Ass déi vun dësem Summer, also, vu läschter Woch? A wou ass dat doten dann am Wallis? Ass et wirkléch schon Hierscht do uewen un der Bamgrenz?
Ech sin da mol gespaant, mar de Mëtteg, wéi et um Gotthard ausgesäit. Do ass d'Wieder jo de Prévisiounen no, éischter duerchwues a fiicht. (Hoffentléch net zevill an nëmmen...)
Hoffentlech gesäit et de Moment nach net esou do aus, dat wär scho bal katastrophal. Nee, dës Opnahm ass Enn Oktober 2021 op enger Héicht vun 2400 Meter gemach gin, an zwar am Val des Dix / Lac des Dix
Dat berouegt méch awer elo. Zu Andermatt an Emgéigend war lo di läscht Woch Reen, wann d'Webcams vun do an Echtzäit iwwerdroen hun. Do misst also alles méi gring sin.