Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Place de l'Europe

All Fotoen an dëser Serie:
47969 Thumbnail
47970 Thumbnail
47971 Thumbnail
Place de l'Europe
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.01.2023
  • Gekuckt:
    6617
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Originaldatum:
    13.01.2023
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1000F
  • Objektiv:
    EF 35-105 f/4,5-5,6
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:
Fomapan 400
Fomadon R09
Epson V850 Pro
SilverFast 9

Fir anzesetzen: [pg_img=92432]
Kommentar vum Fotograf:
Mat enger Canon EOS 1000F aus der Schoul mat engem Fomapan 400dran um Kierchbierg ënnerwee, fir de Film färdeg ze knipsen.

Irgendwéi huet deen Apparat Problemer mat der BL-Automatik. Oder ech misst mol neess eng Kéier de Fixateur erneieren. :-)
theom 16.01.2023 - 13:14
# 2 an 3 hun een interessante Bildopbau.
Nicon07 16.01.2023 - 13:31
Merci, Rob.

Jo, do si vill Perspektive méigléch.
Jaycee 18.01.2023 - 23:27
Also Nico ech gesin elo hei nët direkt den Zesummenhang zwëschen engem eventuellem BL-Automatik Problem an engem ausgeleiertem Fixateur.

Haal emol een beliichtend Stëckelchen Film an de Fixer a kuck wéi laang ët dauert bis ët durchsichteg gët. Bei 4-5 Minuten kanns de ën entsuergen, well deng Fixéierzäit dann 8-10 Minuten wär (Fixierzeit = doppelte Klärzeit gemäss dem Günther Spitzing).

Dovun oofgesin pr?sent?eirts de hei eng TipTop architektonesch Serie
Nicon07 19.01.2023 - 08:29
Merci fir den Tipp. Deen hun ech nach nit kannt. Ech hu bis elo ëmmer "empiresch" geschafft. bigsmile Ech hun awer och mol op ménger Fläsch vum Fixateur gesin, datt ech deen den 22.10.2022 gemëscht hat. een halwe Liter an engem Literbidon, an dann op mannst eng Dose Filmer gefixt, ech mengen, do war ech zimmléch guttgleeweg ënnerwee. closed_eye Lo ass neess alles gutt. Neie Fixateur, Ilford FP4 entwéckelt, an alles paletti. Ech muss mol manner noléisseg sin.
Jaycee 19.01.2023 - 21:04
Daat wären jo dann ca 24 Filmer pro Liter Gebrauchsléisung, daat ass é gudden Duerchschnëtt. De Fixéierer ass hinüber wann de Selwergehalt ze héich ass, daat gesäiss de wann ën ufänkt brong ze gin...
Nicon07 19.01.2023 - 22:18
Dee war mol nach guer net sou brong. Dat ass éischter den Tetenal Ultrafin (gëschter huet d'SDK de Rescht dovunner matgeholl) an de Fomadon R. (dee krut ech sou vum Händler geliwwert an enger Plastikstuut, wou de Stopp "geschweesst huet). Ech hu gemeckert, a krut ee feine Mail vum Händler, dat wier net schlëmm, dee wier awer nach gutt, mais si géife mir dann awer gratis eng "nei" Fläsch schécken. A wéi déi ukoum, war déi grad sou oxidéiert. Mais ech muss soen, als Rodinal-Klon mécht en trotzdem säin Dingscht, well ech mat den Zäite fir de Rodinal am MassiveDevChart anstänneg Resultater kréien, trotz der Farf an der Konsistenz. (Wann ech dann den Adonal (de Klon vum Rodinal vun Adox dergéint huelen, dat ass wéi Daag an Nuecht. Kloer! smile
Jaycee 21.01.2023 - 11:15
Ech hu virun e puer Deeg e Film am Fomadon R069 deen ech viru gudd 3 Joer kruut hun entwëckelt, huet nach einwandfrei funktionéiert. Den Adox Adonal soll jo gemäss Adox den eenzegen Rodinal Typ sin den 100 prozentesch dem lescht bekannten Rezept vun Agfa entsprëcht. Den original Rodiinal war "unkaputtbar". Ech haat emol ee Rodiinal erëmfonnt de nach an enger Glasfläsch war an demols ca 20 Joer aal war. E war nët nëmmen méi donkel mais richteg schwaarz, huet awer nach funktionéiert. D'Rezeptur vum original Agfa Rodinal huet am Laaf vun de Joeren och emol geännert, graad ewéi déi vum Maggi closed_eye
Nicon07 21.01.2023 - 19:01
Wann ee lo ka sécher sin, datt Maggi nit 20 Joer aale Rodinal ass, da sin ech berouegt. bigsmile
Jaycee 22.01.2023 - 00:09
Am Zweifelsfall just un der Fläsch schnupperen...
Nicon07 22.01.2023 - 08:41
Oder ee Film mat Maggi entwéckelen. bigsmile
Jaycee 22.01.2023 - 20:37
Da léiwer mat Kaffi, google Caffenol...
Nicon07 22.01.2023 - 21:17
Dat kennen ech, hu souguer eng Quell, wou ech Vitamin C a Kaliumcarbonat kréich, ech muss dat mol eng Kéier probéieren.
Jaycee 22.01.2023 - 22:45
Vitamin C hun ech zu Tréier an enger Apdikt kaaf a KBr op Amazon. Ech hun 100 gr daat geht duer fir 100-200 Liter Caffenol. Wanns de wëlls kann ech der eng Filmdous voll zoukomme loossen.
Du sees Kaliumcarbonat, ech wees nët op de geégenet ass? Als Reduktor am Caffenol fir de Schleier um Film ze vermeiden gët normalerweis Kaliumbromid geholl. Kaliumcarbonat ass anscheinend gudd geégenet fir d'Remjet Schicht vun Cinéfilmer ze eliminéieren sou dass se am C41 Prozess kënnen entwëckelt gin.
Nicon07 23.01.2023 - 09:14
Merci, dat ass léif, mais méng Fra ass Apdiktesch, do hun ech de KBr oder KCa oder wat och ëmmer sou instant, wéi de Kaffi. closed_eye

Mais däi Viirschlag geet och. Kuck méng PN un déch. Do géing séch eppes maache loossen.
Jaycee 23.01.2023 - 12:21
KBr muss nët onbedingt sin, iodiséiert Salz funktionéert och deelweis an ass nët esou geféierlech, geféierlech an dem Sënn dass bei ze héiger Doséierrung herno näischt méi op dengem Film ass, alles ewech reduzéiert sou ze soen.

Ok, ech brengen der dann eng Dosis mat.
Nicon07 23.01.2023 - 16:57
Yes!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 335 Gäscht online