Et ass zwar lo keen aussergewéinléch Villchen, mais dat verhënnert awer nit, datt een en op eng aussergewéinléch Art a Weis fotograféiere kann. Hei gefällt mir alles, d'Luucht, de Bokeh, d'Positioun am gëllene Schnëtt an och d'Weise vun der Mees an hirem natirléchen Ëmfeld.