Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

La Grande Roue

All Fotoen an dëser Serie:
47972 Thumbnail
47973 Thumbnail
47974 Thumbnail
47975 Thumbnail
La Grande Roue
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.01.2023
  • Gekuckt:
    6258
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Originaldatum:
    Dezember 2022
  • Fotoapparat:
    Canon A1
  • Objektiv:
    FD 50mm 1:1,8
Kategorie: Bewegung »» Misc  
Extras:
Fomapan 400
Fomadon R09

Fir anzesetzen: [pg_img=92442]
Kommentar vum Fotograf:
Ee klenge Retour op de Wantermaart 22/23.
tormi 20.01.2023 - 20:09
Exzellent s/w mat net üblech Vue'en.

Mier gefällt dass ech op där 1ter mat deenen Luuten baal den Androck hun wei wann d'Foto verpixelt wier. Och dei drett get dem Rieseraad neien Schwong.
Nicon07 21.01.2023 - 09:40
Merci, Tom.
Paul-H 20.01.2023 - 20:11
Si rauschen alleguer, mee ech huelen un daat ass hei sou gewollt.
Nicon07 20.01.2023 - 20:39
Et ass ee 400 ISO Film, Pol. Dat ass kee Rauschen, dat ass Grain! closed_eye Fomapan 400 Dynamic ass een zimmléch rudimentäre Film, "wéi fréier"... smile
tormi 20.01.2023 - 22:53
Ech fannen dass daat Rauschen an dësem Fall net stéiert.
gemu 21.01.2023 - 15:12
Titelfoto ass excellent mat den dramateschen Kontraster am Himmel a passt super bei dee Film
Nicon07 21.01.2023 - 18:57
Merci, Georges.
marker 21.01.2023 - 20:34
Ech si kee Fan vu graffem Grain, zemools wat elo Landschaften ugeet mat vill Himmelsundeel, awer hei bei denger Serie passt et wéi d'Fauscht op d'Aa.
Wann een ët net besser wéist kéint ee bal mengen et wären Opnahmen vu Glasplacken aus den Ufangsjoeren vun der Fotografie.
Ganz gutt esou.
Nicon07 22.01.2023 - 08:43
Merci, Marc.
LeeLee 22.01.2023 - 12:50
Vill Korn, wat hei awer secher passt.

De Foma 400 kann awer och e vill méi dezent Korn weisen. Op ménge Pabeierofzich am 18x24cm ass Korn siichtbar, awer nët esou extrem wi hei. Wi sou ëmmer ass et de Workflow deen zu engem definitive Resultat féiert.
An elo wou ech dat heite geschriwwen hun a gegooglet hun wat Fomadon R09 ass (-> Rodinal), lo verstin ech. Effektiv genau dee Look, deen ech och fréier mam Agfapan 400 am Rodinal hat. Cool.

Ech entwéckelen de Foma 400 normalerweis am HC-110. Dat gët eppes komplett anescht.
Nicon07 22.01.2023 - 15:18
Ech hun nach ni den HC-110 probéiert. Bis elo just de Kodak D-76 an den TMax-Dev, de Fomadon R09, den Tetenal Ultrafin an elo nei den Adonal. Wann ech mol neess bal keen Entwéckler méi hun, da probéieren ech dann och eemol den HC-110.


Merci fir däi Kommentar.
LeeLee 22.01.2023 - 15:43
Ech hu fierun 2 Joer mam HC-110 ugefaangen. Interessant, well ee mat ville Verdënnunge schaffe kann, an d'Resultater gezielt steiere kann (Kontrast, Kompensatioun). Problematesch ass eventuell dass een d'Konzentrat am Liter kafe muss ( - 40 Euro). Dat hällt sech dann awer johrelaang, wann een et a volle Fläschen huet. An et geet duer fier méi wi 100 Filmer.
Nicon07 22.01.2023 - 15:49
Tiptop! Villmols Merci.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 364 Gäscht online