Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

sin bis an den Besch

 
All Fotoen an dëser Serie:
47888 Thumbnail
47890 Thumbnail
47892 Thumbnail
sin bis an den Besch
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.10.2022
  • Gekuckt:
    8281
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Originaldatum:
    16 10 2022
  • Fotoapparat:
    Canon r5
  • Objektiv:
    Sigma 105
Kategorie: Natur »» Planzen  
Extras:
knaschteg Box

Fir anzesetzen: [pg_img=92297]
Kommentar vum Fotograf:
Seit emmer sin ech en Fan vun den Champignons, net fier se ze plecken oder se wellen ze bestemmen (Hardcore) nee einfach esou. Mat oder ouni Hut, sie hun mech emmer faszineiert. Haut bei reenegem Wieder sin ech dann mat menger Täschellut op d'Sich no desen komeschen Liewewiesen gemaacht.
Nicon07 17.10.2022 - 20:53
Déng Iddi, fir d'Pilzer mst der Täscheluucht ze spotlighten gefällt mir gutt. Mais irgendwéi bass du fir méng Begrëffer net konsequent bis un se Schluss. Bei der Startphoto ass mir deen onscharfe Pilz am Hannergrond ze präsent par rapport zu deem am Spotlight. An da reecht do eppes vu lénks an de Kader ra, wat am Fong näischt do ze sichen huet. Dei der éischter vum Grupp fannen ech et och nit sou gléckléch, datt de Spot sou zentral gesat ass. A virun allem ass net den Haaptchampignon vun der Grupp, deen de wirklche Focuspunkt huet, mais dee recht doniewent. An di drëtt, déi mir am beschte gefällt, kéint méi Dynamik kréie, wann dee viischte Pilz och liicht méi no lénks versat wier. Et ass vläicht e bëssen zemann lass am lénksen Drëttel vum Bild. Bon, ech sin e bësse streng hei, mais déng Fotoe sprieche méch un an dofir wëll ech gären eng Diskussioun hei lasstrëtonguepelen. (firwat kann ee keng 2 P hei an engem Wuert schreiwen, ouni datt een een Zongstreckraus-Smilie kritt?) Op alle Fall géif ech déch encouragéiere, fir bei Geleeënheet nach eemol sou eng Mise en scène ze maachen. Do ass nach Potential.
tormi 17.10.2022 - 23:18
Ok ...

zur Startphoto, den klengen Pilz ass an senger Greisst fier mech ok, en ass schaarf, eventuel verleierten en bessi Struktur weinst der Beliichtung. Hien soll "daat neit Liewen" representeieren. Deen groussen onschaarfen Pilz soll an sech am Hannergrond bleiwen, sech e bessi schützend iwert den klengen haalen, doweinst och net Beliicht.
Den Krimskrams lenks an riets hun ech den Moment vun der Foto net bemierkt (Excuse: lung mat der Nues um naassen Buedem), grad wei och fier dei Spaarweck, hätt ech tatsächlech besser gehaat op bessi opzeraumen. Bei der Bearbeschtung vun der Foto hun ech mech gefroot ob et net och besser gewiecht wier den ganzen Stil vum klengen Pilz drop ze hun.
Nicon07 18.10.2022 - 08:29
Sou gesin verstin ech däi Konzept. Mais wier dann nit awer méi kloer, wann de Sputt tëscht deem groussen an deem klengen net sou héich wier? Ech weess nit, ob s du nach méi no a méi déif konns goe mam Apparat an eng méi betounte Contre-plongée häss kéinte maachen? Wéi ass et mat der R5? Huet déi een inclinabelen tactilen Ecran, fir datts du nit muss voll am naasse Moos oder am Bulli leien? A wéi laang ass de Macro vu Sigma? Ech weess jo selwer, als Macrofotograf, wéi ëmständléch dat meeschtens ass, fir dat, wat ee séch virstellt, och hinzekréien.
tormi 18.10.2022 - 09:49
Bei der R5 kann een den Ecrandreien wei een et brauch ... just ech hun e bessi den probleem mat mengem Brell ... deen misst e bessi ugepasst gin. Bei esou kleng muss ech den Brell ausdoen, wann ech deen net op der Nues hun muss ech mei no drun. Hun awer och dei App um Telefon, domad kann ech gemittlech niewendrun stoen. Leider kann een um Tel net wierklech erkennen ob alles schaarf ass ..... also plongée
Nicon07 18.10.2022 - 10:10
De Klassiker! smile

A wanns du dann och nach ee Variobrëll hues, wou d%u2019Schärften nit méi 100% gutt sin, dann ass et een Debakel. Manuell scharf stelle bei den Analogen ass eng Corvée.
tormi 17.10.2022 - 23:27
zur Gruppefoto, et haat net vill gefeelt, dann wier dei alleng gewisen gin. An zwar ouni matzedeelen dass ech eng Hellefsbeliichtung agesaat hätt. Dann hätt et geheesct: "En liichten Sonnenstrahl deen sech durch d'Baamkrounen geschlach huet an den Grupp Champigno'en liicht trefft". Dass en metteg ass ass tatsächlech nach emol ze iwerlee'en.
Den Fokuspunkt misst allerdengs op deem mettelsten Pilz sin well do och Lameelen ze gesinn sin (hun daat lo nach emol am LR nogekuckt)
Nicon07 18.10.2022 - 08:37
Ech gesi lo grad, datt am Fong eng mega Diagonal op dénge Champignons ass, wann ee vum Schierm vun deem aus der Mëtt ausgeet. Méng Iddi: Wanns du elo op deem Champignon lénks uewen wou een de Schierm hallef am Liicht gesäit an dee sou ee groe Punkt lénks huet di Diagonal auslaafe léisst an do uewen a lénks cropt, dann ass di Diagonal net ënnerbrach, fänkt uewen am Eck un a leeft ënne rechts am Eck aus, di däischter Plaz am lénkse Bilddeel verschwënnt an dee groe Punkt ass och fort. Als « Kollateralgewënn » réckelt dann den Haaptchampignon an de gëllene Schnëtt. Ech froe méch, ob een nit och kann op dee Bockel vu Champignon ënne verzichte kann. Wat mengs du?
tormi 18.10.2022 - 09:45
Hun daat mol probeiert emzesetzen, den Problem deen dobei entsteet ass den rietsen Eck deeb dann zimlech donkel get
Nicon07 18.10.2022 - 09:49
Dorun hat ech lo net geduecht, mais dat ass effektiv richteg. Bref. Mir hun et probéiert a loossen et si wéi et ass. closed_eye

Merci fir di flott Diskussioun.
tormi 18.10.2022 - 09:57
ëtonguep
tormi 17.10.2022 - 23:33
fier dei drett Foto,
well dei hei Pilzgrupp e bessi an enger Reih stung wollt ech deen eichten gudd beliicht, deen zweeten hallef beliicht an no hannen eraus eben manner Beliicht hun. Ech aat nach aaner Liichtmettel dobei, eng vun deenen Luuten lenks oder riets opgestallt, wier d'Foto net esou deischter an eventuel mei uspriechend gin....
Nicon07 18.10.2022 - 08:51
Wanns du dat sou beschreifs, da verstin ech déng Iddi an dann erklären ech dir och, wat ech mat « méi konsequent » gemengt hun. Well eng zousätzléch Beliichtung wier hei a méngen Ae kontraproduktiv. Dann ass et fir méng Begëffer éischter sou, datt deen héichen onscharfe Pilz ne hell ass, well et qusi di nämlécht Hellegkeet huet (um Ecran vu méngem iPad am Moment) wéi den Haaptpilz. (Ok, du kanns lo argumentéieren, Luucht a Farwen op deenen zwee Pilzer wieren am Spigelbild, wat ech och direkt gemierkt hun a wat ech wierléch als ee Pluspunkt gesin). Wann deen 2. Pilz nit mat ugestralt géif gin, dat wier effektiv net gutt. Ech froe méch just, ob een do nit mat LR op der PS an enger Mask déi global Hellegkeet vun deem Pilz liicht ofschwächt, fir datt den Haaptpilz méi Gewiicht kritt. An do ass jo awer tëschent deenen zwee beliichte Pilzer nach een drëtten ze erkennen, dee jo beschtens dat erfëllt, wats du aussoe wëlls, dofir fannen ech dee ganze lénksen Deel vun der Foto eigentléch accessoire. Wéi geséich ee crop als Quadrat aus?
tormi 18.10.2022 - 09:41
Den zweeten Pilz ass elo liicht oofgedonkelt gin an et gouf e bessi gecopt. Am carré geet net well dei zwee eicht Champs zevill un den Rand gedràngt gin.
Nicon07 18.10.2022 - 09:48
Dat liicht an.

smile
tormi 17.10.2022 - 23:37
Zur lassgetreppelter (doppel P-Test = ouni Trema keen Smiley closed_eye ) Diskussioun:

Villmols Merci!

Esou eng Kritik huelen ech ganz gären un. Et helleft mier enorm bei engem nächsten Fotosausfluch op Klengekeeten an Groussegkeeten besser opzepassen
Nicon07 18.10.2022 - 08:56
Merci fir den Titongue! Ech tonguerobéieren da mol, otongue dat etonguetonguees gëtt! closed_eye


Mir hëlleft et och, fir selwer di Klengech- a Groussegkeeten ze respektéiere, déi ech aaneren dohinner schmäisse, wann ech da selwer op den Tour gin. Mais leider bréngen ech dat selwer och nit ëmmer färdeg. closed_eye



tormi 18.10.2022 - 09:55
Meng Approche war deen groussen schützend iwwert deem klengen ze hun. Flott ass, dass deen no riets hängt. Ech fannen dass dei ongleich Heichten vun desen Pilzen dem Betruechter d'Meiglechkeet loossen sech den Ennerscheed ze erdenken. Et geseit een en klengen deen iergendwann mol esou grouss ass.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 509 Gäscht online