Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

War mol Maternité

 
All Fotoen an dëser Serie:
47876 Thumbnail
47877 Thumbnail
War mol Maternité
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.10.2022
  • Gekuckt:
    8966
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    6
  • Originaldatum:
    30.09.2022
  • Fotoapparat:
    Rolleiflex
  • Objektiv:
    Zeiss Planar 1:2,8 80mm
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:
Washi-F
Fomadon R09

Fir anzesetzen: [pg_img=92278]
Kommentar vum Fotograf:
Di läschten Deeg vun eiser aaler Maternité zu Stroossen. Vum Otto Bartning am Bauhausstil entworf an 1936 ageweiht, mécht dat Gebei, wat 1962 vergréissert an ëmgebaut gouf, an also net méi wirkléch authentesch Bauhaus war, elo engem Neibau fir den LNS Plaz.

Ech hu fir méng zwou Fotoen hei op een experimentelle Film vu Washi zréckgegraff, de Washi F, (fluorographic x-ray film steet op der Cartouche) well ech mir virgestalt hun, datt de Rendu vun deem Film (deen ech mat dësem Film réischt entdeckt hu selwer an nit nëmmen op der Internetsäit vu Washifilms) kéint bei de Sujet passen.
tormi 02.10.2022 - 09:55
Do geet se hin ...

jiddferfall passt den Bagger bei dein Film closed_eye
Nicon07 02.10.2022 - 10:38
Merci, Tom.

An datt dee Film keen Anti-Halo-Filter huet, verstärkt nach den Effekt vum Stëbs an ënnermolt de Message.
gemu 02.10.2022 - 10:31
Eng Bestandsopnaam vun eisem Gesondheetswiesen, déi ass dir richteg gut gelongen Nico.
Nicon07 02.10.2022 - 10:37
Viilmols merci, Georges. An dat zwee Mol.
wuff 02.10.2022 - 14:28
Flott festgehaal. Ech géing mol behaapten, dass dat neit Gebei wat se do bauen werten et net esou laang wärt do aushalen.
Nicon07 02.10.2022 - 18:00
Merci, Mike. An du kéins mol Recht behalen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 286 Gäscht online