Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Loost mir mäi wëlle Gaart

 
All Fotoen an dëser Serie:
48168 Thumbnail
48169 Thumbnail
48170 Thumbnail
48172 Thumbnail
48173 Thumbnail
Loost mir mäi wëlle Gaart
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.06.2023
  • Gekuckt:
    5107
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon Z 7
  • Objektiv:
    Z 24-70mm f/4
Kategorie: Natur »» Planzen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92642]
Kommentar vum Fotograf:
Et ass nit ëmmer einfach, mat deem Wieder hei op der Kopp am Westen. Ball huet ee wochelaang Reen, an dann ass et eng kaal an dréchen Ostloft, déi de Planzen zousetzt. An da kritt een da virun der Diir och nach nei Reewaasserzetären, wou hanneno de Grësch uewen an de gudde Buedem ënnen am Fong land. An dann huet een als Resultat e puer Iwwerliewenskünstler-Stauden a Pionéierblummen a Planzen, déi vun de Felder a Wisen an Uwänner ronderem ageflu sin. An dann huet een op eemol ee flotte Biotop, wat Vigel an Insekte, Mais a Kaatzen an de Gärtner a séng Fra, resp. d'Gärtnerin an hire Mann mat Freed erfëllt. :-)
tormi 21.06.2023 - 08:45
Klasse Gaart, Respekt
Nicon07 21.06.2023 - 08:50
Merci. Mais et kann een och mat Ausschnëtter a Fotoen eppes virgauckele, wat sou nit ass. smile z.B. Hecken, déi een nit méi geschnidde kritt, well een nit méi dru kënnt, an een awer nit un ee Radikalschnëtt denke wëll a kann, well se bewunnt si vu Fluesfénkelcher, Heckebraunellen, Roudschwänzercher a Graatschen. closed_eye A well een dat richteg Geschiir nit huet.
Nicon07 21.06.2023 - 08:55
Ah jo. Ee Bekannte vun eis, ee Belsch, sot eemol: "C'est la jungle chez vous!" Keng Aanung, ob dat ee Kompliment war, oder wat? Bei him doheem ass et op alle Fall " propper". Eng grouss Wuesfläch mat Hecken a Straicher un de Bord'en. closed_eye
tormi 22.06.2023 - 07:12
Ech hun well vill fier Gemengen an och privat Leit geplangt, do get et vun allem. Waat mier am Beschten gefällt sin allerdengs dei Gärt wou d'Planzen Rechter hun, daat heescht, sie dierfen an hierem typeschen Habitus wuessen an gin net veiereckeg oder ronn getrimmt. Deen Moment profiteiert net nemmen d'Flora.
Nicon07 22.06.2023 - 09:49
Dofir hu mir ee gesonde Mix vu Gaardenzëmmere aus Carpinus, Acer campestre a Buxus, wou bannendran d'Stauden, d'Rousen an d'Annuelles bont gemëscht mam « Beikraut » wuessen dierfen a punktuell e puer Buxus-Topiairy-Insele mat Terre cuite oder Metall-Skulpturen. A vill Straicher. An de Geméisgaart mat Hochbeeter doniewent. Bei eis wunnen a bréie Villercher, mir haten alt scho mol wëll Beien am Buedem, awer och Wull- a Spitzmais, Gaardeschéifer, Mauleppen, Kéisécker an ee mol ee Fuuss, dee séch regelméisseg un de Komposteemer zervéiere komm ass. Deen ass eemol iwwerrannt gin an ass duerno, fir ze stierwe, séch ënnert eng Rosa arvensis leeë gaangen.
gemu 28.06.2023 - 11:01
E Gaard fir richeg neideg ze gin, Natur pur!
Nicon07 28.06.2023 - 13:52
Jo, mais am Moment, wou di meescht Juni-Staude verblitt sin, ass et awer nit méi grad schéin. Dat ass den Nodeel vu sou saisonale Gäärd. (schreift een dat esou?)

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 436 Gäscht online