11.2006 - 18:54
su en fisheye ass schon chilltongue
ass dat do um kierchbierg am rondpoint?
Kwitchibo 12.11.2006 - 19:03
smile BRAVO MONSIEUR TRéPIEDFISHEYE!!
OK-Photography 12.11.2006 - 19:28
VERDAMMMT!cool ech hun mer schonssuargen gemach wussde di eischt ropgelueden hues...cool
dei haiten as gen glanz!mengn MEI Ww geet baal nik!as daat ENG eenzesch foto?
defnitiv sprachlos...
spako 12.11.2006 - 20:06
Immens! ech ka mech nemmen un dei aaner uschleissen.. do kritt ee richteg Loscht ob ee Fisheye... allerdengs muss een dann nach ob dei heiten Iddi kommen. All Respekt!!
zaira 12.11.2006 - 20:17
ohsmiledi heitn huet et awa o an sech...
Focus 12.11.2006 - 20:56
Onmoosesch excellenten Cadrage!
yannhellers 12.11.2006 - 21:56
super

@jury: daat do ass jo lo net ären eecht oder?
OK-Photography 12.11.2006 - 23:12
mengn jury misst vlait een statement man...ech kene joh nik fill fun all ären kritären an sou mee am moment verstin ech einfa nik rischtech waat un deser nik gudd as...closed_eye
Kwitchibo 12.11.2006 - 23:15
ech fannen das daat hei eng vun deenen beschten Fotoen as wou ech seit enger Zeit hei gesin hun... pech awer .........
JURY???
JADE 13.11.2006 - 02:27

"Genau esou ... an nach méi esou!"
alma 13.11.2006 - 07:57
dei idee do haat de kola an ech och schon, mee mir hun d'idee nie an d'realiteit emgesaat.
natierlech get daat mat engem WW nach besser
rom 13.11.2006 - 09:12
Boooaaahh!! smile

Wirklech flott!
Focus 13.11.2006 - 09:16
ech voten se als Topfoto!
Ochiniwa 13.11.2006 - 10:31
LOL bei aller spezieller Photo dei ganz no un der Top-Photo laanscht geet kennt dat Thema erem op smile

Egal fir mech ass des Photo Top, ouni elo je an enger Jury gewiecht ze sinn.

D'Regelen sinn hei op PG relativ kloer waat Top-Photo ass. D'Jury huet säin Vote ofginn, op elo en Kommentar kennt oder net ass schwiereg. Och ech hätt gären hei gesinn firwaat net, mee daat feiert onausweichlech zu Diskussiounen, Eng Jury brauch se net ze rechtfärdegen, kann et awer wann se well smile
Jefferson 13.11.2006 - 14:12
Daat ass dach mol rem eng keier eng genial Foto
wirklech beis
all respekt

Pinocchio 13.11.2006 - 18:03
Cette discussion sur le jury et sa décision tourne en rond.
Je publie mes photos car c'est une passion. J'apprécie de recevoir des commentaires, bon ou moins bon. Pour le reste : Basta !
On est là pour le plaisir et pour apprendre, pas pour la polémique.
Ochiniwa 14.11.2006 - 11:06
@Pinocchio, bien dit!
JADE 13.11.2006 - 22:05
Sou elo huet ët mech laang genuch gekribbelt ... wéi ëmmer, den Jury waert jo seng Grënn hun ... déi mir souwisou nët waerten kennen, ausser ët mellt sech een vun hinnen hei ... mee daat wëssen mir jo och schons vun aaner Situatiounen, oder? ... dofir gin ech dem Ochi Recht ... daat Thema kënnt dann ëmmer erëm op d'Tapéit...

bei all Bewertung, déi vun Mënschen gemach gëtt, waert den subjektiven Undeel och nie vum deem objektiven getrennt kënnen gin, an soll ët och nët, well soss brauch een jo just een techneschen "Raster" opzestellen, deen dann an en Info's Programm ze verwandelen deen daat ganzt dann rechneresch auswert ... an dann brauch een och keng lieweg, mënschlech Jury's Memberen méi ...
daat heescht dann awer nach ëmmer nët, dass mir dann och mat deem "informateschen Raster-Resultat" zefridden waerten sin, well mir sin jo all eenzel Mënschen mat eegenen Ideen, Gefiller, Launen, Kenntnisser an Erfahrungen, déi an onst jeweilegt Appréciatiounsvermögen "dranfunken" ... an déi "Parameteren" änneren jo och andauernd an permanent an éiweg ... esou laang mir liewen, austauschen, ons méi schlau machen, etc ... also oofhängeg dervun wéi mir selwer évoluéieren ... dofir ass ët jo een éiwegt Däiwelskrees ... an dofir kréien déi Diskussiounen jo och noutgedrongen keen Enn ...
(daat selwescht kennen mir dach och vun den "allgemeng unerkannten Schéinheetskriterien" oder nët ... sorry fir den komeschen Verglach ... mee ass mir elo keen aaneren angefall ...)
sou, waat dann elo machen, wéi dann elo virgoen fir awer esou eng Topfoto-Wiel ze ..... ? .... etc ... etc ... etc ... remember ... it's an neverending story/discussion ... wou jo souwisou nie jidfereen d'accord ass ... etc ...etc ...

waat mech am Fong dozou bruecht huet eppes hei ze schreiwen ... ass dem CK seng Assoo "... huet des Foto naischt spezielles ausser dass en extremen Weitwenkel benotzt gin ass. Mee daat eleng mecht keng Top-Foto. ...": jo do gin ech dir Recht ... den Choix vun der Perspektive, vum Moment, vum Cadrage, vum Bildopbau, vun dem Hannergrond ... etc ... etc ... etc ... spillt jo och eng Roll fir d'Gesamtbild an d'Gesamtresultat ... do brauch ech, Jade (waat mech emol nët zu den Amateuren zielt, geschweige denn, zu deenen déi eppes vum Fach verstin) dir daat jo awer sëcherlech nët ze soen, gell? ... mat all der Erfahrung déi's du schons hues, an all déi immens schéin Prisen déi's du hei eropgelueden hues ...
waat ech soen wëll ass ... ët léit jo awer sëcherlech nët nëmmen um WW, dass dëss Foto esou flott gin ass, oder? ...
La preuve: léé mir esou eng idem équipéiert Cam an den Grapp ... breng mir déi essentiellst technesch Basen bäi ... an du waers gesin ... ech bréngen ët nët esou faerdeg ... do feelt mir schon daat "gewëssent Aan", déi gewëssen kënschtleresch Oder, déi jo nët ze définéieren ass ... an do si mir dann alt erëm beim Unfank vun der Diskussioun unkomm ... and so on ... and on ... and on ...

Conclusioun, fir mech perséinlech:
ech fannen dëss Foto ganz flott an original ... an ech empfannen daat weider esou ... och wann ech nët duerch een "Topfoto-Stempel" an mengem Empfannen "offiziell" bestätegt gin ...
An nach eng Kéier, ass daat nët och an nach vill aaner Domainen vum Liewen den Fall fir jidfereen vun ons, iergendwann eng Kéier? ...
CK 13.11.2006 - 22:37
Iwwerall wou et Meenungen get, get et Meenungsverschiddenheeten. smile

Woubei ech als eenzel Persoun och net emmer all Entscheedung vum Jury novollzéien kann, mee ech denken mir agéiert alleguer no beschtem Wëssen an Gewëssen, an et dréit sëcherlëch net zu enger positiver Atmosphär hei um Site bei wann eng Handvoll Leit léiwer kritiséieren wéi selwer aktiv ze gin. Mee wien mengt en kënnt eng besser Jury-Arbecht machen wéi ech, zumols wann ech sou dem klunibella seng Aussoën ukucken an waat hien fir Ufuerderungen un eng Jury stellt, deen kann sech denken ech roueg mat Referenzen beim Johny melden, wann hien d'accord ass gin ech gären mein Sëtz un eng méi passend Persoun oof.
JADE 13.11.2006 - 22:52
ech wees elo nët wéi ech daat verstoen soll, CK ... ech hoffen, dass ech dir nët ze no getrueden sin ... ët war guer nët mäin Wëllen ...

zum dengem 1. Satz ... daat ass genau daat waat ech och matgemengt hun ... an dofir soot ech jo dass ët eng "neverending story/discussion" ass ...
fir den Recht wollt ech absolut nët deng Décisioun an Fro stellen,
ech wollt dir just "rhetoresch" Fro stellen ... am Sënn vun : CK, du mat denger Erfahrung, wees jo awer och dass dëss Foto nët elleng duerch den WW esou flott gin ass, an een positiven Echo kruut ... en dréit natierlech vill dozou bäi, mee sëcherlech nët elleng ...
... smile ...
CK 13.11.2006 - 23:00
Ech hun firun allem negativ op dem klunibella seng Aussoën weider uewen réagéiert., sorry wann daat lo eigentlech net als Äntwert op dein Kommentar gepasst huet.

Mee ech stin zu menger Meenung dass d'Foto iwert déi mir hei schwätzen ouni WW relativ banal wier.
Kwitchibo 13.11.2006 - 23:07
dann wär se awer guer net esou!!! daat as et jo !smile
Johny 13.11.2006 - 23:35
@Pinocchio: Alt wéinstens een den daat seet waat ech sws och denken.

Wisou muss emmer sou en Zodi sinn wann eng Foto net ugeholl gëtt als Topfoto? Soot mir waat dodrun sou schlëmm ass?
1. Et mengt ee grad d'Leit géifen just nach Fotoen roplueden fir dass se als Topfoto geholl gëtt ...
2. Sin déi Jury Memberen déi mir gewielt hun, keng Leit déi soen oder behaapten sie wiren déi bescht -> ganz am Géigendeel. An genee dofor sinn déi an der Jury! (Kloer do kommen och nach aanerer a Froo, soll jo elo net heeschen dass all déi aaner User sou sinn, allerdings sinn souer hei)
3. An NEE mir hun näicht géint Kritik, mee se muss berechegt sinn! An daat ass se leider an 99% vun de Fäll net.
4. Och ech selwer hu Fotoen, wou ech soen dass se besser sinn wéi aaler dei als Topfoto gewielt gi sinn, an dës ginn dann awer mol net firgeschloo. Ass daat schlëmm? Nee, mir ass et komplett egal. De Site ass dofir do fir Kritiken ze kréien, ob positiver oder negativer, an fir iwert e gemeinsamen, flotten, Hobby kënnen mateneen ze schwätzen.

Ech fannen dir wollt ierch emol alleguerten eng Kéier ferm Gedanke maachen wisou der hei sidd. Ech wëll domat lo kengem soen e soll goen, mee ech wëll ierch derzou bréngen mol rem verstännech nozedenken wisou de Site gemaach ginn ass, a wisou en nach do ass. Ech ginn ierch en Tipp: En ass weder do fir säin Wëssen ze présentéieren, nach fir emmer mussen aanere Leit ze soen dass ee selwer et besser kann. Wee waat vu wem denkt an hällt, soll jidferee fir sech entscheeden.

//UPDATE: Ech hoffen alt et gi puer Leit dei dese Comment wirklech sech zu Härz huelen. Well wann et net de Fall war, gesi mer daat jo, an dann ass sech d'Froo eechthaft ze stellen wisou de Site nach do ass! Mir maachen eis net all déi Arbecht fir, dass puer Leit déi mengen se wiren besser wéi all déi aaner, hei mengen se kéinte maachen waat se wëllen.

Et ass wéi emmer, et feelt u Respekt ...
Kwitchibo 13.11.2006 - 23:39
Voila!smile
Pinocchio 14.11.2006 - 01:02
Je pense qu'on est bien d'accord.

Ceci dit, c'est absurde de réduire l'attrait d'une une photo à l'utilisation d'un objectif
Cette photo a fait couler beaucoup d'encre, or c'est le 14ème fisheye que je transfère. Si c'était seulement l'objectif utilisé qui était responsable de ces nombreuses appréciations positives, j'aurais enregistré la même chose pour les 13 autres photos.
Biensur qu'une telle photo est impossible sans fisheye mais encore fallait-il utiliser cet objectif dans des conditions qui lui permettent de produire une photo plus attrayante que les 13 autres. Ensuite , il y a un travail plus ou moins important de "tongueost-production" qui est indétongueendant de l'objectif utilisé.
Ceci étant, CK a lparfaitement e droit de ne pas apprécier les fisheyes. De ce point de vue il est d'ailleurs tout à fait conséquent étant donné qu'il n'a jamais émis de commentaire à l'une de mes photos.

Sur ce, bonne nuit.
CK 14.11.2006 - 07:16
Niewenbei bemierkt hun ech net just deng Fotoën net kommentéiert, mee am generellen war ech relativ wéineg aktiv um Site an läschter Zeit - Vakanz an Plënneren brëngen daat mat sëch. smile
Pinocchio 14.11.2006 - 08:11
smile
Ochiniwa 14.11.2006 - 11:15
Lol Johny, et feelt net un Respekt.

Läit sinn Läit an jiddfereen huet seng eegen Meenung, an daat ass gudd esou. Et ass emmer ganz schwiereg seng Meenung ze enneren.

Ech fannen dei Diskussiounen hei ganz interessant esou laang wei se net emotional gett mee rational bleiwt.

Am Liewen ginn et Regelen an hei mechs du an den Jury d'Regelen, daat ass halt esou, wann engem daat net gefällt, kann en et soen an eng Konstruktiv Kritik erfier brengen. Mee wei schons gesoot, en kann och goen, et ginn genuch aaner Siten. Et get emmer erem vergiess dei Zäit wou's du hei an desen Projet eren stechs.

Gei emol op FC an so deenen emol dass hier Bewertungsmethod net richteg ass... :o)

Villäicht kann een eng Keier en Code d'Éthique hei entwerfen (am witz...)

Wichteg fir den Pinocchio ass dass vill Leit dess Photo genial fannen. Basta
Johny 14.11.2006 - 14:17
Dach et feelt u Respekt, ganz secher. Hätten d'Leit genuch Respekt, géifen se sech net iwwert aanerer stellen an mengen sie missten alles besser kënnen / wëssen. Ganz um ufank déi puer User déi dun aktiv waren, déi haaten Respekt virun denen aaneren all, an genee dofir huet et och Spaass gemaach. Daat hei mecht kee Spaass méi mee geet engem just nach op d'Nerven. Och wann een eng aaner Meenung huet, kann een déi respektvoll eriwwerbréngen. Kënnen awer muench Leit hei net, oder/an wëllen et net.
Ochiniwa 14.11.2006 - 21:25
Kann ech verstoen. (Un esou Saachen wiist (vum Verb wuessen) een.)
Naturknipser 14.11.2006 - 11:48
*lol*

et get emmer 2 Meenungen - meng an déi falsch :o)))

wann et eppes ze meckeren get dann dat hei (vu mengem Point de vue) - Déi gewielten Déifteschaerft fannen ech net optimal - entweder manner dann gin d'Gebeier hannen guer net schaarf - oder eben méi da gin d'Gebeier méi schaarf - et hengt dovun oof ob een se lo well komplett mat abetéien oder komplett isoléieren. Sou wierkt deen Deel vum Bild e bessen verschwommen (a mengen Aan). Desweideren fannen ech riets ennen ass se e bessen iwwerstrahlt, dat lenkt mech e bessen oof).

Mee a mengen Aan eng gut (oder besser gesoot eng Top) Foto *ggg*.
mmphotos 14.11.2006 - 15:21
propos un den Johny....also deen problem hei haaten mer jo schon oft...eng foto gouf net ugeholl an dann gin sech d'kaepp ageschloen...

mee waat mech bei deser Foto "schockeiert" as dat den Auteur sech hei baal rechtfertegt...sry mee firwaat? Heen seet dach selwer dass et him egal as op eng Foto Topfoto as oder net...natirlech as et emmer flott...mee trotzdem. An souwisou een Jury as emmer relativ....egalwou...egalween drasetzt...an et sin emmer dei dei benodelegt gin dei fannen dass den Jury scheiss war...as dach sou nee? Wei den Naturknipser soot..."et gin 2 meenungen, meng an dei Falsch"

sou lo meng propos...firwaat net einfach den Vote zur Topfoto net och einfach freiwelleg maan...sou wei daat och den Fall beim "VOTE" as? Geif son dass do een deen seng Foto roplued fier Konstruktiv Kritik ze krein dei kescht einfach ausklickt...nee?
Bon wollt daat einfach mol lassgin...well dei Astellung vun verschidden leit dass just hiert wessen an kennen richteg as geet mer mega op den S****, an et geif mech net wonneren wann ech net deen eenzegen sin...
Johny 14.11.2006 - 15:28
Ech si frou dass och weinstens ee sech Gedanke mecht waat een ännere kéint. Mee ech mengen dei Këscht wärten rem déi manst benotzen, well ee jo awer denkt, wéis de och sees, et dass dach net negativ wa se sollt geholl ginn als Topfoto. Mee dann wa se alt rem net geholl gëtt, geet den Zodi genee sou weider :/

Et si jo puer Saachen dei solle mam Update änneren/bäikommen, an demnowaat do wéi da geschitt a wéi d'Leit durno réagéieren asw, kann een da weiderkucken. (Jo ech wees, onkloer, mee daat ass well ech lo ent verroode wëll em waat et geet)
Ochiniwa 14.11.2006 - 21:28
Hehehe maach eis d'Zong laang ;o)

a Jo nach eppes... ech weilt d'Leit giffen esou vill Energie an d'Kommentarer vun mengen Photoen setzen... mee bon, dofir sinn se nach net gudd genuch smile
JADE 14.11.2006 - 21:38
coolcool

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Äisvull

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Chandra
Am Ganzen: 3681
1 Benotzer an 69 Gäscht online