D'Schueberfouer :-) ech wollt dei zwee "Rieder" dropkreien. Leider stoung riets ee Luutepotto dee ganz grell geliicht huet dofeir hun ech d'Rieseraad e besse oofgeschnidden...
Wat mir hei besonnesch gefällt, dat as d'Perspektive, déi net grad esou "klassesch" as, an durch déi ee Graphismus an de Bildopbau era kënnt, dee séch weise léisst. Et as scho bal pythagoresk, ( Analogien, déi dat Wuert erfiirifft sin erwënscht!) Dräiecker a Kreesse, an awer och ee wonnerbare Komplemntarkontrast an de Faarwen (blo vs giël/orange) An dann di ponctuàiert ugedeiten *droite* déi di dräi wàisblo Stären vu lénks no riets undeiten.
Also mir gefällt déi hei am beschten vun dengen Riesenrad-Fotoen, well déi schéin faarweg ass, an ech fannen d'Vitesse kënnt am beschten eriwer well et 2 Kreesser sin !