Sief dach frou dat d'Wolleken sech esou zéi gehalen hun, vu dat d'Matterhorn praktesch komplett schnéifräi ass sinn d'Iwwerreschter vum Voile dach eng regelrecht Plus-value a machen d'Bild hei aus fannen ech, ..ouni wär et just e groe Koup Gestengs.
Do gin ech dir Recht. Mais wat ech wollt soen, ass, datt Matterhorn just fir e puer Minutte gemaach huet, wéi wann et séch géif entbléissen, nodeems et virdru stonnelaang komplett an de Wolleken oder beniwwelt war. Do huet ee mol nit gesin, datt et eng Tobleronespëtzt hat.