Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Le Mont-Saint-Michel

All Fotoen an dëser Serie:
47867 Thumbnail
47868 Thumbnail
47869 Thumbnail
Le Mont-Saint-Michel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.09.2022
  • Gekuckt:
    8161
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    2
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon FM2
  • Objektiv:
    Nikkor AI 35mm 1:2
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:
Waschi A 12 ISO Film
Fomadon R09 (also Rodinal)

Fir anzesetzen: [pg_img=92247]
Kommentar vum Fotograf:
Alt neess een Experiment vu mir:

Ech krut bei engem Internet-Analogphotografie-Forum, wou ech Member sin, a wou mir all 2 Méint een Iwwerraschungsfilm geschéckt kréie, verbonne mat engem "Défi", am August ee "Washi A". Dat ass een Extrem héichkontrastéierte Film, deen eigentléch nit geduecht ass, fir "normal" Fotoen domaader ze maachen, mais deen am Kino geholl gëtt als Virspann oder fir Ënnertitelen. En huet eng Empfindléchkeet vun 12 ISO an séng Latitude ass nit ganz grouss. Ech hat dee mat an d'Vakanz op Saint-Malo, wou ech bei deenen typesche bretonesche Wiederkonditiounen, nawell richteg Erausfuerderungen hat a puncto Beliichtungsmiessung an Zäit. Hei sin dräi Fotoen, déi ech um Mont-Saint-Michel gemaach hu, wou d'Wieder nawell zimmléch duerchwues war. E bëssen hun ech schon am Lightroom nobeliicht, awer och do kann ee keng Wonner wierken. Deemno sin di Fotoen hei zimmléch dat, wat d'Negativer an de Scan mam SilverFast 9 SE hiergin hun.
wuff 11.09.2022 - 08:18
Gesäit zimlech Retro aus. Ech perséinlech fannen den Bildopbau awer net ganz gelongen
Nicon07 11.09.2022 - 09:15
De Bildopbau ass wierkléch nit genial, do gin ech dir Recht. Mais am Pulk vun honnerten Touristen, déi iwwert déch a virun déch trëlle, wanns du stoe bleifs fir eng Foto, ass dat souwisou nit dran. Hätt eh Stiwwelen ugehaat, wier ech an d'Watt niewendru gaangen, mais mat Basketts ass dat éischter suboptimal. closed_eye

Ech wollt hei virun allem de Film weisen. Et muss jo nit ëmmer Ildak ocer Koford sin... bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 414 Gäscht online