Daat doten as en beispill fir eng Foto wou mer och an de Kapp komm as..mee hun mech nie getraut eng ze maachen..(well..wann deen daat wiekrlech net gären mecht dann muss een sech dach gedemütegt fillen och nach sousätzlech fotografieert ze gin, oder?!)
D'foto selwer as zwar zimmlech gelongen, well de mann do am donkelen steht (also net am lichterschleier )
nee, gedemiddegt net. ech ka mer suguer firstellen, dass em den job gefällt, an dass en einfach midd woar, oder nogeduet huet! dass ech en an däer stëmmung gesin hun ka jo pueren zoufall sin!
Ech fannen dass d'Foto fier 100% gelongen ass, an déng Äusso onmëssverständlech eriwer kënnt!
Gefällt mier immens gutt!
(Freets du déi betreffend Persoun eigentlech ierts de d'Foto méchs, oder verstopps du dech, oder méchs du d'Foto einfach sou ouni ze froen an ganz oppen?)
dat sin nach all déi aner fouersfotoen.. ech hun ze awer ALL dran.. also déi vum treff, déi vu geschter, an eben vun all deenen anere fouers-besich! ganz hanne sin déi lescht, an déi eigendlech "richteg" fouersfotoen...
freck, flott foto sou eppes geseit een net oft hei ass zwar schued dass een den aarm hannen baal guernet geseit, mee trotzdem tiptop, dei foto seet vill aus
jo, leider konnt ech mer dat net aussichen ech woar schon immens frou, dass deen typ do stung wou e stung! an dass de ball nach ze gesin as! och säi kap as uewe ganz am schied! mee bon
Dei Persoun kuckt emmer esou "entgeeschtert" an mecht dei Arbecht net besonnech gären eigentlech den falschen Gesichtsausdrock fir sou en Spill soss awer eng ganz gudd gelongen Photo.